Drogekriminalitéit "Ee seriöe Problem"

Pro Joer géife beim Parquet 4.500 nei Dossiere wéinst Drogekriminalitéit opgemaach ginn: dës Zuel huet den CSV-Deputéierten Laurent Mosar de Moie genannt, no enger gemeinsamer Sitzung vun den zoustännege Chamberkommissiounen.

Serge Kesseler / cbi

Police Gare Lëtzebuerg 3
Foto: Archiv

Diskutéiert gouf do a Presenz vu Vertrieder vu Police Justiz virun allem iwwer d'Drogeproblematik an d'Drogekriminalitéit am Quartier Stater Gare. Den Deputéierte Laurent Mosar, deen och CSV-Schäffen an der Stad ass, huet vun engem "seriöe Problem" geschwat, deen net nëmmen e Problem vun der Justiz oder der Police wier, mee et misst ee sech och um Niveau vun der Gesondheet Gedanke maachen.

"Et ass net normal, datt mer hei permanent 3.000-4.000 Cliente fir Drogendealer hunn, och do [...] musse sech ganz seriö Gedanke gemaach ginn."

D'Regierung wier op villen Niveaue gefuerdert, seet de Laurent Mosar, net nëmmen um Niveau vun der Justiz a Police, mee och um Niveau vun der Immigratioun a vun der Santé, "an dat ass net den onwichtegste Punkt", esou den CSV-Deputéierten.

Méi Méiglechkeete fir d'Police

D'Situatioun op der Stater Gare, wat d'Drogekriminalitéit ugeet, hätt sech verschlëmmert, esou d'DP-Deputéiert a Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer no der Sitzung vun der Chamberkommissioun. Enn vum leschte Joer wieren 20 nei Poliziste bäikomm, wat gehollef hätt. "Déi musse bleiwen, déi mussen esouguer verstäerkt ginn", fënnt d'Lydie Polfer.

D'Police misst aner Mëttele kréien, an d'Legislatur misst verbessert ginn, fir datt besser intervenéiert ka ginn. Et géife Leit ginn, déi viru Geschäfter oder Wunnengsagäng leien, déi "net nëmmen do schlofen, mee och hir Besoine maachen", seet d'Lydie Polfer. Dat wiere richteg sanitär Problemer.

De Fernand Kartheiser schwätzt vu legislative Lacunnen. An der Chamberkommissioun wier gesot ginn, datt e groussen Deel vun den Dealer aus Frankräich oder aus der Belsch kommen an dann erëm zeréck géife fueren, "wat natierlech och d'Verfolgung relativ schwiereg mécht", esou den ADR-Deputéierten.

An der Chamberkommissioun wieren d'Deputéiert informéiert ginn, datt d'Dealer regional opgedeelt sinn, esou de Fernand Kartheiser. "Et sinn Nordafrikaner an Zentralafrikaner an et ass och confirméiert ginn de Moien, datt se dacks déi nigerianesch Nationalitéit hunn."

Ee gesellschaftleche Problem

De Minister François Bausch huet ugekënnegt, datt d'Verstäerkung vun der Police-Presenz am Garer Quartier soll bestoe bleiwen: dat eleng kéint awer net d'Léisung sinn. De Grondproblem wier e gesellschaftspolitesche Problem, esou de grénge Politiker.

D'Police stellt nom Covid-19-Confinement eng "Aggravatioun vun der Situatioun" fest: d'Situatioun wier änlech wéi virum Ausschaffe vun engem Aktiounsplang de leschten Oktober. Der grénger Justizministerin Sam Tanson no wier et e gesellschaftspolitesche Problem: Repressioun eleng géif net duer goen.

Méi zum Thema

Suchtberodung online DAM
Gesondheet

D'Jugend- an Drogenhëllef, Impuls an de Centre de Prévention des Toxicomanies hunn zesummen d'App Suchtberodung Online entwéckelt, an där een Infoen zum Drogekonsum kritt a mat engem Beroder a Kontakt komme kann.

Kokain
Drogen

No jorelaangem Réckgang gëtt nees méi Kokain konsuméiert, mellen d'Drogen-Opsiichten op nationalem, europäeschem a globalem Niveau. Ursaach wier méi eng héich Produktioun an eng verännert Nofro.

Women St Pierre.jpeg
Philippinnen

Mënscherechtler kritiséieren d'Methode vum President Rodrigo Duterte bei der Bekämpfung vum Drogeproblem. Hien geet op eng haart Aart a Weis géint d'Kriminalitéit fir an ëmgeet gesetzlech Prozeduren.

Drogen a Suen
Drogen & Justiz

Zënter dem 17. Januar 2017 steet en nigerianeschen Drogereseau viru Geriicht. Fir den Europäeschen Drogenobservatoire ass et ee ganz typesche Fall. De Prozess kéint awer ee lokalen Impakt hunn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen