Verkéierspolitik Elektromobilitéit: Wou sinn d'Luedstatiounen?

D'Entwécklung vun der Elektromobilitéit ass am Zentrum vun der europäescher Verkéierspolitik. Eleng d'lescht Joer goufen zu Lëtzebuerg ronn 2.470 Gefierer mat Elektromotor zougelooss. En Zouwuess vun iwwer 250 Prozent par Rapport zum Joer virdrun. D'Unzuel un Hybrid-Autoen huet sech bannent engem Joer verduebelt. Fir dësem Wuesstum net am Wee ze stoe brauchen d'EU-Länner déi néideg Lued-Infrastrukturen. An déi hänken hannendrun, och zu Lëtzebuerg.

Maxi Pesch / tt

Chargy Statioun um P&R Howald
Eng Chargy Statioun um P&R Howald. Foto: chargy.lu

Virun enger Zäit hat de Lucien decidéiert sech en Elektroauto ze kafen. Fir dat ze maache wollt hien a senger Residence um Kierchbierg eng Elektroborne installéiere fir säin Auto ze lueden. De Syndikat vun der Co-Proprietéit wier sech dunn op zéng Elektrobornë fir déi 20 Appartementer eens ginn.

Noutwenneg Kapazitéite fir Elektrobornen

Duerno hätt Creos dem Syndikat geschriwwen, datt et net méiglech wier fir an där Residenz zéng Bornen ze installéieren, well net genuch elektresch Kapazitéit an der Strooss wier. Fir eng eenzeg Borne wier et vläicht méiglech, mee dofir géif ee kee Konsens an der Assemblée génerale kréien seet de Lucien.

Et ass den Netzbedreiwer Creos, deen de Residenze muss soen, wéi vill Kapazitéiten nach fräi sinn. Am Fall wou déi Kapazitéiten net duer gi fir eng gewëssen Unzuel un Elektrobornen z'installéiere muss d'Co-Proprietéit selwer fir eng Léisung an d'Käschten opkommen, erkläert den Alex Michels vun der Creos. A Stroossen, déi schonn existéieren, kéint een net einfach de Kabel wiesselen. Et wier meeschtens nach Uschlossleeschtung do, mee net fir vill Luedstatioune mateneen. Et kéint een awer iwwer een intelligente Steiersystem fir d'Borne fueren - do wier et allerdéngs um Syndikat, fir dat ze kucken.

2030: D'Hallschent vun den Autoe solle mat Stroum fueren

Anescht wéi an Däitschland gëtt et zu Lëtzebuerg kee Gesetz dat de Bauhär obligéiert, Luedstatioune fir Elektroautoen opzeriichten. Am nationale Klimaplang gëtt berechent, datt den Undeel vum Verkéierssecteur um Stroumbedarf 2040 gutt eelef Prozent ausmécht.

D'Zil bis 2030 ass et, datt de Fuerpark knapp 50 Prozent aus Elektro an Hybrid-Autoe besteet. Zu dësem Zäitpunkt hätt Creos schonn d'Kapazitéit fir datt 50 Prozent vun de Stéit een Elektroauto kéinte besetzen an och oplueden. Mee wa jiddereen an enger Strooss gläichzäiteg d'Batterie vum E-Auto luede géif, kéint dat lokal zu Erausfuerderunge féieren.

Fréistens 2023 hält den Netzbedreiwer Creos et fir néideg fir selwer Léisungen unzebidden. Fir d'éischt soll d'Elektroborne obligatoresch un de Smart Meter ugeschloss ginn, fir datt Creos de Stroum no Bedarf reduzéiere kéint. Déi zweet Léisung, esou den Alex Michels, wiere finanziell Ureizer:

"Mir sinn am gaangen zesumme mam Regulateur ze kucken fir alternativ Tarifikatiounen och fir Netznotzung. Sou datt et fir e Client e méi e groussen Ureiz gëtt fir net dann ze lueden, wann et deen héchste Stroumverbrauch ass, mee datt ee kuckt fir déi Saache méi an d'Nuecht ze leeën."

Bei neie Stroosse gëtt méi Kapazitéit virgesinn

Zënter dem Opkomme vun der Elektromobilitéit hätt Creos awer schonn hir Berechnungsgrondlag fir nei Stroosse geännert, seet den Alex Michels: Creos géif bei den neie Lotissementer an neie Stroossen och direkt méi héich Kapazitéite virgesinn.

Fir seng Strooss gesäit de Lucien an den nächste Joren op alle Fall keng Méiglechkeet fir en Elektroauto opzelueden. Hien huet sech dofir och géint de Kaf vun engem Elektroauto decidéiert. D'Méiglechkeet fir den Auto op öffentleche Bornen ze lueden wier och nach net genuch ausgebaut.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament eng 400 ëffentlech Elektrobornen, esou den Alex Michels. Bis Enn 2020 waren der eigentlech 800 geplangt, mee bei der Installatioun vun de Bornen op de Parc and Ridë wier et zu Verspéidunge komm - well vill vun deene Parkingen nach net gebaut sinn.

Creos rechent dermat, datt déi geplangten 800 Chargy-Statiounen Ufank 2024 opgeriicht sinn. Da kéint een och zum Beispill iwwer en Tarif nodenken deen den Ureiz schaaft d'Luedstatioun, nodeems den Auto voll ass, nees fräi ze ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Carole Dieschbourg
Reform

De staatleche Primmesystem fir stroumgedriwwen Autoe gëtt reforméiert. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg confirméiert, datt déi aktuell Subsiden net an där selwechter Form iwwer den 31. Mäerz eraus bäibehale ginn.

Philippe Mersch FEDAMO
Mobilitéit

D'FEDAMO plädéiert dofir, den aktuelle Primmesystem fir Elektro- a Plug-in-Hybrid-Autoen iwwer den 31. Mäerz eraus ze verlängeren. Dat seet de President vum Garagisteverband Philippe Mersch.

Vël'OK Rockhal
Mobilitéit

Zanter 2004 goufen zu Esch Vëloe gratis zur Verfügung gestallt. Mëttlerweil heescht de System Vël'OK. Dës Woch goufen nei Elektro-Vëloe virgestallt, déi déi al Modeller no an no ersetze sollen.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen