Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Robert Wyatt - The Age Of Self

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eescht Problemer bei Lëtzebuerger Militärsatellit

Äerdobservatiounssatellit Luxeosys

Eescht Problemer bei Lëtzebuerger Militärsatellit

Beim Projet vum Äerdobservatiounssatellit fir d'Lëtzebuerger Defense goufen et Dysfonctionnementer an der Konzeptioun, der Gestioun an dem Finanzement. Dat geet aus engem Rapport vun der Audit- a Consultingfirma PWC ervir, deen de Verdeedegungsministère an Optrag ginn huet, an deen dem radio 100,7 virläit. Datt de Projet 350 Milliounen Euro kaschte kéint, also duebel esou deier wéi am Gesetz virgesinn, gëtt op eng problematesch Entstehungsgeschicht vum Projet zeréckgeféiert: E Satellit, vun enger privater Firma proposéiert, déi selwer um Projet bedeelegt gouf, awer staatlech finanzéiert, ouni datt de Projet vum Ministère duerchduercht gi wier.

auto_stories

12 min

Am Resumé

Enn Juli 2018 huet d'Chamber fir en Äerdobservatiounssatellit e maximale Budget vun 170 Milliounen Euro gestëmmt. Dat sollt all inclusive si, fir zéng Joer, fir de Bau, d'Exploitatioun vum Satellit an d'Gestioun vun den Donnéeën. Mee datt déi Suen net emol géingen duergoe fir en Deel vun der Buedemstatioun ze bauen, an och net fir de Satellit ze steieren oder ze bedreiwen, huet sech scho virum Vott vum Gesetzesprojet an enger Vir-Etüd ugedeit, an et war dem PWC-Rapport no spéitstens zwee Méint méi spéit kloer. An zwar wéi de Kontrakt ënnerschriwwe gouf, zwou Woche virun de Chamberwale vum 14. Oktober 2018. Trotzdeem gouf weider um Projet geschafft ouni d'Parlament iwwer Ännerungen ze informéieren.

Haut kann d'Regierung de Projet net méi ofbriechen, ouni 170 Milliounen Euro ze verléieren, well de Staat net méi aus dem Kontrakt erauskënnt.

Also mussen elo Decisioune geholl ginn: Gëtt de Projet bäibehalen, muss en zousätzleche staatleche Finanzement accordéiert ginn. Et muss och decidéiert gi fir wéi eng Zwecker de Satellit genee soll agesat ginn, soss gëtt et Retard an nees Méikäschten, esou PWC. D'Firma, déi de Satellit baut, krut den Optrag ouni formal Ausschreiwung. Ob d'Prozedur legal war, ass net kloer.

De grénge Verteidegungsminister François Bausch hat d'Chamber am Mäerz dëst Joer iwwer Problemer beim Projet informéiert. Am 100,7-Interview hat hie vu "Feeler" geschwat, déi ënner sengem Virgänger Etienne Schneider (LSAP) geschitt wieren. D'Detailer vun den Dysfonctionnementer ware bis elo net ëffentlech a sinn och net vun den Deputéiert ëffentlech opgeworf ginn.

D'Originne vum Projet: Hitec mécht Dieren op

D'Initiativ fir de Satellit goung dem PWC-Rapport no vum Privatsecteur aus. Am September 2016 hätt déi Lëtzebuerger Firma Hitec mam Wirtschaftsministère Kontakt opgeholl fir d'Konzept vun engem Äerdobservatiouns-System virzestellen.

D'Konzept koum vun der italienescher Weltraum-Technologie-Firma OHB-Italia - fir déi Hitec als Fournisseur schafft. Generaldirekter an Aktionär vun Hitec ass den Yves Elsen, deen och President vun der Uni Lëtzebuerg ass. Hie confirméiert op Nofro hin, datt Hitec fir de Projet déi zwou Antenne fir d'Buedemsegment liwwert. Als Sous-Traitant vun OHB-I.

Och Luxspace sàrl (d'selwecht wéi OHB-I eng Duechtergesellschaft vum europäesche Weltraumtechnologie-Konzern OHB) sollt um Projet bedeelegt ginn.

Vum Wirtschaftsministère gëtt OHB-I nom Rendez-vous am September 2016 bei d'Defénse geschéckt: Also vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) bei de Verteidegungsminister Etienne Schneider.

