Wie neie Generalsekretär an neie President vun der CSV gëtt soll de 26. Januar an engem Vott um Nationalkongress zu Mutfert decidéiert ginn.
Den CSV President vu bis elo, Marc Spautz, hat am Dezember annoncéiert, datt hien net méi fir de Posten zur Verfügung steet. De Frank Engel, CSV Europadeputéierten, hat dem radio 100,7 deemools gesot, hie wier um Posten intresséiert. De Serge Wilmes, Deputéierten a Stater Schäffen, huet sech bis elo nach net festgeluecht.
Franz Fayot wëllt Parteipresident ginn
Bei der LSAP wier den Deputéierte Franz Fayot drun interesséiert, fir Parteipresident ze ginn. Dat schreift haut Mëttwoch d'Wort. De Franz Fayot wier am Gaang eng Equippe zesummenzestellen. Den Delai fir d'Kandidaturen anzereechen ass de 15. Januar. Eng Woch drop, den 22. Januar, soll dann iwwer d'LSAP Parteispëtzten um Kongress zu Käerjeng ofgestëmmt ginn. De President vu bis elo, Claude Haagen, an de Generalsekretär, Yves Cruchten, stinn net méi zur Verfügung.
Update 12:00 Auer
De Felix Eischen, Deputé-Maire vu Kielen, huet iwwerdeems am 100,7-Interview säin Interessi fir de Poste vum Generalsekretär ugekënnegt. Hien hätt eng Zäit intensiv driwwer nogeduecht, wéi hie sech kéint arrangéieren, fir dës Aufgab ze iwwerhuelen. Hien hätt nach aner Aarbechten ze maachen a Generalsekretär ass "eng Aufgab, déi een net einfach esou mécht". Hie weist sech awer zouversiichtlech, datt hie sech zäitlech arrangéiere kann.
Och wann de Frank Engel bis ewell säin Interessi fir de Poste vum Parteipresident ugekënnegt huet, sou géif dat net bedeiten, datt de Felix Eischen sech zesumme mam Frank Engel als Tandem géif presentéieren. "Dat mécht jiddweree selwer. De Fränk presentéiert sech als President, de Serge viraussiichtlech och. Ech presentéiere mech als Generalsekretär.", esou de Felix Eischen. Bis ewell war nach net kloer, ob de Serge Wilmes fir de Poste vum Parteipresident kandidéiere wëllt. Fir de Felix Eischen géif dat awer keen Ënnerscheed maachen: "Ech schwätzen elo keng Preferenz fir deen een oder aneren aus." Hie kéint mat béide gutt, esou den Député-Maire vu Kielen.
De Felix Eischen am Gespréich mam Maurice Molitor: