Energiepolitik an Europa Éisträich an Däitschland ënnerschreiwen Accord zu Gasversuergung

Éisträich an Däitschland wëllen am Gas-Beräich méi enk zesummeschaffen. Den däitsche Wirtschaftsminister Habeck an déi éisträichesch Energieministesch Gewessler hunn en Dënschdeg zu Wien een entspriechenden Accord ënnerschriwwen. Doran huet ee sech géigesäiteg Solidaritéit zougeséchert, och fir de Fall, datt Russland kee Gas méi liwwert. Éisträich deet sech iwwerdeem schwéier, seng Gas-Späichere fir de Wanter ze fëllen.

Stephan Polet (Wien) / sam

Gas übernahmestation an Däitschland
Eng "Gasübernahmestation" an Däitschland. Foto: picture alliance / Daniel Reinhardt/dpa

Ronn 80 Prozent vun den éisträichesche Gas-Importer kommen aus Russland. D'Alperepublik wier deemno staark betraff, wa Russland kee Gas méi géif liwweren. Fir am Wanter net an d'Bredouille ze kommen, wëll d'Regierung zu Wien bis den Oktober d'Gas-Späichere vum Land zu 80 Prozent fëllen.

Den Ament ass een awer eréischt bei eppes ënner 50 Prozent. A wéinst den Aarbechten un der Pipeline Nord Stream 1 gëtt gefaart, datt dee Stand esouguer an de kommenden Deeg liicht fale kéint.

Verschidden Alternative schonn am Bléck

Elo schonn huet déi éisträichesch Regierung d'Industrie vum Land opgeruff, fir do wou et méiglech ass Anlagen esou ëmzerëschten, datt alternativ zum Gas och mol Pëtrol ka lafen.

Och d'Bevëlkerung gouf opgeruff, Mesuren ze ergräifen, fir hire Gasverbrauch am Wanter ze miniméieren.

Fir de Fall, datt kee Gas méi aus Russland kënnt, wier ee staark op déi europäesch Noperen ugewisen, huet déi éisträichesch Energieministesch Leonore Gewessler kierzlech wärend enger Visitt vum däitsche Wirtschaftsminister betount:

"Österreich ist als Binnenland auch darauf angewiesen, dass wir mit Gasinfrastruktur, insbesondere mit Leitungen, in anderen Ländern unterstützt werden. Gleichtzeitig haben auch wir etwas beizutragen. Österreich hat große Speicher, die uns im Notfall als Sicherheitspuffer zur Verfügung stehen. Aber mit denen wir natürlich auch unsere Nachbarländer, wenn sie in Not sind, unterstützen können."

E bilateralen Accord mat dräi Punkten

Fir datt dës Solidaritéit och am Noutfall gräift, huet een se, op d'mannst am Fall vun Däitschland, op Pabeier bruecht. De bilateralen Accord besteet dobäi aus dräi Punkten - deen éischte Punkt betrëfft zwee éisträichesch Bundeslänner:

" [...] Tirol und Vorarlberg sind nicht direkt über das österreichische Gasnetzwerk versorgt, sondern über das deutsche. Wir bekennen uns dazu, dass wir auch im Ernstfall weiter die Durchleitung aufrechterhalten wollen."

Weider wëll een an engem separaten Accord genee reegelen, wéi Däitschland am Noutfall och op éisträichesch Späicher-Kapazitéite kann zougräifen.

Als leschte Punkt gouf festgehalen, datt och Firmen aus Éisträich beim Ausbau vu Flësseg-Gas-Terminals am Norde vun Däitschland sollen hëllefen.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Gas-Pipeline Kommentar
Chronik

An Däitschland ass ee besuergt, datt no Aarbechten un Nord Stream 1 nach manner Gas geliwwert gëtt. D'Bundesregierung muss alles ënnerhuelen, datt aus der Energiekris keng Sozialkris gëtt, mengt de Max Tholl.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen