Radioen

On air

Notturno  |  SpudBencer - A4, 2021.08.27 (Travelling To Berlin)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Konzept fir d'Reglementatioun vu Cannabis steet

Lëtzebuerger Drogepolitik

Éischt Konzept fir d'Reglementatioun vu Cannabis steet

No der Cannabis-Legaliséierung zu Lëtzebuerg kéint den Handel 100,7-Informatiounen no informatesch kontrolléiert ginn. Dat provisorescht Konzept vum Gesondheetsministère, dat nach ënner dem Minister Etienne Schneider ausgeschafft gouf, läit eis vir. D'Cannabis-Konzept ass nach net am Regierungsrot ugeholl ginn. Dem Dokument no géif et net drëms goe fir de Gebrauch vu Cannabis ze normaliséieren oder ze banaliséieren, mee fir d'Vente an d'Consommatioun ze encadréieren an esou d'Risike fir de Konsument ze minimiséieren.

auto_stories

9 min

Foto: Bigstock / mikeledray

Dat provisorescht Konzept soll als Basis déngen, fir e reglementaire Kader auszeschaffen. Fiederféierend sinn de Gesondheetsministère an de Justizministère. Bis de Summer sollen nach eng Rei Diskussiounen tëschent de Ministèren a mat EU-Institutioune geféiert ginn. Och mat den Nopeschlänner wéilt ee sech weider concertéieren. Mat Holland, dat momentan och eng Reglementatioun vum net medezineschem Cannabis preparéiert, wéilt ee sech och austauschen, sou eng Source.


Wat ass virgesinn? Ee Resumé

  • Eng Persoun dierf pro Mount 30 Gramm Cannabis kafen
  • Et muss een 18 Joer al sinn
  • Et muss een zanter sechs Méint am Land ugemellt sinn
  • Op ëffentleche Plazen ass de Konsum verbueden
  • Op Plazen, wou et ee Fëmmverbuet gëtt, ass de Konsum och verbueden
  • Cannabisproduite sollen exklusiv am Land produzéiert ginn
  • Privaten Ubau soll verbuede bleiwen
  • De Verkaf soll duerch privat Hänn assuréiert ginn
  • 14 Verkafspunkten uechter d'Land sinn an enger éischter Phas virgesinn
  • Et soll net an der Géigend vu Schoule verkaf ginn
  • Exploitante sollen eemol fir eng Verkaflinzenz bezuelen
  • Zousätzlech: een Deel vum Joresëmsaz muss un de Staat bezuelt ginn
  • Ee maximalen THC-Taux fir d'Cannabisbléien ass net virgesinn
  • Onkloer ass: wéi kann d'Legaliséierung mat internationalem Recht an Aklang bruecht ginn

Et ass virgesinn, datt eng Persoun pro Mount dierf maximal 30 Gramm Cannabis kafen. Et misst een 18 Joer al sinn an zanter wéinstens sechs Méint hei am Land ugemellt sinn. Mat dëser Klausel wéilt een engem méigleche "Cannabis-Tourismus" entgéint wierken an den Ängschten a Resistenze vun den Nopeschlänner entgéint wierken. De Konsum op ëffentleche Plaze soll verbuede bleiwen, genee sou wéi op alle Plazen, wou aktuell d'Fëmmverbuet gëllt. Domat soll engersäits eng Banalisatioun an eng Normalisatioun vum Cannabis verhënnert ginn, anerersäits soll esou verhënnert ginn, datt Leit passiv matfëmmen.

E maximalen THC-Taux fir Cannabisbléie gëtt am Dokument net zeréckbehalen.

Zwou national Produktiounslizenzen

Fir déi national Produktioun vu Cannabis fir rekreativ Zwecker sollen zwou Lizenzen ausgeschriwwe ginn. D'Cannabisproduiten déi zu Lëtzebuerg solle verkaaft ginn, sollen exklusiv um Lëtzebuerger Territoire produzéiert ginn. Dofir soll eng national Produktiouns- a Verkafsketten opgebaut ginn. Ob d'Produktioun vu staatlechen, parastaatlechen oder privaten Entreprisë soll iwwerholl ginn, geet aus dem Rapport net kloer ervir. D'Auteure vum Rapport ginn dovun aus, datt dëse Punkt mat engem relativ héijen Opwand verbonnen ass.

Esou steet am Rapport:

"Il s'agira dès lors de prévoir d'entrée de jeu une chaîne de production et de vente nationale qui, au vu du manque manifeste d'infrastructures et d'expérience en matière de culture et de production de cannabis et des conditions climatiques sur le plan national, s'annonce d'ores et déja être une entreprise de longue haleine."

Streng Konditioune fir Produzenten

D'Produzente solle sech u ganz strikt Krittären hale mussen, déi am Text och detailléiert opgeféiert ginn. Esou muss de Cannabis a speziell equipéierten Halen ugebaut ginn, déi kontrolléiert Ubauconditioune bidde mussen.

