Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert: "Eis Ambitioun ass et, bis am Summer prett ze sinn"

EU-COVID-ZERTIFIKAT

Paulette Lenert: "Eis Ambitioun ass et, bis am Summer prett ze sinn"

Zil vun der Lëtzebuerger Regierung ass et, den Zertifikat anzeféieren, sou bal d'EU-Reglement fäerdeg ass, seet d'Gesondheetsministerin. Am 100komma7-Interview gëtt d'Paulette Lenert Detailer iwwer deen neien digitalen Noweis, dee fir d'ganz EU gëlle soll. D'Europaparlament stëmmt haut doriwwer of.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Bis spéitstens Enn Juni soll e prett sinn, den digitale Covid-Zertifikat. Zu Lëtzebuerg gëtt intensiv dru geschafft, Zil wier et, den neien Zertifikat anzeféieren, sou bal dat Europäescht Reglement um Dësch läit, seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

D'EU hätt sech een ambitiéist Zil gesat an zu Lëtzebuerg géife verschidden Ekippen dru schaffen, mat Zäite prett ze sinn:

"Eist Zil ass et bis am Summer prett ze sinn. Lëtzebuerg ass am Grupp vun den EU-Länner, déi scho ganz avancéiert sinn".

Dräi verschidde QR-Coden

An der Praxis wäert et zu Lëtzebuerg dräi verschidden Zertifikaen an der Form vu QR-Code ginn. Op all Certificat vun enger Covid-Impfung, engem negative Covid-Test oder engem "Certificat de rétablissement" soll an Zukunft ee Code-Barre bäigesat ginn.

Um Lëtzebuerger Impfzertifikat, deen ee schonn elo kritt, wann ee géint Covid geimpft gëtt, misst näischt geännert ginn, well dorop schonn déi néideg Informatioune wéi den Datum vun der Impfung an d'Zort vum Impfstoff stinn.

Dobäi kéim an Zukunft ee Code-Barre, deen iwwer eng App an all EU-Land ka gelies ginn. Esou kriten auslännesch Autoritéiten déi néideg Informatiounen. "Et geet drëm, datt all EU-Land dee nämmlechte fälschungsséchere Code huet", sou d'Paulette Lenert. Dës Zertifikae sollen dann iwwerall an der EU gëllen.

Et ass ee sech driwwer eens ginn, wéi eng Tester géigesäiteg unerkannt ginn. "Et gouf eng Lëscht festgehalen. Als Impfstoffer gi just déi unerkannt, déi och an der EU zougelooss sinn."

De "Certificat de rétablissement" ass een Noweis dofir, datt een sech mam Corona-Virus infizéiert hat an nees gesond ass. Ufroe kann een deen Zertifikat fréistens 11 Deeg no engem positiven Testresultat, den Certificat gëllt fir maximal 180 Deeg.

Fir Leit, déi scho geimpft goufen, géif d'Regierung iwwer "myguichet" eng Léisung offréieren, fir nodréiglech een Zertifikat mat QR-Code ze kréien, sou d'Paulette Lenert.

Europaparlament wëll Covid-Kaart mat Rechter verbannen

Am Europaparlament gouf e Mëttwoch iwwer deen digitale Covid-Zertifikat diskutéiert. D'Parlament stëmmt iwwer seng Positioun zum proposéierten EU-Reglement of. Dono mussen d'Detailer nach eng Kéier mat de Memberlänner am sou genannten Trilog ausgehandelt ginn.

Eng ganz Partie Europadeputéiert fuerderen, datt deen Zertifikat mat Rechter fir d'EU-Bierger soll verbonne ginn an domat hëllefen, d'Reesfräiheet an der EU nees ze garantéieren. D'EU-Reglement fir den Zertifikat gesäit dat bis elo net fir.

Et wier besser, déi Diskussiounen ze trennen, sot um Mëttwoch Moien den EU-Kommissär Didier Reynders. Am anere Fall géif sech d'Saach an d'Längt zéien. D'Memberlänner ware sech effektiv net driwwer eens ginn, iergendwellech Rechter mam Covid-Zertifikat ze verbannen.

Op de Concert mam QR-Code?

Déi Diskussioun iwwer Rechter misst "idealerweis" och gefouert ginn, seet dozou d'Paulette Lenert. Allerdéngs hätt d'Pandemie gewisen, wéi schwéier sech d'Länner dinn, hir Mesuren ze koordinéieren an ze harmoniséieren. "Et bleift all Land selwer iwwerlooss, ze decidéieren, wéi eng Rechter mam digitale Covid-Zertifikat verbonne ginn", sou d'Gesondheetsministerin.

An zu Lëtzebuerg? Gëtt driwwer nogeduecht, eventuell Labberunge wéi Ouverture vu Restauranten, d'Organisatioun vu Concerten oder ee Besuch am Kino mam Zertifikat ze verbannen? D'Paulette Lenert:

"Dat sinn Diskussiounen déi an alle Länner lafen. Ob ee verschidde Geste-Barrière eventuell kann ersetzen, duerch Preuven, datt een negativ ass. Et gouf Pilotprojeten op Concerten an der Rockhal zum Beispill. Dat si Pisten, déi um Dësch leien. Ech wëll awer do der politescher Diskussioun iwwer déi nächst Schrëtt vun der Regierung net virgräifen."

Deen EU-Covid-Zertifikat dierft op kee Fall zu enger Diskriminéierung tëscht EU-Bierger féieren, sot am Europaparlament déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz. Dozou géif och gehéieren, datt Tester fir jiddereen zu deenen nämmlechte Konditiounen zur Verfügung stinn. Den Ament géif et do awer grouss Ënnerscheeder an der EU, och an de Präisser vun den Tester. "Den universellen Zougank zu gratis Tester ass dowéinst eng Konditioun fir ze evitéieren, datt et zu engem zwee Klasse-System kënnt", sou d'Tilly Metz.

Lëtzebuerg hätt sech vun Ufank un dofir staark gemaach, datt et de Covid-Zertifikat net zu Diskriminatioune féiert. Dat wier virun allem wichteg, sou laang nach net jiddereen d'Méiglechkeet hat, sech impfen ze loossen, seet dozou d'Paulette Lenert. D'Diskussioun iwwer gratis Tester misst an deem Zesummenhank nach diskutéiert ginn: "Dat lescht Wuert ass do nach net geschwat".