Déi gréissten Oppositiounspartei hätt et net fäerdeg bruecht, hir Wieler vun de Gemengewahlen ze halen, esou de Philippe Poirier. Et géif een och mierken, datt eng Partie vun de Wieler, déi sech méi riets positionéiert, bei d'ADR gaangen ass souwéi bei d'Piraten. Een aneren Deel vun der Wieler ass bei d'DP gaangen, seet den Titulaire vum Léierstull fir parlamentaresch Studië vun der Uni Lëtzebuerg.
40 Prozent vun de Wieler hunn iwwerdeems eréischt an der leschter Woch decidéiert, fir wéi eng Parteien a Kandidate si wielen. 63 Prozent vun den 18-24 Järegen hunn d'Woch virun de Wahlen decidéiert, wiem si hir Stëmm ginn. Wieler iwwer 65 Joer wousste par Conter scho méi laang, fir wie si wäerte wielen.
Dovu profitéiert hu virop d'DP, d'Piraten an déi gréng, erkläert de Philippe Poirier. Dat géif awer och eng gewësse Fragilitéit bedeiten, well dësen Deel vun der Wielerschaft hiert Wahlverhale vun enger Wahl op déi nächst kéinten änneren.
Elektorat relativ al a gebild
Bei de Chamberwahlen 2018 goufen et méi éischt Wieler a méi Pensionnairen. De Phenomen géif déi generell demografesch Entwécklung vun der Lëtzebuerger Populatioun zeréckspigelen, seet de Philippe Poirier. Gläichzäiteg wiere Leit, déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn an der Moyenne méi al. Den Undeel u Pensionéierten ass 2018 par Rapport zu 2013 eropgaangen.
Vill vun de Wieler hunn iwwerdeems en héijen Ofschloss. Aus der Etüd geet ervir, datt ronn 24 Prozent vun de Wieler Bac+4, also en universitären Ofschloss hunn. 2013 wieren dat nach 12 Prozent vun de Wieler gewiescht.
CSV an LSAP konnte bei eelere Wieler punkten
Der Studialux Etüd no konnt d'LSAP bei de Chamberwahlen 2018 déi eeler Wieler iwwerzeegen. 31 Prozent vun hire Stëmme kruten si vun der Leit, déi 65 Joer oder méi hunn. 2013 huet dës Altersgrupp nach 25,3 Prozent vun all den LSAP-Stëmmen ausgemaach. Och d'CSV konnt déi Leit iwwerzeegen: 29 Prozent vun den CSV-Stëmme koum vu Leit aus der Bevëlkerungsgrupp 65+.
D'Piraten, déi gemeinsam Lëscht tëschent der Piratepartei an der PID huet gréisstendeels vu Wieler tëschent 25 a 34 Joer profitéiert. 44 Prozent vun de Stëmme vun dëser Lëscht koum aus dëser Bevëlkerungsgrupp.
D'Etüd STUDIALUX huet dräi Deeler an ass nach net ofgeschloss. Déi ganz Enquête soll Enn 2019 publizéiert ginn.