Radioen

On air

De Moien  |  Sterilisatioun, ee Schutz fir Kazen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Coronavirus-Infektioun a Prisongs-Block

Gesondheet

Éischt Coronavirus-Infektioun a Prisongs-Block

De Freideg den Owend ass fir d'éischt en Detenu an engem Block am Prisong positiv op de Coronavirus getest ginn, sou de Chef vun der Prisongsverwaltung Serge Legil an eiser Emissioun Riicht Eraus. D'infizéiert Persoun wier momentan am Spidol isoléiert. Déi zwee Detenuen déi sech mat der infizéierter Persoun eng Zell gedeelt hunn, wiere preventiv a Quarantän gesat ginn a géifen elo getest ginn, sou de Serge Legil. 15 Fäll vu coronavirus-positiven neien Detenuen hätt ee bis ewell an der Quarantän feststelle kënnen, dat heite wier awer elo den éischte positive Fall an engem Block vum Prisong.

auto_stories

4 min


De Pierre Reyland am Gespréich mam Chef vun der Prisongsverwaltung Serge Legilplay_arrow


Haut Samschdeg géif elo och de ganze Block duerchgetest ginn, inklusiv d'Prisongspresonal. D'Testresultater sollen nach de Samschdeg den Owend, spéitstens awer de Sonndeg de Moie virleien. De concernéierte Stack wiert elo isoléiert ginn, de Block wier ënnert "enker Beobachtung".

Wéi de Virus an de Prisong erakomm ass, wier de Moment nach net gewosst. Et kéint een awer ausschléissen, datt dat duerch en Neizougang geschitt ass, well Detenuen déi nei an de Prisong kommen fir d'éischt a Quarantän géife gesat ginn, sou de Serge Legil. Well d'Infektioun an engem Block geschitt ass, wou wéineg Mouvement vun den Detenuen ass, misst ee fir de Moment awer dovun ausgoen, datt d'Infektioun iwwer e Member vum Personal geschitt wier, sou de Chef vun der Prisongsverwaltung.

Prisongspopulatioun ass vulnerabel

De Serge Legil begréisst, datt d'Detenuen als méi vulnerabel, an dowéinst fir eng prioritär Impfung, unerkannt goufen. Medezinesch Etudë géife weisen: Prisonéier wieren am Duerschnëtt zéng Joer méi al wéi hire physeschen Alter. D'Grënn dofir wieren ënner anerem eng schlecht Hygiène, Drogekonsum an Alkoholismus.

Prisongspersonal gëtt net prioritär geimpft

Et wier schued, datt d'Prisongspersonal net och elo scho ka geimpft ginn. Hie kéint awer verstoen, datt d'Regierung (an den Ethikrot) prinzipiell, och wéinst der Penurie vum Impfstoff, kéng prioritär Impfunge fir sozio-professionell Beruffer decidéiert hunn. Et wier och schwéier ze vertrieden, wann d'Prisonsgpersonal géif geimpft ginn, an d'Enseignanten oder d'Police zum Beispill net.

50% Impfbereetschaft bei Detenuen

Normalerweis géifen d'Detenuen am Prisong zu Lëtzebuerg eng Impfung als Chance gesinn, seet de Serge Legil. Well d'Prisongspersonal elo awer nach net geimpft gëtt, wier e grousst Mësstrauen entstanen. Vill Prisonéier géifen dem Impfstoff net trauen.

Drogen am Prisong

Et kommen nach ëmmer Drogen an de Prisong eran, virun allem Cannabinoiden, mee wéineg haart Drogen, sou de Serge Legil. Dachs géifen Droge bei Visitten erageschmuggelt ginn. Mee och wéi d'Visitte wéinst der Pandemie gestoppt goufen, wiere weider Drogen erakomm. Dowéinst hätt een dunn erausfonnt, datt beim Bësch, hannert dem Prisong, Leit Drogen, déi zum Beispill a kléng Bäll verstoppt waren, iwwert d'Mauer geworf hunn. Dat wier elo net méi méiglech, well e ganz héijen Drot do opgeriicht gi wier.

Waarden op d'Ouverture vum neie Prisong zu Suessem

Dee neie Prisong fir Untersuchungshäftlingen zu Suessem soll 2023 opgoen. Do ass da Plaz fir 400 Untersuchungshäftlingen. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung seet, d'Ouverture vu Suessem géif gläich e puer Problemer léisen.

Zu Schraasseg, wou 46 Prozent vun den Detenue Untersuchungshäftlinge sinn, géif dat nämlech Plaz entstoen, fir de Fraen am Prisong (ronn 30 Fraen) méi Plaz ze ginn. Dat wier eng absolut Prioritéit, seet de Serge Legil.

Den Ament wieren déi weiblech Prisonéier nach ëmmer op ganz enke Raum op zwee Stäck zu Schraasseg ënnerbruecht. Dat géif zu Spannunge féieren, besonnesch och, well vill vun de Frae méi laang Prisongsstrofen hunn. Och d'Atelieren, wou d'Frae schaffe kënnen, wiere vill ze kléng. Dowéinst kéint een de Fraen, wat d'Aarbecht am Prisong ugeet, laang net sou vill ubidden, wéi de Männer. D'Aarbecht vun de Frae wier dowéinst nach ëmmer staark op Stereotyppe limitéiert, wéi Bitzen a Strecken.

Och Familljen- an intim Visitten, ouni Surveillance, géifen zu Schraasseg méiglech, sou bal Suessem opgeet. Wat dee neie Prisong ugeet, sot de Serge Legil nach, et wier net virgesinn, datt och Fraen an de Prisong zu Suessem kommen.

Agents pénitentaires: Carrière revaloriséiert

D'Prisongsverwaltung géif ronn 236 nei Agents pénitentaires wëll rekrutéieren. Rezent gouf et awer Reklamatiounen a Protester, well si an d'Carrière D1 koumen, wärend ee bei der Police, mat derselwechter Formatioun vun op d'mannst fënnef Joer Secondaire, an déi besser Carrière C1, mat besseren Avance-Méiglechkeeten, koum.

Dee Problem géif awer elo geléist gi mam neien Akkord Salarial, deen d'Staatsbemategewerkscjaft rezent mat der Regierung ënnerschriwwen huet. Do ass nämlech virgesinn, dat vu Summer 2022 un, d'agent pénitentiares och automatesch an d'Carrière C1 kommen.