Ee Projet vun OHB-I ... fir OHB-I

Am Januar 2017 gëtt d'Firma vun der Direction de la Défense empfaangen. An de Méint duerno gëtt de Projet konkretiséiert, an enker Zesummenaarbecht mat OHB-I. Aarbechtstitel deemools, wéi vun OHB-I proposéiert: National Advanced Optical System (NAOS). (Mëttlerweil gouf de Projet a Luxembourg Earth Observation System (LUXEOSys) ëmgedeeft.)

Am Juli 2018 gëtt d'Finanzéierungsgesetz gestëmmt, am September 2018 - gutt zwou Woche virun de Chamberwalen - kritt OHB-I effektiv een Optrag am Ëmfang vu ronn 170 Milliounen Euro, fir de Bau vun engem Äerdobservatiounssatellit a vun engem Buedemsegment mat zwou Antennen.

Et louchen also manner wéi zwee Joer tëschent dem éischte Kontakt an der Signature vun engem Kafkontrakt. Wéi PWC ervirsträicht, ass eleng den Zäitplang äusserst ongewéinlech bei der Envergure, der Komplexitéit, de Risiken an de Käschte vun esou engem Projet.

An der Défense wier offiziell just eng Persoun mam Suivi vum Projet beoptraagt gewiescht, et wiere kaum strukturéiert Decisiounsweeër ginn an eng mangelhaft Dokumentatioun, esou PWC.

Déi iwwerstierzten a chaotesch Gestioun vum Projet huet eng Rei déifgräifend Problemer mat sech bruecht, an der Haaptsaach:

  1. Bei der Vergab vum Optrag
  2. Beim Finanzement
  3. Bei der praktescher Ëmsetzung vum Projet

Vergab vum Optrag: Séier an ongewéinlech

An der Prozedur gouf et op kruziale Punkte keng ëffentlech Ausschreiwungen, stellt PWC fest.

Ugefaange mat der "Vir-Etüd", fir déi OHB-I den 1. Dezember 2017 den Optrag kritt. Dës Etüd soll den Design, d'Conceptioun an d'Exigencë vum System preziséieren. Käschtepunkt: 750.000 Euro.

Fir laanscht ee Marché Public ze kommen, baséiert d'Direction de la Défense sech op eng Ausnamereegelung aus dem Marché-Publics-Gesetz fir d'Défense vun 2012 (Art. 28, wann et ëm verschidde Servicer an der Recherche an Entwécklung geet).

Ufanks ass geplangt, fir fir de Rescht guer keng Ausschreiwung méi ze maachen an de Projet direkt un OHB-I ze verginn. Am Juni 2018 gëtt trotzdeem ee "Request for Information" lancéiert. D'Direction de la Défense hätt domadder versicht OHB-I dozou ze beweegen, mam Präis erofzegoen, esou PWC. Dat ass net gelongen, well d'Offere vun der Konkurrenz signifikant méi deier waren. Ee vun de Konkurrente war eisen Informatiounen no dee gréissten europäesche Loft- a Raumfahrtkonzern Airbus.

Zil vun enger RFI-Prozedur ass et normalerweis, datt interesséiert Betriber hir technesch Solutiounen an eng graff Estimatioun vum Budget kënne proposéieren. Dat soll dem Keefer erlabe säi Projet ze preziséieren: "Un RFI ne constitue en principe ni une consultation formelle, ni un appel d'offres, et n'est donc pas à priori destiné à servir de base à l'établissement d'engagements contractuels.", heescht et am Rapport.

Nom "RFI" gouf et keng formell Consultatioun méi, an et war déi eenzeg Basis fir de Choix vum Prestataire, esou PWC. Ob domadder d'Gesetz vun 2012 iwwer d'Marchés Publics an der Défense trotzdeem respektéiert gouf, geet net aus dem PWC-Rapport ervir.

OHB-I gouf bevirdeelegt

Den Oflaf vum "Request for Information" geheit weider Froen op.

D'Betriber krute just sechs Wochen Zäit fir ze äntwerten, amplaz vun den PWC no üblechen dräi bis sechs Méint. An déi interesséiert Betriber haten net den Accès zu den nämmlechten Informatiounen. D'Dokument mat de funktionellen Ufuerderunge vum Projet - op Basis vun deem d'Betriber hir Offere sollte maachen - war däitlech manner detailléiert wéi d'Vir-Etüd vun OHB-I.

