Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The X - Sweet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee wootleche Grill

Hearingen am Europaparlament

Ee wootleche Grill

Et ass ee vun den Héichpunkte vun der Europäescher Demokratie. Éier eng nei Europäesch Kommissioun untrëtt, hëlt d'Europaparlament déi zukünfteg EU-Kommissären ënner d'Lupp. Wéi vill Muecht huet d'Parlament hei wierklech? A wéi gëtt dovu Gebrauch gemaach? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

Fänke mir mam Lëtzebuerger Kandidat Nicolas Schmit un - hie soll EU-Kommissär fir d'Aarbecht ginn. Hie war en Dënschdeg un der Rei an huet seng Prüfung kloer gepackt. Dat war keng richteg Iwwerraschung, oder?

Nee, domat war am Fong ze rechnen. Den Nicolas Schmit gëllt schonn eleng duerch säi CV als kompetent a soziale Froen, a virun allem och am Zesummenhank mat der EU-Politik. Do hat hien näischt ze fäerten.

Et gëtt Leit, déi fonnt hunn, datt hien hätt kënne méi konkret sinn a sengen Äntwerten - datt hien zum Beispill hätt kënne mat konkrete Propose fir nei Direktive kommen. Hie sot selwer dozou, hien hätt do net vill Spillraum. Säin Hearing huet am Fong, wéi all déi aner, virun allem eent gewisen. Déi zukünfteg Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet hir Equipe am Grëff.

Ursula von der Leyen huet d'Equipe am Grëff

Jiddweree bleift bei deem, wat en a senger Lettre de missioun virgeschriwwe krut (dat ass dee Bréif, deen d'Presidentin u jiddweree geschéckt huet an an deem seng Tâche beschriwwen ass). D'Kandidate-Kommissäre betounen natierlech, si géife voll hanner där Missioun stoen. Dat ass d'Reegel vum Spill, dat huet och den Nicolas Schmit esou gemaach. Do funktionéiert d'Corporate Identity vum Team von der Leyen.

Zwee Länner, Rumänien an Ungarn, musse jo nei Kandidate schécken, do huet d'Parlament scho virun den Hearinge keng gréng Luucht ginn. Bei den Auditioune selwer ass awer nach kee sou richteg duerchgefall - allerdéngs gouf et Noexamen. Wéi geet dat elo virun? Kënnen déi nach duerchfalen?

Et gouf effektiv zwee Problemkandidaten: de Pol Janusz Woychekowski an d'Franséisin Sylvie Goulard. Si hunn an den Hearingen d'Majoritéit vun den Deputéierten net direkt iwwerzeegt. Si mussen elo nach nodréiglech schrëftlech Froe beäntweren a vläicht nach eng Kéier an den Hearing.

Virun allem bei der Sylvie Goulard ass d'Situatioun op: Si steet ënner anerem an der Kritik well si, wéi si Europadeputéiert war, EU-Suen fir Mataarbechter a Frankräich ausginn hätt. A well si ganz vill Sue verdéngt huet an engem Niewenjob, als Consultante fir een amerikaneschen Think tank, wat iwwregens net illegal ass.

Si gouf wärend hirem Hearing wierklech an d'Mangel geholl. Obscho si allgemeng als kompetent fir hiren Job gëllt. Mee dorëms goung et do vläicht manner - de Fait, datt een hir d'Liewe sou schwéier mécht, ass méi op ee politescht Muechtspill zeréckzeféieren.

Mam Macron ass nach eng Rechnung op

D'Sylvie Goulard gehéiert jo zu de Liberalen. Vun deenen aneren zwee Kandidaten, déi nees heemgeschéckt goufen, war een aus dem Lager vun de Chrëschtdemokraten, déi aner ass eng Sozialistin. Béid Fraktioune kéinten also elo fannen, et misst och ee Liberalen dru gleewen. En plus gouf d'Sylvie Goulard vum Emmanuel Macron nominéiert, deem Mann, dee mat Haaptresponsabel dofir ass, dat kee vun deenen, déi als Spëtzekandidat an d'Europawahle goungen, um Enn Kommissiounspresident gouf.

Dat huet dem Parlament guer net gefall - an do ass nach eng Rechnung op.

Gëschter war den Hearing vum EU-Kommissär, dee sengem Titel no "eis Europäesch Aart a Weis ze liewen", protegéiere soll. Dat hat am Virfeld fir vill Diskussioune gesuergt - wéi waarm war dann do de Grill, wéi d'Deputéiert Froe gestallt hunn?

Éischter wootlech, géif ech soen - mee dat war éierlech gesot, ausser vläicht bei der Sylvie Goulard, bei all den Hearingen esou.

Dee griichesche Kandidat Margaritis Schinas huet den Donneschdeg de Message vu senger Cheffin Ursula von der Leyen bei sengem Titel ze bleiwen, onerbittlech verteidegt. Dat kann hien. Hie war bis elo Chefspriecher am Jean-Claude Juncker senger Kommissioun - an huet dat all Dag op de Pressekonferenze vun der Kommissioun bewisen - egal wéi eng Froe kommen.

Gëschter koumen der vill, vun Deputéierte vu verschiddene Partei, déi fannen, datt deen Numm net bei ee Kommissär, deen och fir d'Migratioun zoustänneg ass, passt. De Margaritis Schinas ass beim Argument vun der Ursula von der Leyen bliwwen. Deen Titel ass ganz anescht gemengt. Den "European way of life" ze protegéieren, heescht net, een auszeschléissen, mee de Contraire. Oppen ze sinn a fir europäesch Valeuren ze kämpfen. Hien ass do keen Zentimeter geréckelt an et gëtt bis elo keng Unzeechen, dat deen Numm soll geännert ginn.

An awer krut de Kandidat dono den OK vum Parlament, wéi et schéngt. Wéi ass dat dann ze erklären?

Effektiv huet sech gëschter Owend wuel eng Majoritéit vun de Coordinateuren an där Parlamentskommissioun dofir ausgeschwat, de Kandidat duerchkommen ze loossen - mat der Mentioun, datt den Numm soll geännert ginn. Ob dat dann allerdéngs nach vill bewierke wäert, ass net kloer.

Et geet net ëmmer ëm de Contenu

Dat Ganzt ass am Fong een Zeechen dofir, datt et hei dacks net nëmmen ëm de Contenu geet. Bei deenen Hearingen ass villes vu vir eran ofgeschwat. An do zielt virun allem och, wéi eng politesch Faarf de Kandidat huet.

Elo ee vun där stäerkster Fraktioun, der Europäescher Vollekspartei - also de Chrëschtdemokraten (zu hinne gehéiert de Margaritis Schinas) duerchfalen ze loossen, ass politesch schwéier - da wier et probabel, datt och nach ee vun de Sozialiste fält etc. Wéi scho gesot, dat Ganzt ass och ee Spill tëschent de politesche Parteien - an dofir bleift deemno de Grill och zimlech wootlech.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.