Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éisträich deckelt Stroumpräisser

Energie-Kris

Éisträich deckelt Stroumpräisser

Wéi zu Lëtzebuerg ginn och an aneren EU-Länner Mesurë géint déi héich Energiepräisser geholl. An Éisträich goufen zum Beispill, änlech wéi zu Lëtzebuerg, d'Energiepräisser gedeckelt. Allerdéngs ginn et op den zweete Bléck grouss Ënnerscheeder tëschent de Modeller, déi déi zwee Länner gewielt hunn.

auto_stories

3 min

De wuel gréissten Ënnerscheed zum Lëtzebuerger Modell läit doran, datt de Staat an Éisträich nëmmen de Stroum subventionéiert, wärend ee beim Gas weiderhin de Marchéspräis muss bezuelen.

Eppes, wat den Ekonomist Jakob Sturn vum gewerkschaftsnoe "Momentum Institut" net begréisst. Hien nennt d'Beispill vun enger elengerzéiender Mamm, déi hir Wunneng lount: si kéint sech net eraussichen, wéi si hir Wunneng heizt.

Den Ekonomist kennt d'Géigenargumenter: engersäits géif ee klimaschiedlecht Gas subventionéieren, anerersäits géif een an Éisträich och de Gas vun engem "Kriegstreiber" importéieren.

Deckel op der Stroumsubventioun

Den zweete groussen Ënnerscheed ass, datt an Éisträich de Stroum just bis bei ee Verbrauch vun 2.900 Megawatt d'Stonn subventionéiert gëtt: dat entsprécht 80 Prozent vum Verbrauch vun engem duerchschnëttleche Stot an Éisträich.

D'Iddi ass, datt doriwwer eraus weider een Ureiz fir ze spuere bestoe soll, erkläert de Jakob Sturn:

"Das heißt, dass der Grundverbrauch, also Kochen, Heizen, Wäsche waschen, solche Dinge sollen subventioniert werden und billiger werden. Wer allerdings seinen Außenpool auch im Winter heizen möchte, der zahlt den vollen Marktpreis."

Et hätt ee sozial awer nach méi zilgeriicht kënne virgoen an d'Subventiounen un d'Gréisst vum Stot upassen, fënnt den Ekonomist. Op där anerer Säit géif een och net dem Akommes no differenzéieren.

"Dadurch dass wir allen Personen einen Strompreis finanzieren oder den Strompreis deckeln, bedeutet das natürlich auch, dass wir das für jene Menschen tun, die sich einen hohen Preis ohnehin leisten können."

Subventioun bis ee bestëmmte Stroumpräis

Gedeckelt gëtt de Stroumpräis an Éisträich op 10 Cent d'Kilowattstonn. Et gëtt awer och een Deckel no uewen. Klëmmt de Präis iwwer 40 Cent d'Kilowattstonn, mussen d'Konsument:innen d'Zousazkäschte selwer iwwerhuelen. De Staat leet also maximal 30 Cent bäi.

"Dass es diese Grenze überhaupt gibt, hat genau den Grund, dass man eben sich als Regierung davor schützen möchte, dass jetzt die Stromanbieter den Preis in exorbitante Höhen hinaufschrauben, weil sie eh wissen: meinen Konsument:innen ist das egal, der Staat zahlt sowieso alles, was drüber ist."

Et wier schwiereg hei déi richteg Mooss ze fannen, seet de Jakob Sturn. Gëtt d'Grenz ze niddreg ugesat, leeft ee Gefor, datt d'Stéit um Enn awer méi musse bezuelen. Ass se ze héich, maachen d'Stroumubidder ee gutt Geschäft um Réck vun der Allgemengheet.

An dem Kontext wier et och wichteg ze kucken, wéi déi Mesure finanzéiert gëtt, esou den Ekonomist. Hie plädéiert fir eng Tax um Benefice vun Energiefirmen, fir datt d'Stéit sech hire Stroumdeckel um Enn net selwer bezuelt hunn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.