Radioen

On air

Notturno  |  Thad Jones - April In Paris

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Unzeeche vun neier amerikanescher Aussepolitik

USA

Éischt Unzeeche vun neier amerikanescher Aussepolitik

No iwwer zwou Wochen ass d'Wäisst Haus vum Donald Trump chaotesch, wéi um éischten Dag. Och a Saachen Aussepolitik. Den neien amerikanesche President huet sech an engem Telefonsgespréich mam australesche Premier vun Australien ugeluecht an hien huet verschidde Messagen un Israel geschéckt. Am Wichtegsten ass awer eng nei, méi haart Astellung vis-a-vis vum Iran.

auto_stories

3 min

D'Aussoe vum fréiere Generol Michael Flynn en Donneschdeg (2.2.17) waren eng Iwwerraschung. D'Trump-Regierung hat genuch ëm d'Oueren. Dat Meescht dovun hir eege Schold. Mee trotzdem, a villäicht grad dowéinst, gouf et Aussoen iwwert den Iran vum Donald Trump sengem Beroder fir national Sécherheet.

D'Wäisst Haus seet, ee Rakéiten-Test an de Support vum Iran fir d'Huthi-Rebellen am Yemen wiere Grond, fir eng Warnung vun der neier Regierung fir de Regime zu Teheran.

Keng diplomatesch oder militäresch Warnung

D'Obama-Regierung hätt net op déi richteg Aart a Weis op dës béisaarteg Aktioune vum Iran reagéiert. Zum Beispill wat den Transfert vu Waffen ugeet, oder d'Ënnerstëtzung vum Terrorismus, an aner Mëssbräich vun internationalen Normen, sou de Michael Flynn. "D'Trump-Regierung veruerteelt sou Aktiounen, déi d'Stabilitéit vun der Regioun an amerikanesch Liewen a Gefor bréngen. Amplaz den USA dankbar ze sinn, fir déi nei international Accorden, fillt den Iran sech elo méi staark."

An dee leschte Saz gehéiert zu där Kategorie vu Saachen, déi een net kann iwwersetzen. Och net op Englesch. D'Trump-Regierung huet och keng Erklärung parat. "Putting Iran on notice" ass eng Zort Warnung, mee diplomatesch oder Militär-Sprooch ass dat net.

Éischt Konfrontatioun mat engem anere Land

Egal, d'Wäisst Haus, oder éischter d'Tresorerie huet reagéiert an den Iran bestrooft. Nei Sanktioune gouf et fir 13 Leit an 12 Firmaen, déi, sou d'Wäisst Haus, entweder am Iran oder am Ausland dem Iran a sengem Waffe-Programm gehollef hunn.

Et ass déi éischt Konfrontatioun mat engem anere Land, an et ass u sech eng logesch. Well den Donald Trump hat während dem Wahlkampf dacks versprach, hie géing méi haart wéi säi Virgänger géint den Iran virgoen.

Dem Donald Trump seng eegen Aussoen zu dësem Thema, ofgesi vun e puer Tweeten, waren dës véier Wierder: "Den Iran behëlt sech net."

Keen Afloss op Nuklearofkommes?

De Pressespriecher Sean Spicer war méi konkret. "De President huet et ganz kloer gesot: All Optioune bleiwen um Dësch, mee hie versteet den Impakt vun deenen Optiounen." D'Sanktioune wiere staark a si wäerten en Impakt hunn. Hie géif hoffen, datt den Iran géif mierken, datt hir Provokatioune vun dëser Regierung géifen eescht geholl ginn, sou de Sean Spicer.

D'Wäisst Haus seet, déi nei Sanktioune wieren eng Reaktioun op e Rakéiten-Test, den 29. Januar dëst Joer. Teheran seet, déi nei Sanktiounen hätte keen Afloss op hire Waffeprogramm.

Washington huet misse kloerstellen, datt déi nei Sanktiounen näischt mam Nuklearofkommes mam Iran ze doen hunn. Deen Akkord steet nach ëmmer, mee wie weess, wéi laang. Den Donald Trump sot als Kandidat, datt et ee vun dee schlechtsten Akkorde vun allen Zäiten wier.