Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elegant Folk Gittar Vignetten

Nathan Salsburg - Third

Elegant Folk Gittar Vignetten

Dem Nathan Salsburg säi Gittar-Spill ass immens filigran. Op sengem neie Solo-Album "Third" schléngelt sech de passionéierte Folk Enthusiast duerch traditionell Melodien, déi hien a breeden a waarmen Harmonien awéckelt.

auto_stories

3 min

Den Nathan Salsburg ass rezent immens produktiv gewiescht. D'lescht Joer am Mäerz huet hien zesumme mam Bonnie Prince Billy eng Plack erausbruecht. Dëse Mee huet hien d'Songwriterin Joan Schelley op hirem neien Disk begleet an haut kënnt säin drëtte Solo-Album eraus, dee ganz einfach "Third" heescht.

De Mann vu Louisville, Kentucky, lieft fir d'Folkmusek. Nieft senger Musekscarrière ass den Nathan Salsburg Curateur fir d'Alan Lomax Archiven. Eng Organisatioun, déi dem faméise Folk Musekssammler gewidmet ass, an déi sech als Zil setzt, déi traditionell Kläng vun der Welt ze erhalen. De Nathan Salsburg kennt seng Matière, seng musikalesch Virgänger. An op sengem neien Disk manifestéiert sech seng Passioun fir d'Folk-Gittar.

Filigran an elegant

Den Nathan Salsburg gräift op "Third" gréisstendeels op britesche Folk zeréck. Schottesch, Iresch an Englesch Folk-Tonalitéiten drénge staark duerch. Mat senge flénke Fangere verleet hien de Melodien filigran Verzierungen. Hie beweegt sech immens elegant iwwer d'Grëffbriet vu senger akustescher Gittar. Op Stécker wéi "Timoney's" oder "Ruby's Freilach" danze seng Fangerspëtzen op méi séiere Rhythme ronderëm. Mee den Nathan Salsburg weess sech och zeréckzehalen, säin Äifer ze bändegen an engem Stéck déi néideg Loft ze loossen.

Lidder wéi "Impossible Air" oder "Planxty Irwin" ootme richteg. Déi déif Noute kléngen aus, an d'Akkorden treffen eng wonnerbar Melancholie. Et spiert een d'Freed un der Musek, déi den Nathan Salsburg huet.

D'Stécker goufen iwwer déi lescht siwe Joer gesammelt a spigelen déi ländlech Ëmgéigenden an Traditiounen erëm, an deenen den Amerikaner sech beweegt.

Dem Nathan Salsburg seng akustesch Gittar dréit natierlech den Afloss vun Instrumentalisten wéi den Nic Jones, John Renbourn a Bert Jansch. Briten déi an de 60er a 70er de Folk-Gittars Stil staark gepräägt hunn. Hien ass manner vun de méi mysteschen minimal Folk-Gittaristen aus Amerika beaflosst, wéi den John Fahey oder Robbie Basho zum Beispill.

"Kuerz, knapp an op de Punkt"

Op sengem neien Album "Third" kommen deementspriechend och keng zéng Minutte Museksmeditatioun vir, déi sech ronderëm engem Toun opbaut. Déi zéng Stécker si kuerz, knapp, an op de Punkt. Instrumental Lidder, déi ganz Welten enthalen.

Dem Nathan Salsburg seng Gittar kléngt liicht gedämpft. D'Säiten sinn net immens frësch an heiansdo klirrt eng Nout um Grëffbriet. Fir déi Musek dierf et och net anescht sinn. Dësem Folk-Gittarist geet et net ëm Purismus oder Authentizitéit, d'Musek fléisst éierlech a ganz natierlech aus sengem Bauch eraus. Den Nathan Salsburg geet ganz respektuéis mat den urege Melodien ëm. Op eng einfach a subtil Manéier bléist hie frësche Wand an d'Nouten. An an dësen hekteschen Zäiten bréngt dem Nathan Salsburg seng séiss Gittar-Musek Rou an den Alldag.

"Third" ass eng immens waarm Folk-Gittar Plack vun engem Museker, dee mat sengem wonnerbar hëlzene Klang eng simpel Freed ausdréckt.