Caritas Lëtzebuerg ënnerstëtzt zanter zéng Joer zesumme mat dräi däitschen Organisatiounen a mat engem afghanesche Partner ee Projet fir de Kampf géint Tuberkulos, dat mat aacht klenge Spideeler an der Regioun Hazaradschat am Zentrum vun Afghanistan an engem méi grousse Spidol zu Masar-i-Scharif am Norden.
Bei dësem Projet géint d'Tuberkulos hätte bis elo vill Frae mat geschafft, esou de Michael Feit vu Caritas Lëtzebuerg. De Muechtwiessel an Afghanistan kéint mat sech bréngen, datt Fraen net méi dierfen derbäi aktiv sinn. D'Mataarbechterinne géifen den Ament och net op d'Aarbecht kommen an och d'Reese vun den Doktere vu Caritas wieren aktuell gestoppt.
"Natierlech gëtt de Moment och kee finanziellen Transfert gemaach, de Bankesystem funktionéiert kaum. Mir wëssen och net, ob Transferten iwwerhaapt géifen ukommen, oder souguer vun den Taliban géifen ofgezweigt ginn."
Caritas wëllt weider aktiv bleiwen
Souguer wann d'Taliban an Afghanistan d'Kontroll iwwer d'Klinicke géifen iwwerhuelen, wier et entscheedend, datt d'Populatioun weider gutt versuergt géif ginn, betount de Responsabele vu Caritas Lëtzebuerg.
An Zukunft misst d'Caritas sech och un d'Reglementer vun den Taliban halen, sou datt et net méiglech wier, datt Fraen do schaffe kéinten oder Fraen ënnersicht ginn. "Mir wäerte keng international Leit hunn, an dofir manner Kontroll iwwer de Contenu vum Projet. De Projet gëtt méi deier an alles gëtt méi schwéier."
Och ënner dëse Konditioune géif een awer Mëttel a Weeër fanne fir déi afghanesch Populatioun virun ze ënnerstëtzen, ouni dem Taliban-System ze hëllefen, versprécht de Michael Feit. Et misst een de Projet warscheinlech awer upassen an och nei Kompetenzen abauen.
De Michael Feit fäert awer, datt et am Wanter wéinst der politescher Instabilitéit eng Hongersnout gëtt. Hie geet och dovunner aus, datt den Handel an d'Wirtschaft, mee och d'Landwirtschaft an den nächste Woche wäert ofhuelen.
Fir déi medezinesch Versuergung vun Dausende Leit an Afghanistan huet Caritas Lëtzebuerg an de leschten zéng Joer ronn zwou Milliounen Euro investéiert, dat mat Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Regierung a vun Donateuren.