Radioen

On air

Kultur um 5  |  D‘Lara Grogan bréngt hiren éischten Album eraus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Kandidate schonn dobaussen

Nei Europäesch Kommissioun

Zwee Kandidate schonn dobaussen

Déi designéiert Presidentin vun der Europäescher Kommissioun muss an hirer Equipe vu Kommissären ëmdisponéieren. Nodeems gëschter déi juristesch Kommissioun vum Europaparlament e Veto géint d'Kandidaten aus Ungarn a Rumänien geluecht huet, mussen déi zwee Länner nei Kommissären nominéieren. E Méindeg den Owend hunn am Parlament iwwerdeems d'Auditioune vun de Kandidaten ugefaangen.

auto_stories

2 min

Fir zwee vun hinnen war d'Course also eriwwer, éier se iwwerhaapt ugefaangen huet. Den Ungar László Trócsányi an d'Rumänin Rovana Plumb ware vu Ufank un déi zwee ëmstriddenst Kandidaten - datt si awer scho virun den eigentlechen Auditioune géife gestoppt ginn, war eng kleng Iwwerraschung.

Déi juristesch Parlamentskommissioun huet decidéiert, si wieren allebéid wéinst méigleche Conflit d'intérêt net gëeegent fir EU-Kommissär ze ginn. Ungarn huet reagéiert an en neie Kandidat genannt. Rumänien muss dat elo sou séier wéi méiglech maachen.

Éischt Hearingen: eng Flichtübung

Déi éischt Hearingen, während deenen d'Kandidaten an eenzele Seancen alleguerten den Europadeputéierten musse Ried an Äntwert stoen, waren e Méindeg den Owend éischter eng Flichtübung.

De Maroš Šefčovič. Foto: Pietro Naj-Oleari / CC-BY-4.0: © European Union 2019 - Source: EP

Mam Slowak Maroš Šefčovič, der Bulgarin Mariya Gabriel an dem Ir Phil Hogan hunn dräi aktuell EU-Kommissären an de respektive Parlamentskommissiounen op d'Froe vun den Deputéierte geäntwert.

D'Mariya Garbiel. CC-BY-4.0: © European Union 2019 - Source: EP

Et huet ee gemierkt, datt si et gewinnt sinn, sech op europäeschem Terrain an och speziell am Parlament ze beweegen.

De Phil Hogan. Foto: Pietro Naj-Oleari / CC-BY-4.0: © European Union 2019 - Source: EP

Hearing vum Nicolas Schmit

Den Hearing de Moien vum Lëtzebuerger Kandidat Nicolas Schmit dierft och net allze kontrovers iwwer d'Bühn goen. Den Nicolas Schmit gëtt allgemeng als kompetent fir de Poste vum EU-Kommissär fir d'Aarbecht ugesinn.

Am kriddelegsten dierften d'Froen iwwer déi geplangte Koordinatioun vun de Sécurité social-Systemer an der EU sinn. Do hat den Nicolas Schmit als Lëtzebuerger Aarbechtsminister Oppositioun gemaach. Et wier wichteg, hei séier zu engem Accord ze kommen, schreift de Lëtzebuerger Sozialist a senger Äntwert op déi schrëftlech Froe vum Parlament, déi scho virleien. Do weist den Nicolas Schmit also schonn eng kloer Kompromëssbereetschaft. Seng Auditioun fänkt de Moien um néng Auer un.


Explikatioune vum Danièle Weber:

Lauschterenplay_arrow