Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Kjetil Mulelid - A Prayer for Peace (feat. Signe Emmeluth & Trygve Seim)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Impfunge viru Silvester

Coronavirus

Éischt Impfunge viru Silvester

Lëtzebuerg kritt - proportional zu senger Bevëlkerung 0,14 Prozent vum Impfstoff géint de Coronavirus, deen d'Europäesch Unioun fir all d'Memberlänner bestallt huet.

auto_stories

2 min

D'Lëtzebuerger Autoritéite wëssen awer nach net prezis, wéi vill Impfdosisse vum neie Vaccin géint de Coronavirus eist Land bei där éischter Liwwerung wäert kréien, seet d'Dokter Anna Chioti. Si ass d'Cheffin vun der Division de la pharmacie et des médicaments an der Direktioun vun der Santé a rechent domat, datt déi éischt Dosisse kuerz no Chrëschtdag hei am Land ukommen.

Logistesch wier alles prett. Tëschent der Liwwerung an der éischter Impfung misst een nach eemol een Dag rechnen, d'Impfstoffer wieren nämlech gefruer. Op jiddwer Fall kréichen eenzel (vulnerabel) Residanten nach 2020 eng éischt Dosis vum Vaccin. Fir datt den Impfstoff wierksam gëtt, musse si en no dräi Wochen eng zweete Kéier gesprëtzt kréien.

Den Dokter entscheet wéi ee Vaccin

Am Ufank wäert just de Vaccin vu Pfizer-BioNTech disponibel sinn, am Laf vum éischten Trimester vum nächste Joer kéinten awer nach zwee aner Produiten zougelooss ginn. Den Eenzele wäert awer net fir sech entscheede kënnen, wéi een Impfstoff e kritt. Déi Decisioun bleift dem Dokter virbehalen, seet d'Dokter Anna Chioti vun der Direktioun vun der Santé.

"C'est le médecin vaccinateur qui va pouvoir, en connaissance de cause, vous dire quel est le vaccin qui vous convient le mieux. Jusqu'à présent les vaccins, en termes d'efficacité, sont plus ou moins équivalents d'après les données que nous avons aujourd'hui. Après il est possible qu'il y ait l'une ou l'autre contre-indication spécifique par rapport à l'un ou l'autre des vaccins. Et ça, aujourd'hui, on ne les connaît pas complètement, les données continuent à arriver. Et les médecins vaccinateurs auront ces informations à leur disposition, et ils pourront choisir sur base des caractéristiques de la personne et du vaccin. A la base, c'est une décision médicale en fonction des indications et contre-indications d'un produit médical, que ce soit un médicament ou un vaccin."