PWC kënnt zur Conclusioun: "Dès lors, une des sociétés prenant part au RFI a bénéficié de fait d'un avantage substantiel sur ses concurrents."

D'Berodungsfirma betount op der nämmlechter Säit vum Rapport an engem Encadré: "Nos commentaires ci-avant sont basés sur les bonnes pratiques et ne portent pas de jugement sur la légalité de la procédure d'attribution".

De Verzicht op ee formellen Appel d'Offres gouf ënner anerem mam Verweis op "Zäitcontraintë" justifiéiert, esou PWC. Ouni ze preziséieren, wat domadder genee gemengt ass.

Eng zäitlech Contrainte, déi et aus Siicht vum deemolege Verteidegungsminister kéint ginn hunn, ass de Waltermin vum 14. Oktober 2018. Mee op eis Nofro hi wollt den Etienne Schneider sech zu kengem Aspekt vum Theema äusseren. Dëst mat der Begrënnung, datt hie keen Abléck méi an den Dossier hätt.

Ee Budget, deen net opgeet

Nach éier eng Etüd gemaach gouf iwwer déi technesch Detailer vun dësem komplexe Projet, huet d'Direction de la Défense am November 2017 de Käschtepunkt vum Projet op 170 Milliounen Euro chiffréiert. Dëst sollt ee maximale Montant sinn, deen d'Gesamtkäschte géif decken.

Wéi aus dem PWC-Rapport ervirgeet, huet d'Défense sech fir dëse Budget quasi exklusiv op Estimatioune vun OHB-I baséiert. Eng Firma, déi op de Bau vu Satellitte spezialiséiert ass an net op d'Gestioun an d'Exploitatioun vun engem Äerdobservatiouns-Programm. Deemno waren essentiell Deeler vum Projet ënnerentwéckelt oder onrealistesch, och wat de Finanzbedarf ugeet. Den operationelle Volet gouf op héchstens 17 Milliounen Euro geschat. Mee een Datenzentrum, eng sécher Informatik, d'Maintenance, funktionell Buedem-Antennen, d'Versécherung vu Risiken, oder de reelle Bedarf u qualifizéiertem Personal feele bei de Berechnungen. PWC no kaschten dës an aner Elementer, déi an de Pläng gefeelt hunn, awer bis zu 180 Milliounen Euro.

Finanzéierungsproblem war bekannt

Schonn am Mee 2018 - also dräi Méint éier d'Finanzéierungsgesetz a Kraaft trëtt - war kloer, datt d'Budgetsplanung net realistesch war, esou PWC: "En effet, au stade de la pré-étude, la proposition informelle d'OHB-I pour l'acquisition seule consommait la quasi-totalité de la Loi de Financement".

D'Ëffentlechkeet war doriwwer awer net informéiert ginn: Am Gesetzesprojet, deen den 19. Mäerz 2018 deposéiert gouf, war kloer vermierkt, datt déi 170 Milliounen Euro ee Maximalbetrag wieren, fir d'Acquisitioun an de Lancement vum Satellit, grad wéi seng Exploitatioun wärend bis zu zéng Joer. De Rapporter vum Gesetzesprojet, den LSAP-Deputéierte Marc Angel huet dat virum Vott an der Chamber och nach emol ënnerstrach:

"De Projet de loi autoriséiert also e finanziellt Engagement vum Staat, dat plafonéiert ass op 170 Milliounen iwwer eng Period vu 14 Joer. An an däer Zomm vun 170 Millioune sinn och d'Frais de gestion an och d'Margen abegraff. An déi Ausgabe do sinn à charge vum Fonds d'équipement militaire."

Déi soss obligatoresch Fiche financière huet am Gesetzesprojet gefeelt, amplaz huet et geheescht: "Vu les négociations contractuelles en cours, la fiche financière est confidentielle." Dat huet awer net fir weider Diskussioune gesuergt, just de Staatsrot hat dësen Ëmstand a sengem Avis "bedauert".

Virun de Chamberwalen: Kontrakt signéiert

D'Gesetz gouf de 24. Juli 2018 - an der leschter Sëtzung virun der Summerpaus - gestëmmt: No 30 Minutten Debatt an der Plenière an enger minimalistescher Preparatioun an der zoustänneger Chamberkommissioun. Nieft der blo-rout-grénger Majoritéit hunn och d'CSV an d'ADR derfir gestëmmt. déi Lénk hu géint de Projet gestëmmt, mam Argument si wiere géint eng Hausse vun de Militärausgaben am Kader vum NATO-Engagement.

