Radioen

On air

Tockcity  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eidel Wunnengen: leerstandsmelder.lu gouf relancéiert

Chamberwahlen 2018

Eidel Wunnengen: leerstandsmelder.lu gouf relancéiert

Virun de Chamberwahle gouf de sougenannte Leerstandsmelder reaktivéiert. D'Leit ginn do opgeruff, Wunnengen an Haiser, déi eidel stinn, um Site leerstandsmelder.lu ze mellen. De Leerstandsmelder war scho viru véier Joer lancéiert ginn. Mee e war politesch onerwënscht, an d'Initiateure krute vu Politiker gesot: "Mir këmmeren eis ëm déi eidel Wunnengen, ënner der Konditioun, datt de Leerstandsmelder offline geet". Véier Joer drop wier awer näischt geschitt, an dofir gouf d'Initiativ kuerz virun de Chamberwahle relancéiert. De Pierre Reyland huet mam Responsabelen, David Kieffer, geschwat.

auto_stories

4 min

David Kieffer

David Kieffer: Leerstandsmelder ass eng Website, op där d'Leit eidelstoend Gebaier melle kënnen, souwuel privater, wéi och staatlecher. Si kënnen eng Adress a weider Informatiounen uginn, zum Beispill wann et ee Problem mat enger Baugeneemegung gëtt oder wa si wëssen, datt et e Spekulatiounsobjet ass.

Mir sammelen déi Informatiounen iwwer Leerstand a kënnen doduerch de Problem méi genee beschreiwen.
Pierre Reyland: Dir hutt dëse Projet jo eigentlech iwwerholl, wie stécht dohannert?
Ech an e Grupp jonk Lëtzebuerger, déi der Meenung sinn, datt net genuch geschitt, fir de Leerstand ze bekämpfen. Grad bei den aktuelle Präisser muss all Méiglechkeet ausgeschöpft ginn, fir déi Kris e bëssen ofzedämpfen a Leerstand ze notzen.
Et sollt ee fir d'éischt emol de Leerstand bekämpfen, amplaz rise Projeten aus dem Näischt wëllen ze zéien, déi dann dono net sou séier kënnen ëmgesat ginn, wéi geduecht.
Firwat hu Dir decidéiert fir de Leerstandsmelder ze reaktivéieren?
2014 war d'Säit relativ séier offline gaangen, well d'Politik gesot huet, datt d'Konzept net erwënscht wier, an datt et aner Weeër géif ginn, fir de Leerstand an Ugrëff ze huelen. Et sinn och implizit Verspriechunge gemaach ginn. Véier Joer méi spéit gesi mir, datt an déi Richtung net vill geschitt ass.
Kënnt Dir och mat Gemenge schaffen? Déi hu jo Informatiounen an Daten iwwer Wunnengen, déi eidel stinn.
Dat wier wënschenswäert, mee Gemenge sinn an där Hisiicht net immens kooperativ. Déi kéinte ganz liicht déi Statistike maachen, déi mir eis leider erschaffe mussen, mat Hëllef vun der Crowd, vun de Leit, déi matmaachen. Mee fir eng Gemeng wier et wierklech net schwéier, fir erauszefannen, wat eidel steet.
Wa keng Poubelle muss eidel gemaach ginn, a kee Waasser verbraucht gëtt, da steet een Haus eidel. Ech huelen un, dat wiere vläicht een oder zwee Schaffdeeg, da wéisst ee ganz genee an de Gemengen, wéi eng Gebaier eidel stinn an da kéint ee sech dru maachen, ze kucke firwat dat de Fall ass, an da kann een och nees kucken, fir dee Wunnraum fir d'Allgemengheet accessibel ze maachen.
Hu Dir scho konkret Beispiller?
Zemools an der Stad Lëtzebuerg hu mir gefuerscht a gekuckt, wat eidel steet. Mir hunn och mat Leit geschwat an du gesinn, datt et eng considerabel Unzuel un Objeten ass. Wann een eleng schonn an engem Quartier kuckt. All Mënsch fält dat eent oder anert Haus an. Mir wëllen einfach méi Informatiounen dozou generéieren. Déi Informatioune sinn net do, de Staat an d'Gemenge wëlle se net stellen, also ass et un de Bierger fir eppes ze ënnerhuelen, fir datt eppes geschitt.
Wann elo Privatleit hiert eidelt Haus oder hir Wunneng bei Iech um Site gesinn, da kéint et sinn, datt déi sech perséinlech ugegraff fillen ...
Jo, dat ka sinn. Ech muss dozou awer soen, datt keng Nimm vu Proprietäre genannt ginn. Mir weise just Fotoe vum Gebai, fir datt d'Leit sech eppes drënner virstelle kënnen. Mir nennen och nach d'Adress, mee dat sinn alles ëffentlech zougänglech Informatiounen. Mir wëllen och wëssen, firwat een Objet eidel steet. D'Leit kënnen um Site kommentéieren, de Proprietär ka sech och äusseren an eng Erklärung ofginn. A wann dat esou an engem Dialog geschitt, da kann een dono och wierklech Ursaachefuerschung maachen an erausfannen, wat schlussendlech d'Grënn hanner dem Leerstand sinn.
Dir hat virdru gesot, datt deemools de Leerstandsmelder vun der Politik net erwënscht gewiescht wier. Wéi ass dat elo? Sinn d'Politiker sech bewosst, datt deen elo reaktivéiert gouf a krut Dir elo nees Informatiounen?
Déi wäerten dat elo gewuer ginn, an da sinn ech gespaant, wat si dozou soen. Rechtlech gesi gëtt et kee Problem. Ech sinn op all Zort vu Feedback gespaant, oder ob si wäerte versiche sech dolaanscht ze drécken a sech net musse mat der Thematik ze befaassen.