D'Enquête gouf vum Liser a Cefis duerchgefouert an huet d'Perceptioun vun de Leit sondéiert géigeniwwer dem Rassismus an der ethno-racialer Diskriminatioun. Wat de Rassismus betrëfft bestéing den Androck, datt déi direkt aggressiv Form vu Rassismus erofgaange wier, mee datt dowéinst awer eng subtil Form vu Rassismus duerch Mikro-Aggressioune méi present wier, esou d'Etüd.
Klischeeën a Stereotyppe géigeniwwer verschidden ethno-raciale Gruppe wieren nach ëmmer fest an der Gesellschaft verankert, erkläert de Fréderic Docquier vum Liser:
"Les clichés sont bien présents: Paresse de l'afrodescendant, soumission de la femme musulmane, terrorisme islamique, refugiés viennent profiter de la sécurité sociale. Ils sont très influencés par les débats médiatiques, politiques."
Diskriminatioun a ville Beräicher besonnesch ausgepräägt
Wie spiert sech als Affer vun ethno-racialer Diskriminatioun? Am meeschte betraff wiere schwaarz Leit, Moslemen, an och Portugisen, an dëst besonnesch an der Aarbechtswelt, der Schoul an dem Logement. Beispillsweis ginn 38 Prozent vu schwaarze Leit un, op der Aarbecht diskriminéiert ze ginn, am verglach zu 17 Prozent vun der allgemenger Populatioun.
D'Recommandatiounen un d'Politik si breetgefächert a gi vum Renforcement vum legale Kader bis hin zu enger Verbesserung beim Accueil vu Victimme vun Diskriminatioun. D'Erwaardunge wieren héich, sou de Sylvain Besch vum Cefis:
"Mir hunn iwwer zwee Drëttel, déi mengen, datt nei Mesuren sollen geholl ginn. Mir musse Saache verbesseren, do ass eng grouss Erwaardung. Mir hunn do 80 Prozent Leit mat schwaarzer Hautfaarf oder Portugisen, déi dat froen."
Bei der Presentatioun vun de Resultater huet d'Familljeministerin Corinne Cahen drun erënnert, datt hire Ministère just Sensibiliséierung- a Formatiouns-Aarbecht maache kéint. De Rassismus bekämpfe wier d'Aufgab vum gesamte Staat a géing sämtlech Ministèren, besonnesch d'Justiz an d'Educatioun, betreffen:
"Et ass erschreckend wa vill Leit sech diskriminéiert fillen an et awer net soen. Do musse mir weiderfuere mat der Opklärung, datt esou Diskriminatiounen net méi geschéien. Déi zwee Volete si wichteg - souwuel d'Fuerschung wéi awer och konkret Aktiounen ze maachen, fir se kënnen ze bekämpfen."