Datt d'Käschtenaschätzung net realistesch war, gouf den 28. September 2018 offiziell aktéiert, bei der Signature vum Kontrakt mat OHB-I. Eleng fir de Bau vum Satellit a vum Buedemsegment (dat awer net esou ka realiséiert ginn, wéi geplangt) soll d'Firma 168 Milliounen Euro kréien. Fir d'Exploitatioun, d'Maintenance a aner relevant technesch Ekipementer war also vun dësem Moment u kee Budget méi iwwereg.

Wéi koum et zum PWC-Rapport?

De 14. Oktober 2018 si Chamberwalen, an den Etienne Schneider gëtt doropshin den Défense-Ressort un de grénge Minister François Bausch of. Dee léisst am Summer 2019 vum internationalen Affekotecabinet Clifford Chance iwwerpréiwen, ob een aus dem Kontrakt mat OHB-I nees eraus kéint kommen - wat wéinst de schonn engagéierte Montanten an den héije Penalitéite keng attraktiv Optioun ze si schéngt.

Am August 2019 gëtt PWC an d'Boot geholl fir de Projet genee ze analyséieren an no Léisungen ze sichen. Déi Analys gouf tëschent November 2019 a Februar 2020 realiséiert. Mat der Conclusioun: Den eigentleche Finanzéierungsbedarf läit bei méi wéi dem duebele vun der accordéierter Zomm, nämlech ronn 350 Milliounen Euro - an och déi Estimatioun géif net all Risike Rechnung droen. Mat där Zomm kéinten zwee bis dräi Lycéeë gebaut ginn.

De 27. Mäerz 2020 huet de Minister Bausch e Gesetzesprojet deposéiert fir de staatleche Finanzement vun 170 Milliounen op 350 Milliounen Euro ze vergréisseren. Am Exposé des Motifs gëtt erkläert: "Une récente revue du programme a démontré que, par manque de temps et de ressources au moment de l'élaboration du projet de loi initial, la Défense ne disposait pas de suffisamment d'informations quant au programme dans son ensemble". De PWC-Rapport geet vill méi an den Detail a werft vill nei Froen op iwwer d'Manéier, wéi de Staat an d'Politik un de Projet vun engem staatlech finanzéierte Militärsatellit erugaange sinn.

Limitéiert Machbarkeet

PWC no war de Projet vun Ufank un ënnerdeveloppéiert: D'Vir-Etüd war déi eenzeg Faisabilitéits-Etüd, déi gemaach gouf, mee si hätt "Schlësseleelementer" net gekläert.

Net realistesch oder praktikabel waren notamment dës Pläng, déi wéi et schéngt net am Detail op hir Ëmsetzbarkeet iwwerpréift goufen:

  • D'Buedemantenne sollten um Härebierg installéiert ginn
  • LuxGovSat sollt d'Steierung vum Satellit fir 1,5 Milliounen Euro d'Joer iwwerhuelen
  • D'Gestioun vun engem Datacenter an den Demandë fir d'Mise à disposition vun de Biller sollt vun der Arméi iwwerholl ginn

Eng Maintenance, fir datt de ganze System operationell bleift, war guer net virgesinn.

Eng opwändeg Rettungsaktioun

Entretemps ass PWC no awer kloer, datt:

  • d'Buedem-Antennen net um Härebier kënnen installéiert ginn, mee elo amplaz am belsche Redu solle stoen. Dat bedeit, datt elo eng sécher Kommunikatiounslinn op Lëtzebuerg muss bestoen, fir d'Gestioun vum Projet hei am Land ze assuréieren. De Kontrakt mat OHB-I soll ugepasst ginn, well d'Architektur vum Buedemsegment komplett iwwerschafft muss ginn. Mee als éischt misst ënner anerem nach tranchéiert ginn, wéi enge Sécherheetsstandarden notamment den Datacenter soll entspriechen.
  • d'Arméi net d'Capacitéite huet, fir de Satellitebild-Servicezentrum ze operéieren.
  • LuxGovSat net déi technesch Kompetenze huet, fir d'Steierung vum Satellit ze assuréieren.

Fir d'Exploitatioun vum System misst PWC no ee private Partner gesicht ginn.

Zäitdrock a weider Onsécherheeten

OHB-I hätt duerchaus d'Capacitéite fir dësen Äerdobservatiounssatellit ze bauen, heescht et am PWC-Rapport. Par konter wier net kloer, ob d'Firma aktuell dat adequat Personal um Projet schaffen huet.

