Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte Streckeradar ass operationell

Vitess

Éischte Streckeradar ass operationell

Vun haut u funktionéiert den éischte Streckeradar op der N11 tëschent dem Waldhaff a Gonnereng. Dëse miesst d'Duerchschnëttsvitess op där Streck, déi op 90 Kilometer an der Stonn fixéiert ass.

auto_stories

1 min

Foto: DPA / Paul Zinken

Zwou Infraroutkameraen detektéieren op den Extremitéite vum Tronçon d'Vitess vum Auto a rechnen eng Moyenne. Ass dës méi héich wéi erlaabt, gëtt eng Foto gemaach an et kritt een e Protokoll. All déi aner Donnéeë ginn duerno geläscht, esou den Transportministère an engem Communiqué.

Et hätt ee sech fir dësen Tronçon entscheet, well hei an der Vergaangenheet ganz vill schwéier Accidenter mat villen Doudege geschitt sinn. Et wier och festgestallt ginn, datt op där Streck nach ëmmer d'Vitess staark iwwerschratt gouf, obwuel schonn e fixe Radar do steet.

E weidere Projet am Kader vum Aktiounsplang fir Stroossesécherheet ass den sougenannte "radar feu rouge". Esou soll op der Stäreplaz e Radar bis Enn dës Joers installéiert ginn, dee kontrolléiert op ee bei de roude Luuchte stoen bleift. Weider Plazen, wou an Zukunft esou Radare agesat kéinte ginn, wieren zu Hollerech an um Schlammestee, esou nach de François Bausch.