Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tallest Man On Earth - Looking For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronavirus: Verdachtsfall huet sech net confirméiert

Gesondheet

Coronavirus: Verdachtsfall huet sech net confirméiert

De Verdachtsfall vun enger Infektioun mam Coronavirus huet sech net bestätegt. Dat deelen de Gesondheetsministère an den Haut-Commissariat à la protection nationale de Samschdeg Owend an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

Den Dr. Jean-Claude Schmit ass Direkter vun der Santé

Update Samschdeg 23:16:

D'Persoun vun där ugeholl gi war, datt si sech mam Coronavirus infizéiert gehat hätt, gouf aus der Quarantaine entlooss a konnt nees heemgoen.


Informatiounen, déi de Samschdeg Owend um 18:30 bekannt waren

De Jean-Claude Schmit am Interview mam Françoise Kellerplay_arrow

D'Persoun déi aus China erëmkomm ass wier momentan hospitaliséiert an isoléiert, an et géif een déi definitiv Testresultater de Moment nach ofwaarden, sou de Jean-Claude Schmit. D'Resultater solle spéitstens de Sonndeg de Moie virleien.

Et wier och schonn eng Lëscht vu Persounen opgestallt ginn, déi eventuell a méi enkem Kontakt mat der infizéierter Persoun stoungen. Éier déi Leit kontaktéiert ginn, missten awer emol fir d'éischt d'Testresultater virleien.

Leit, déi aus China erëmkommen a Symptomer opweisen, solle sech beim 112 mellen.