Maximal zwou Entreprisë kënnen eng Lizenz kréie fir op engem eenzege Site Cannabis unzebauen. Dës zwou Entreprisë mussen all déi néideg Exigenze vun den Autoritéiten a Punkto Qualitéit erfëllen. Zousätzlech musse se Eligibilitéitskrittären erfëllen, déi an engem Cahier des charges preziséiert solle ginn. Dat souwuel wat d'Ufuerderungen un d'Produktiounssitten ugeet, wéi och un d'Personal. Eng onofhängegt Kontrollautoritéit soll déi produzéiert Cannabisbléien a viruverschaffte Produite kontrolléieren. Dës misst nach geschafe ginn a soll ënner der Autoritéit vum Gesondheetsministère schaffen.

Privaten Ubau soll weider verbuede bleiwen

Op dem Punkt vum privaten Ubau hëlt de Rapport eng aner Positioun an, wéi de fréiere Wirtschafts- a Gesondheetsminister Etienne Schneider dat ugekënnegt hat. Dëse soll nämlech - wéinstens an der initialer Phas - net erlaabt ginn.

De Staat definéiert 14 Verkafspunkten

De Rapport proposéiert fir d'Vente an déi privat Hand ze ginn. Konkret sollen an enger éischter Phas 14 Verkafspunkten autoriséiert gi fir Cannabis ze verkafen. Déi néideg Lizenze géife vum Staat versteet ginn, steet am Konzept. An engem Cahier des charges soll festgeluecht ginn, datt d'Verkafsplazen net an der Géigend vu Schoulen a Jugendhaiser dierfe sinn. D'Geschäfter dierften dem Konzept no vun zwielef Auer mëttes bis owes aacht Auer op sinn. Eng Akkreditatioun, déi all Joer erneiert muss ginn, soll obligatoresch sinn.

De Verkaf vun Alkohol an Tubak soll op dëse Plazen net erlaabt ginn. D'Verkafspersonal soll vum Kontrollorganismus speziell geschoult ginn. All Zort vu Reklamm soll verbuede sinn. D'Produktioun an d'Vente vu fäerdeg gedréite Cannabiszigarette soll net erlaabt ginn, genee wéi de Verkaf iwwer Internet oder d'Liwwerung un d'Hausdier.

D'Opdeelung vun dëse Verkafspunkte soll sech virun allem op d'Populatiounsunzuel vum de Kantone baséieren. Et misst een dobäi awer oppassen fir dës Shoppe relativ gläichméisseg iwwer den nationalen Territoire ze verdeelen, fir en interne Cannabis-Tourismus am Grand-Duché ze verhënneren. D'Unzuel kéint an enger weiderer Etapp no ënnen oder no uewen ugepasst ginn. Am Konzept si momentan 13 Verkafspunkten definéiert.

Verkafspunkte pro Kanton:

  • 1 Dikrech
  • 1 Gréiwemaacher
  • 1 Capellen
  • 4 Lëtzebuerg Stad
  • 4 Esch
  • 1 Miersch
  • 1 Réimech

Bigstock / rgbspace

Konditioune fir de Verkaf

Een "Operateur économique" soll maximal eng Lizenz fir zwee Verkafspunkte kënnen hunn. Een Exploitant kann och maximal ee Verkafspunkt an der Stad Lëtzebuerg opmaachen.

De Point de Vente muss selwer sécherstellen, datt net op der Plaz oder am direkten Ëmfeld konsuméiert gëtt. Wéi genee dat soll assuréiert ginn, steet am Konzept net.

De Centre des technologies de l'informations de l'Etat (CTIE) soll e System liwweren, deen un de Registre national des personne physiques ugeschloss ass fir ze verhënneren, datt eng Persoun méi wéi déi 30 Gramm Cannabis de Mount ka kafen.

D'Präisser zu deene sech d'Verkafspunkte mat Cannabis kënnen andecken, solle vum Staat festgeluecht ginn. D'Produiten dierften dem Konzept no "net ze deier an net ze bëlleg" sinn. D'Konzept gëtt als eenzegen Indice, datt Cannabisbléien a Cannabishaarz (Haschisch) um Schwaarzmarché tëschent siwen an 20 Euro kaschten. Op dësem Punkt wéilt ee sech nach mat anere Länner concertéieren, sou de Rapport.

Zousätzlech zu der Lizenz, déi eemol muss bezuelt ginn, sollen d'Exploitanten obligatoresch een Deel vun hirem Joresëmsaz un de Staat bezuele mussen. E geneeë Prozentsaz sollen d'Operateure selwer proposéieren, sou de Rapport.

Bigstock / Joe Seer

Gréisstméiglech Transparenz

D'Konzept proposéiert och fir eng informatesch Plattform ze schafen, déi et erméiglecht de Parcours vun de Cannabisproduite vun der Produktioun, iwwer den Transport, bis bei de Verkaf, nozevollzéien. Dës Plattform sollt optimalerweis ënner der Autoritéit vum onofhängege Kontrollmechanismus leien, deen och fir d'Iwwerwaachung vun de Produktiounsfacilitéite soll responsabel ginn.

