Wéinst beonrouegenden Zuele vun der ADEM soll ganz kuerzfristeg reagéiert ginn, esou de Premier no senger éischter Tripartite-Sitzung. Wann ëm den Interesse vum Land geet, da kéint d'Regierung mat de Sozialpartner an déi richteg Richtung goen, huet de Xavier Bettel betount.
Bei de geplangte Mesurë géif et dorëm goe fir méi Leit an den Apprentissage ze kréien, Leit an den Entreprisen ze behalen, a Leit aus der Aarbechtslosegkeet erauszekréien. D'Aide à l'embauche soll beispillsweis bestoe bleiwen an den Alter vu 45 Joer soll reduzéiert ginn.
Wann Entreprisë méi Léierplazen ubidden, solle si eng staatlech Hëllef kréien. Hëllefe sollen et och fir d'Kreatioun vu Betriber ginn. Méi Detailer dozou sollen et d'nächst Woch ginn, op enger Pressekonferenz vum Premier a vun de béide Vizepremieren, nodeem déi geplangte Mesurë vum Regierungsrot guttgeheescht goufen.
Nieft Verbesserunge bei der Aide à l'embauche, wier et wichteg, datt oppe Plaze bei Staat a Gemenge besat ginn, an datt d'Regierung viru staark investéiert, esou de Premier.
De Patronatsdaachverband UEL an d'Gewerkschaften hu sech no de Gespréicher vun haut relativ zefridde gewisen. Eng weider Tripartite-Sitzung ass fir den Hierscht geplangt: da soll ënner anerem de Bilan gezu gin vun deem, wat haut decidéiert gouf.