Radioen

On air

Notturno  |  Henry Mancini - Mr. Lucky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg

Gesondheetsministère confirméiert

Éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg

Et gëtt en éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Samschdeg den Owend virun der Press.

auto_stories

2 min


Déi komplett Pressekonferenz vum Gesondheetsministère vum Samschdeg Owend 21:00play_arrow


Déi "gutt 40 Joer al" infizéiert Persoun ass ënner Quarantän am Centre Hospitalier op der Areler Strooss (CHL). Si weist Symptomer, mee si wier "net schwéier krank", esou d'Ministesch. Déi infizéiert Persoun, déi rezent aus Italien zeréckkomm ass, hätt viru Kuerzem Symptomer entwéckelt.

Déi zoustänneg Servicer géifen elo novollzéie mat wiem déi infizéiert Persoun am Kontakt war. Kee vun den direkte Familljemembere géif aktuell Symptomer weisen. Aus Precautiounsgrënn ass d'Famill awer momentan am CHL.

De Sonndeg weidere Suivi

D'Regierung huet muer um Sonndeg eng Krisenzell aberuff. Et gëtt eng weider Analys an engem Laboratoire zu Rotterdam gemaach, fir eng zweet Confirmatioun fir d'Virusinfektioun ze kréien. De Sonndeg Moie soll d'Resultat virleien. Dono géife weider néideg Schrëtt ënnerholl, esou d'Ministesch. D'Ëffentlechkeet géif weider um Courant gehale ginn, souwuel an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, wéi och am Laf vum Sonndeg.

"Keng Panik"

Et gëtt kee Grond fir a Panik ze verfalen, esou d'Gesondheetsministesch. Et wier een drop agestallt gewiescht, an d'Autoritéiten hätten alles am Grëff.

Et wier net virgesinn fir virsiichtshallwer Evenementer an den nächsten Deeg ofzesoen. Et géif ee sech do un international Verhalensreegelen halen, esou d'Paulette Lenert.

Wat sinn d'Haaptsymptomer?

Et ginn dräi Haaptsymptomer, wouvunner een der wéinstens zwee vun dräi zesumme misst hunn, esou den Direkter vun der Santé.

  • Houscht
  • Féiwer (et gëtt quasi kee Fall ouni Féiwer, esou d'Santé)
  • Otemnout

De Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, erënnert drun, datt et "onprobabel" ass, datt ee sech mam Coronavirus infizéiert huet, wann een an de leschten zwou Wochen net an de Risikogebidder an Asien, am Iran oder an Italie war.

D'Gesondheetsministesch mécht en Appell, fir "normal" Hygiènesreegelen anzehalen. Wann ee Symptomer weist, soll ee sech baussent de Bürosstonne beim 112 oder wärend de Bürosstonne bei der Inspection sanitaire mellen (um Telefon 2478-5650)


Informatiounen iwwer de Coronavirus fënnt een um Internetsite vun der Santé.