Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Extremely Bad Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eege Reliounscourse vum Bistum

Reliounsunterrecht

Eege Reliounscourse vum Bistum

Well de Reliounsunterrecht an de Grondschoulen ofgeschaaft gouf, organiséiert de Bistum elo eege Coursen. Déi sougenannt "Catechèse" baussent de Schoulen z'organiséiere wier eng Erausfuerderung.

auto_stories

3 min

Den Drock fir déi sougenannt "Catechèse" an de Paren z'organiséiere wier méi kleng gewiescht, wéi et nach Reliounscoursen an der Grondschoul gouf, seet de Patrick De Rond, Responsabele fir d'Catechèse beim Bistum.

"Well do schonn ee gudde Contingent vu Wëssen ronderëm Relioun ofgedeckt ass. A wou d'Pare sech och zu engem Deel op d'Sakramente-Preparatioun fokusséiert hunn. Mä dat Uleies fir Catechèse an de Paren unzebidden ass een Uroptrag vun der kathoulescher Kierch. An deem Sënn hu mir elo eben op der enger Säit den Drock, awer och den Defi, fir dat an de Paren nei ze verankeren."

Dräi Parcoursen

D'Coursë géifen net an enger schoulescher Approche ofgehale ginn. An anere Wieder: D'Schüler ginn net op dat getest, wat si geléiert hunn. Fir déi inhaltlech Ausriichtung géif kee fäerdegt Material benotzt ginn, seet de Patrick De Rond. D'Formatiounshaus vum Bistum hätt ee Kaderprogramm ausgeschafft, deen op de bibleschen Texter baséiert. D'Course géife virun allem op Lëtzebuergesch gehale ginn, an dat an dräi Parcoursen.

  • cycle 2.1
  • cycle 2.2 an 3.1
  • cycle 3.2, 4.1 a 4.2

Donieft géif et eng Offer fir Kanner ënner sechs Joer a fir Jugendlecher ginn, esou de Patrick De Rond.

Horaire

D'Richtlinne vum Bistum gesi vir, datt d'Coursen all Kéier annerhallef Stonn daueren an zwee mol de Mount offréiert solle ginn. D'Schüler hunn also manner Reliouns-Stonnen d'Woch, wéi dat am fréiere Reliounsunterrecht an der Grondschoul de Fall war. De Bistum hätt wëllen eng "realistesch Richtlinn" uginn, esou de Patrick De Rond. "Fir datt d'Paren à même sinn dat z'organiséieren."

Et kéint een net déi selwecht Wëssensvermëttelung an den eegene Reliounscourse leeschten, wéi an der Schoul, seet de Responsabele fir d'Catechèse beim Bistum.

Méi fräiwëlleg Enseignanten?

D'Coursë gi vun de Pastoral-Equippen a vu Fräiwëllegen an den 33 Paren am Land gehalen. Dobäi kommen déi ronn 40 Reliounsposten, déi vum Bistum finanzéiert ginn. Dat am Kader vun der Konventioun tëscht Kierch a Staat. Dës Poste wäerten awer net erneiert ginn.

"Dat heescht, wann do Leit an d'Pensioun ginn oder ophalen, musse mir souwisou dee ganze Beräich vun der Catechèse ëmmer méi mat engagéierte Chrëschten a Chrëschtinnen assuréieren."

Fir un de Coursen deelzehuelen, mussen d'Schüler ee Betrag vu 15 Euro pro Joer bezuelen. Doduerch wéilt een d'Participanten fideliséieren an d'Material finanzéieren. Dat géif awer net all d'Käschte couvréieren, seet de Patrick De Rond. "D'Kierch selwer investéiert och doranner."

Richtlinne fir d'éischt Kommunioun?

Fir d'Kommioun kënnen ze maache wier keng Stonnenzuel festgeluecht. Bis elo hunn d'Schüler d'Kommunioun am drëtte Schouljoer gemaach. Wéini d'Schüler d'Kommioun maache soll keng Entscheedung no festgeluechte Critère sinn.

"Wou ee seet 'Dat doten hu mir elo ofgehaakt'. Mä, datt een och selwer a sengem Uerteelsverméigen als Famill, déi jo d'Kanner och begleeden, dozou kënnt 'jo, eist Kand ass elo prett'."

Wéi vill Kanner den Ament an de Reliounscourse vum Bistum ageschriwwe sinn, ass nach net gewosst. De Patrick De Rond geet awer dovun aus, datt ongeféier ee Fënneftel vun de Schüler, déi an d'Coursë kéinte goen, sech och aschreiwe wäerten.