Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elektronesche Patientendossier fir jiddfereen

Bis Enn vum Joer

Elektronesche Patientendossier fir jiddfereen

Bis Enn des Joers missten déi 850.000 Assuréë vun der CNS alleguer de Bréif kritt hunn, mat deem si op d'Existenz vun hirem elektronesche Patientendossier opmierksam gemaach ginn. Fir jidderee gëtt esou en Dossier de soins partagé opgemaach, et kann een dann awer d'Decisioun huelen, deen DSP ze desaktivéieren.

auto_stories

1 min

headphones

19 min

play_arrow

Vun där Méiglechkeet hätte bis elo awer just 0,07 Prozent vun de Leit Gebrauch gemaach, sou den Hervé Barge, de Generaldirekter vun der Agence e-santé de Muergen hei op der Antenn. Zil vum Patientendossier ass et, den Informatiounsaustausch tëscht de Professionellen aus dem Gesondheetsberäich ze verbesseren. Dat geschitt doduerch, dass d'Acteuren aus dem Secteur Zougang zu all méiglechen Dokumenter iwwer de Patient kréien - ënner deem senger Kontroll awer, ënnersträicht den Hervé Barge. Et hätt een als Patient d'Méiglechkeet fir punktuell oder generell Fräigaben ze maachen an et kéint een och zu all Moment novollzéien, wien op seng Donnéeën zeréckgegraff huet.

Am Prinzip gëtt fir all Assure esou en Dossier opgemaach, et kann een awer bannent engem Delai vun 30 Deeg d'Decisioun huelen, säin DSP ze desaktivéieren. Mécht een dat net, geet den Dossier op.

Och de Professionellen aus dem Gesondheetsberäich ass et fräigestallt, ob si d'Dokumenter an deen DSP wëlle setzen. Et hätt een op de Prinzip vun der Fräiwëllegkeet gesat, well ee sech dovun eng méi héich Akzeptanz versprécht, sou den Direkter vun der Agence e-Santé. Den elektronesche Patientendossier misst sech iwwer d'Zäit beweisen, wouduerch seng Akzeptanz géif an d'Luucht goen, dovun ass den Hervé Barge iwwerzeegt.