Och wat de Stockage, d'Verpackung an den Transport vum Cannabis ugeet, mécht dat provisorescht Konzept prezis Recommandatiounen. D'Cannabisbléie sollen a standardiséierte Verpackungen à dräi, fënnef, oder zéng Gramm verkaaft ginn. Se musse, ënner anerem versigelt sinn, eng Kannersécherung hunn an an hirer Optik dierfe se net unzéiend op Kanner wierken.

Op der Etikett musse sämtlech Donnéeë vermierkt sinn, déi fir de Client relevant sinn, ënner anerem den THC- an den CBD-Gehalt. Iwwer e QR-Code soll de Konsument weider Informatioune kënne consultéieren.

Reglementatioun vum net medezinesche Cannabis an international Konventiounen

Eng wichteg Fro, déi am Dokument just ugeschnidde gëtt, ass déi, wéi d'Reglementatioun vum net medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg mat internationalem Recht an Aklang ze bréngen ass. Lëtzebuerg huet verschidden UNO-Konventiounen ënnerschriwwen, déi den Ëmgang mat psychotrope Substanzen an Drogen op internationalem Plang reegelen.

Eng national Gesetzgebung, déi Lëtzebuerg sech wëllt ginn, kéint géint déi Verflichtunge verstoussen, sou d'Auteure vum Text. Dat provisorescht Konzept nennt awer verschidde Méiglechkeete, wéi een esou Konflikter méiglecherweis kéint léisen.

D'Auteure vum Rapport kommen awer zur Conclusioun, datt eng méi detailléiert juristesch Analys op dësem Punkt néideg wier.

Eng progressiv Besteierung?

D'Besteierung vu Cannabisproduite misst esou gestalt sinn, datt een d'Ziler, déi eng Politik "de santé publique" virgesäit, beschtméiglecht erreeche kéint. D'Steieren an Akzisen, déi erakommen, sollen an e Fong fléissen, dee Preventiounsaarbecht soll finanzéieren.

Déi genee Héicht vun den Akzisen an der TVA misste vum Finanzministère a vun der Douane festgeluecht ginn. Generell misst d'Taxatioun esou gestalt ginn, datt d'Consommatioun vun héichprozentegem THC decouragéiert gëtt, sou d'Auteure vum Text. Eng Taxatioun op d'Gewiicht vun de Produite wier dem Konzept no net ze envisagéieren, well dat d'Produzente géif encouragéieren, fir méi staark Produiten ze produzéieren. Och d'Méiglechkeet vun enger progressiver Besteierung, déi mam THC-Taux an d'Luucht geet, missten analyséiert ginn.

Am Text gëtt d'Méiglechkeet opgeworf fir d'Produiten an enger éischter Phas manner héich ze besteieren. Dat fir Feeler ze vermeiden, déi aner Länner gemaach hunn. Et misst evitéiert ginn, datt d'Konsumente sech hir Produiten zu manner héije Präisser um Schaarzmarché kéinte beschafen.

Implicatiounen an der Beräicher Stroosseverkéier a Finanzsecteur bleiwen ze klären

Den Aspekt vum Stroosseverkéier gëtt am Rapport nëmme kuerz ugeschnidden. Et schwätzt ee sech fir méi Preventioun aus a fir d'Ausbaue vun de repressive Mesuren. An dësem Kapitel bleiwen nach eng ganz Rei Detailer ze klären.

Ënner anerem heescht et:

"A cela s'ajoute la mise en place d'un dispositif de recherche et de surveillance permettant de mesurer validement l'impact des mesures adoptées pour pouvoir juger en fin de compte de leur pertinence et de l'opportunité eventuelle de les pérenniser, voire de les reconsidérer ou de les développer par la suite. Actuellement, le code de la route prévoit un seuil critique de 1 ng/ml de sang."

Bigstock / cendeced

D'Konzept gëtt ze bedenken, datt de "Patriot Act" et US-amerikaneschen Entreprisë géif verbidde fir mat Firmen zesummenzeschaffen, déi mat net medezineschem Cannabis schaffen. Och Banke wieren op deem Plang allgemeng retizent. Den Impakt vun der Cannabis-Reglementatioun op de Lëtzebuerger Banken-a Finanzsecteur misst dofir och nach méi genee ënner d'Lupp geholl ginn.

Export vu medezineschem Cannabis soll och erméiglecht ginn

Een interessanten Aspekt ass, datt d'Konzept, wéi et momentan virleit, et de maximal zwou Produktiounsentreprisen erlaabt fir medezinesche Cannabis unzebauen an ze exportéieren. D'Qualitéit vun de Cannabisbléie soll dofir och "kompatibel" mat engem medezinesche Gebrauch sinn.

Laangfristeg wéilt een d'Ofhängegkeet vum Ausland am Bezuch op de medezinesche Cannabis reduzéieren, oder souguer genuch produzéieren, fir déi komplett national Demande no medezineschem Cannabis ze decken.