Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eise Wahlsystem zerstéiert déi politesch Debatt

Chronik

Eise Wahlsystem zerstéiert déi politesch Debatt

Wa mir de 14. Oktober en neit Parlament wielen, ass et fir d'éischte Kéier, datt d'Medie kënne bis zu fënnef Deeg virum Wahldag Sondagë publizéieren. E Gesetz vun Enn 2015 huet deen Delai reduzéiert. Virdru waren d'Ëmfroen déi 30 lescht Deeg vun der Wahlcampagne verbueden. Interessanterweis wäert trotzdeem keng Sonndesfro méi virum Wahldag verëffentlecht ginn. Déi aktuellst Ëmfro iwwer de Wahlausgang datéiert also vu Juni dësem Joer. De Problem dobäi sinn awer net d'Sondagen, mee de Lëtzebuerger Wahlsystem.

auto_stories

3 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck plädéiert fir eng Ännerung vum Wahlsystem.

Et ass evident, datt souguer d'Sondageinstituter sech net méi wëllen d'Fangere verbrennen: Wéinst dem Panachéieren, der Opdeelung vum klenge Land a véier Wahlbezierker a wéinst dem System vun de Reschtsëtz ass et ganz schwéier virauszesoen, wéi vill Sëtz déi eenzel Parteie kréichen, wa muer géif gewielt ginn.

Sondagen: Interessant fir Trender, mee net méi

D'Sonndesfro ass eigentlech déi Ëmfro, déi am pertinentsten ass. Vill méi pertinent wéi dat onsënnegt Befroen, wien d'Leit sympathesch oder kompetent fannen. Mee eng kredibel Sonndesfro zu Lëtzebuerg ze realiséieren ass ebe schwiereg. Sou datt mir als radio 100,7 souguer déi Sonndesfro, déi vun RTL a vum Lëtzebuerger Wort realiséiert gëtt, net fir ze vill wichteg huelen. Et ass am jorelaange Verglach interessant fir Trender ze analyséieren, mee vill méi net.

Lo huet eisen Informatiounen no op d'mannst d'DP eng Ëmfro maache gelooss, déi den Trend aus der Sonndesfro vu Juni confirméiere géif, nämlech datt d'CSV net méi sou staark zouleeë géif, wéi dat an den éischte Jore vun dëser Legislaturperiod nach gemengt gouf. RTL Radio krut Deeler vun deem Sondage zougespillt an huet sech um Enn dogéint decidéiert, d'Informatiounen ze benotzen - mam Argument, datt ee selwer aus Manktem un Zouverlässegkeet keng Sonndesfro méi an Optrag ginn hätt, an datt een dowéinst och Sondagë vun aneren net benotze géif.

De wierkleche Problem: De Wahlsystem

Wann doduerch elo eng Diskussioun iwwer d'Roll an d'Wëssenschaftlechkeet vu Sondageinstituter géif ginn, da wier dat an dësem Fall déi falsch Debatt. Déi richteg ass déi, datt de Lëtzebuerger Wahlsystem reforméiert gehéiert.

Et ass bei dëse Chamberwahlen net méi ze iwwersinn. De System vum Panachéieren hëlt an Zäite vu Facebook an Instagram halluzinant Formen un. D'Parteizentrale si virun allem drëm beméit, hire Kandidaten Tipps mat op de Wee ze ginn, wéi si sech gutt an engem Video presentéieren. Op de Plakater laanscht d'Stroosse gesi mir vill Käpp, mee wéineg politesch Positiounen. Iwwer Inhalter geet net méi vill rieds.

Leit, déi schonn a Wahlbüroe geschafft hunn, ziele vun erstaunlechem Wahlverhalen. Et ass net onméiglech, datt e Wieler am Süden seng 23 Stëmmen op, zum Beispill, sechs verschidde Lëschte vu ganz Lénks no ganz Riets verdeelt.

En eenheetleche Wahlbezierk

En anere grousse Problem gëtt et mat de Bezierker. Eng Stëmm am Zentrum ass méi wäert wéi eng am Norden, well d'Opdeelung vun de Bezierker net der Demografie aus de leschte Joerzéngte Rechnung dréit. D'Sëtzverdeelung pro Bezierk misst op d'mannst ugepasst ginn. Mee nach besser wier en eenzege Wahlbezierk. Da géif et fir ee Kandidat aus dem Oste vläicht net méi opgoen, just nach laanscht d'Musel op de Wäifester ze passéiere fir an d'Chamber ze kommen. E Parlament huet ganz vill national, europäesch an international Responsabilitéiten. Et ass abstrus ze mengen, datt do virun allem d'Interessie vun enger Regioun misste vertruede sinn.

Wa mir d'politesch Debatt wëlle stäerken a verhënnere wëllen, datt d'Kandidate just nach no Bekanntheetsgrad an Ausgesinn ausgewielt ginn amplaz no Kompetenz, da muss de Wahlsystem reforméiert ginn. Et wier jo sou einfach: Well et net just ee gudde Modell gëtt, an d'Äntwerten op d'Problematik komplex sinn (et kann ee sech net einfach fir ee Wahlbezierk mat 60 Kandidaten decidéieren, an deem all Wieler 60 Stëmme misst verginn) kéint een e Gremium vun Experten a Wëssenschaftler froe verschidde méiglech Modeller ze proposéieren, an da kéint eng politesch Majoritéit tranchéieren.

Wann et de Politiker ëm d'Saach geet an net ëm d'Muecht, dann dierft dat eigentlech kee Problem sinn. Et gëtt jo vill no de Grënn fir den ëmmer méi groussen Desinteressi un der Politik gesicht. Eise Wahlsystem ass een dovun.