Et hätt kee legaalt Argument ginn, fir der Demande vun Editpress net nozekommen, esou den ALIA-President Thierry Hoscheit op Nofro hin. Et géif am Dossier zwou Gesellschafte ginn: eng hätt wéilten eppes verkafen an déi aner hätt wéilte kafen. De Gesetzer no misst d'ALIA doriwwer informéiert ginn, a si hätt doropshin hiren Accord ginn.
Eldoradio hätt säi Contenu a seng editorial Linn iwwerdeems bis elo ëmmer onofhängeg definéiert a misst dat dem Cahier de Charges no och an Zukunft weider esou maachen. Dat wier wichteg am Sënn vum Medie-Pluralismus, seet den Thierry Hoscheit. Et misst séchergestallt ginn, datt et e puer vum Contenu hier verschidde Programmer gëtt. Et diert keen "Eenheetsbräi" ginn:
"Dowéinst war et eis wichteg sécherzestellen, datt do een eegestännege Programm gemaach gëtt, an datt eegestänneg Ressourcen hannendru stinn, fir dat och ëmzesetzen."
E Risiko fir de Pluralismus?
CLT-Ufa bedreift RTL Radio an Tëlee an ass och Aktionär beim franséischsproochege Sender L'Essentiel Radio. D'CLT-Ufa kontrolléiert domat déi zwee éischt Lëtzebuerger Radiosenderen zu 100 Prozent an ass am drëtte Sender mat 25 Prozent vertrueden. Besteet doduerch e Risk vun ze staarker Konzentratioun? Dorop nennt den Thierry Hoscheit zwou Äntwerten:
"Mir hunn den Ament keng juristesch Handhab fir do iergend eppes ze maachen. Déi zweet Äntwert ass, datt wann all Radio säin eegestännege Programm mécht, onofhängeg ee vun deem aneren, ass de Pluralismus do."
L'essentiel Radio hätt hir eege Programmatioun a Redaktioun, ouni datt d'RTL-Mammenhaus do géif agräifen, esou nach den ALIA-President.