Elo géif eng kritesch Phas ufänken, well d'Zesummespill vun den eenzelen Elementer vum Satellit (d'Propulsioun, d'Kamera, d'Buedemsegment) extrem delikat wier a genee misst ofgestëmmt ginn.

Dat ass schwiereg, well vill technesch Detailer an Exigenzen nach ëmmer net gekläert sinn:

"Il semble dès lors opportun de centraliser et expliciter les exigences dans un registre pour s'assurer de la compréhension commune entre la Direction de la Défense et OHB-I. Le concept d'emploi rédigé dans les derniers mois par la Direction de la Défense semble être le document le plus à jour permettant de détailler ces exigences."

Den Zäitdrock ass grouss: Bis Juli missten all déi technesch Froe gekläert sinn, a spéitstens am September eng Rallonge vum Budget gestëmmt sinn, well de Projet soss Retard kréich, wat och nees Käschte mat sech bréngt (zum Beispill, well de Rendez-vous fir de Lancement misst geréckelt ginn).

Wat soll de Satellit observéieren?

Och eng prezis Virstellung vun der Notzung vum Satellit a potentielle "Clienten" soll elo eréischt entwéckelt ginn. An engem weideren Dokument vu PWC, dat op den Abrëll 2020 datéiert ass, gëtt eng strukturéiert Demarche proposéiert: Deemno sollt ënner anerem via ee Questionnaire un d'Lëtzebuerger Arméi, d'NATO, den europäesche Satellitenzentrum DatCen, Frontex, de belschen an italieneschen Défenseministère, "Think Tanks" an aner Acteuren ee Konzept validéiert ginn.

Genannt gi bei de méiglechen Applikatioune militäresch an zivil Zwecker, vun "on-field military operations", iwwer Terrorismusbekämpfung a Grenziwwerwaachung, bis zu humanitärer Hëllef.

Wéi geet et elo weider?

PWC an eng juristesch Berodungsfirma, NautaDuthil, begleeden de Ministère elo dobäi, fir de Suivi vum Projet ze professionaliséieren.

Chef vum Projet ass den héije Beamten Gilles Feith, deen de Ministère awer an zwou Woche verléisst, well hien am Juni neien Direkter vun der Luxair gëtt. Seng Successioun soll d'Nina Garcia iwwerhuelen. D'Juristin ass zanter 2013 am Verteidegungsministère a war am Abrëll 2018 mat an d'aussepolitesch Chamberkommissioun, wou d'Deputéiert de Projet presentéiert kruten. Iwwer hir spéider Implicatioun an de Projet geet am PWC-Rapport net rieds.

Bis elo huet de Staat 76 Milliounen Euro fir d'Conceptioun an d'Commanden ausginn, heescht et am PWC-Rapport. Mee wéinst schonn engagéierte Montanten an de Penalitéiten, géif de Käschtepunkt vun enger Annulatioun vum Projet beim ufanks geplangte Budget vu ronn 170 Milliounen Euro leien, krut d'Budgetskontrollkommissioun vum Minister erkläert. An deem Fäll hätt een all dës Suen ausginn ouni duerno een Äerdobservatiounssatellit ze hunn.

Chamber an der Verantwortung

D'Budgetskontrollkommissioun krut de PWC-Rapport den 30. Mäerz 2020 virgeluecht. Elo muss d'Chamber decidéieren, wéi et weidergeet.

D'Chamber muss ënner anerem iwwer dee vum Verteidegungsminister Bausch deposéierte Gesetzesprojet ofstëmmen, deen en zousätzleche Budget vun 180 Milliounen Euro virgesäit.

De Verteidegungsminister François Bausch huet dëst Joer och fir en anere Militärprojet eng substantiell Budgetshausse gefrot. Fir d'Participatioun um Multi-Role-Tanker-Transport vun der NATO wëllt d'Défense am Ganze bis zu 600 Milliounen Euro op 30 Joer ausginn, amplaz vun 172 Milliounen Euro, déi vun der Chamber viru véier Joer autoriséiert goufen. Déi Ausbaben, grad wéi déi fir de Militärsatellit Luxeosys, ginn als Nato-Ausgaben ugerechent. Lëtzebuerg huet sech engagéiert, déi Depensen an d'Luucht ze schrauwen.