Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eege Mataarbechter fir d'Deputéierten

Chamber

Eege Mataarbechter fir d'Deputéierten

D'Chamber soll personell verstäerkt ginn an d'Deputéiert sollen eege Mataarbechter kréien, fuerdert de Marc Spautz. Dat wier wichteg, fir datt d'Deputéierten hiren Aufgabe besser nokomme kënnen.

auto_stories

4 min

Serge Kesseler: Op wéi eng Aart a Weis sollen der Chamber hir Servicer Äre Virstellungen no ausgebaut ginn? Wéi eng Profiller vun zousätzleche Mataarbechter schwiewen Iech vir, u wéi enge Spezialiste feelt et de Moment?

Marc Spautz: Ech wëll net soen, datt et onbedéngt u Spezialiste feelt. Mir mudden eis alleguerte vill ze vill zou. A verschiddene Kommissiounen, wou ganz vill Projete sinn, sinn een oder zwee Mataarbechter vun der Chamber do fir déi Aarbecht ze maachen, déi an där Kommissioun leeft. Plazeweis muss an de Kommissioune Verstäerkung kommen.

D'Relations internationales ass ëmmer méi wichteg. Dat ass net nëmmen d'Ëmsetzung vun Direktiven, mee dorënner falen och déi interparlamentaresch Versammlungen, de Staff muss insgesamt opgestockt ginn. Ech wëll net soen, datt iergendeng Qualifikatioun feelt, mee ech sinn der Meenung, datt méi Leit missten do si fir alleguerten deene Besoinen an der haiteger Zäit kënnen nozekommen.

Wann d'Regierung ëmmer méi e groussen administrativen Apparat gëtt, da muss ee jo och der Chamber d'Geleeënheet ginn, déi d'Regierung soll kontrolléieren, fir déi Aarbecht och ze maachen, an da brauch een och méi Leit dofir.

Wéi eng Gréisstenuerdnung vun zousätzleche Mataarbechter schwieft Iech vir um Niveau vun de Chamberfraktioune a fir déi eenzel Deputéierten?

Ech mengen, dat Ganzt muss aneneegräifen, dofir ass et fir mech ganz wichteg ze soen, datt ee souwuel d'Chamber ausbaut, wéi och de Fraktiounen aner Moyene gëtt fir dat Internationaalt wouer ze huelen. Wann ech kucken am Conseil de l'Europe, wat een net mam Europaparlament dierf vergläichen, do kréie mir zwee Mataarbechter mat, wa mir zu sechs Deputéiert ënnerwee si vun der Chamber.

Wann een dat kuckt bei deenen anere Länner, do sinn der och nach dobäi pro Fraktioun. Déi Leit, déi bei eis matginn, déi hu jo och eng Neutralitéit ze respektéieren, an do kann net deen een oder deen anere soen "Elo gees du mat a meng Fraktiounssëtzung", wat awer sécherlech wichteg ass, wann ee sech aktiv wëll abréngen. Dofir misst een do och kënne Mataarbechter vun der Fraktioun mathuelen.

Et misst een doriwwer nodenken: Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner op der Welt, wou den Deputéierte keng perséinlech Mataarbechter huet. Wann ee kuckt am Europaparlament, a Frankräich, Däitschland an der Belsch, do hunn d'Deputéiert Mataarbechter. Et muss een do e Package draus maachen: Entweder gëtt een den Deputéiert d'Méiglechkeet, individuell zeréckzegräifen, da brauch ee manner Leit bei de Fraktiounen oder am Parlament fir anzestellen, oder et seet een: Nee, dat mécht een net, mee da muss een d'Fraktiounen nach vill méi verstäerken, an da muss een och dem Parlament d'Méiglechkeet ginn, datt d'Deputéiert op alles dat kënnen zeréckgräifen, wat si brauche fir bei Direktiven, fir am interparlamentaresche Rot hirer Aufgab kënne gerecht ze ginn.

Aus wéi engem Grond lancéiert Dir Är Initiativ grad zu dësem Moment?

Ech mengen, datt et elo wichteg ass, nodeems d'Regierung jo op den éischte Januar iwwer 40 nei Poste geschafen huet an der Conseillèrescarrière, datt een domat direkt e Verglach kann zéien, an datt et elo de Moment ass, direkt am Ufank vun der Legislaturperiod, fir do d'Decisioun ze huelen an Akzenter ze setzen, datt een zum Beispill engem Deputéierten ee bis zwee Mataarbechter géif zougestoen, wou deen dann éischter een an der Universitärscarrière, an deen aneren éischter an der administrativer Carrière astellt, fir datt den Deputéierten och do déi Aarbechte gemaach ka kréien, wéi dat an den anere Länner üblech ass.

Wann een am Europaparlament kuckt: dräi bis véier Leit pro Deputéierten, däitsche Bundestag, fënnef bis sechs Leit pro Deputéierten: dat brauch een net. Mee et wier op alle Fall wichteg, datt och d'Deputéiert en individuelle Mataarbechter hätten an och een, deen d'Sekretariat géif féiere fir all déi Aufgaben ze maachen, déi jo ëmmer méi ginn, a wou et och wichteg ass, datt een d'Moyenen huet, d'Regierung esou ze kontrolléieren, wéi dat an enger Demokratie Usus ass.

Wéi gesäit et aus mat der Finanzéierung vun dësen zousätzleche Leit, wa si da kommen? Hutt Dir do schonn eng Héichrechnung gemaach, wat dat finanziell géif mat sech bréngen?

Dat hänkt ëmmer dovun of, ob ee géif soe jiddweree kritt een oder zwee Leit, da géif dat net méi bedeiten, wat et elo bedeit fir de Staat, bei deem iwwer 46 Poste bäikomm sinn an der Conseillèrescarrière, da wäert déi Envergure plus ou moins déi selwecht bleiwen. An ech mengen, wann et d'Aufgab ass, d'Regierung ze kontrolléieren, dann dierf dat, wat fir d'Regierung normal ass, och bei der Chamber net einfach an den Eck gestallt ginn.