Radioen

On air

Notturno  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eisen Aarbechtsmaart brauch d'Net-EU-Bierger!

Fräie Mikro

Eisen Aarbechtsmaart brauch d'Net-EU-Bierger!

Zanter 2008 waren zu Lëtzebuerg nach ni sou wéineg Leit am Chômage wéi bis elo, d'Zuel vun den oppene Plazen ass bannent engem Joer ëm 49,1 Prozent gewuess. Trotz Mangel un Aarbechtskräfte wëllt eisen Immigratiounsminister den Zougang zum Aarbechtsmaart fir Mënschen vun ausserhalb vun der EU net erliichteren, mengt d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen a fréier Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

Laut der ADEM leiden d'Secteure vun der Informatik an de Finanzen, mee och den Horeca oder der Konstruktioun - also och am manner qualifizéierte Beräich - ënner akutem Personalmangel.

Wéinst der extremer Wunnengsnout muss zu Lëtzebuerg vill gebaut ginn. Elo schonns beschwéiert sech de Bau doriwwer, datt e weder zu Lëtzebuerg, nach an der Grenzregioun genuch Aarbechter fënnt. Am Horeca-Beräich ass d'Situatioun änlech.

Net-EU-Bierger: Komplizéiert Prozeduren

Dobäi wunnen zu Lëtzebuerg Mënschen, déi als Net-EU-Bierger keng Aarbechtserlabnis kréien, well se sech net un d'Reegel gehalen hunn déi seet, datt d'Demande vum Hierkonftsland aus muss gestallt ginn, mat Kopie vun engem gültegen Aarbechtskontrakt a mat engem Wunnsëtz zu Lëtzebuerg - an zwar éier een heihinner kënnt.

Wien dës Viraussetzung net erfëllt, kritt keng Aarbechtserlabnis. A Wierklechkeet ass et natierlech immens schwéier eng Aarbecht hei ze fannen, wann ee wäit ewech wunnt, an dat ëmsou méi, well de Patron bereet muss sinn, méintelaang ze waarden, bis déi néideg Pabeiere vum Immigratiounsministère ausgestallt sinn.

Dobäi muss och nach d'Aarbechtserlabnis fir Net-EU-Bierger den "Test du Marché" bestoen, dat heescht, et dierf keen aneren um europäeschen Aarbechtsmaart a Fro ze kommen, fir déi Aarbecht ze maachen.

Dat mécht dat Ganzt nach méi komplizéiert an huet als Konsequenz, Net-EU-Aarbechter, déi schonn zu Lëtzebuerg sinn, dierfen och déi penibelst, prekäerst a schlechtst bezuelte Plaze legal net besetzen.

Et gëtt Net-EU-Bierger onnéideg komplizéiert gemaach

D'fräi Zirkulatioun vun den Aarbechtskräfte gëllt an der EU nëmme fir d'EU-Bierger. Si kënne schaffen, wou se wëllen, an dat ouni extra Erlabnis. Net-EU-Bierger, déi an engem aneren EU Land dacks schonns iwwer zéng Joer liewen, hu kee fräien Zougang zum europäeschen Aarbechtsmaart.

Hir Aarbechtserlabnis gëllt nëmmen an deem Land, an deem si sech legal ophalen. Vill Net-EU-Bierger, déi z.B. an Italien oder Spuenien ukomm sinn, zitt et duerno op Lëtzebuerg, well hei besser Chancen op Aarbecht besti wéi an dëse Länner mat héijem Chômage.

Dacks hu si eng handwierklech Ausbildung a vill Erfarung mat europäesche Betriber. Trotzdeem dierfe se net bei eis schaffen.

Ewéi all aner Net-EU-Bierger musse si hir Demande aus dem Heemechtsland oder aus deem Land, wou si sech legal ophalen, areechen.

Patronen, déi si astelle wëllen, musse méintelaang waarden, ouni jeemools sécher ze sinn, datt déi betraffe Persoun tatsächlech eng Aarbechtsgeneemegung kritt, well jo d'EU-Bierger Prioritéit um Aarbechtsmaart hunn.

Firwat maache mer eis an hinnen d'Liewen esou schwéier, wa mer pertinement wëssen, datt keng EU-Aarbechtskräften disponibel sinn? .

Et geet och anescht

Beispiller aus dem Ausland weisen, datt et och aneschters geet: Däitschland a Portugal stellen eng provisoresch Openthaltsgeneemegung aus fir Net-EU-Bierger eng Chance ze ginn, eng Aarbechtsplaz ze fannen.

Oder Beispill Irland, wou bis den 31. Juli eng Regularisatioun stattfënnt: eenzeg Konditioun ass d'Noweise vu véier Joer Openthalt am Land, esouguer fir Mënschen, déi an der Vergaangenheet opgefuerdert goufen, d'Land ze verloossen an dat net gemaach hunn.

Interessant ass dobäi, datt och eng Regularisatioun vu Flüchtlingen an der Prozedur no nëmmen zwee Joer Openthalt méiglech ass.

Den Immigratiounsministère ass net u Regulariséierung interesséiert

2013 war déi läscht Regularisatioun zu Lëtzebuerg, déi ville Migranten a virun allem hire Patronen, bei deene si gréisstendeels illegal geschafft hunn, vill gehollef huet.

Bal zéng Joer méi spéit, wëllt eisen Immigratiounsminister awer näischt vun enger kollektiver Regulariséierung vu Leit ouni Pabeiere wëssen, obwuel der dorënner vill sinn, déi scho jorelaang mat hirer Famill hei zu Lëtzebuerg wunnen an obwuel dat dem Aarbechtsmarché eng gewëssen Entspanung géif bréngen.

Eisen Immigratiounsminister regulariséiert léiwer vu Fall zu Fall, no Krittären, déi sech just him eleng erschléissen .Ass dat eethesch vertrietbar?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.