Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emile Bock: "Mir sinn net gutt genuch opgestallt"

Spidolswiesen ënner Drock

Emile Bock: "Mir sinn net gutt genuch opgestallt"

Wat d'Behandlung vu Covid-Patienten ubelaangt, wier an der éischter Well vill geléiert ginn, seet den Dokter Emile Bock. Den Urgentiste aus den Hôpitaux Robert Schuman kritiséiert awer, datt aus der chronescher Ënnerbesetzung vun de Spideeler net déi richteg Lektioune gezu gi wieren.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow

Den Urgentiste fäert dofir, datt de Gesondheetssystem an den nächste Wochen u seng Limitte stousse kéint. Also net well et (wéi am Fréijoer nach) un eenzelen Ekipementer feelt, mee éischter um Personal, dat domat ëmgoe kann, esou den Dokter Emile Bock."Dir kënnt 300 Apparaten hunn, wann der net Leit mat den néidege Qualifikatiounen hutt fir déi ze bedéngen, dann hëlleft dat net vill", esou den Dokter.

Et géifen aktuell och Ekippen ausfalen, wat immens beonrouegend wier. "Do si Spideeler befall, do hu ganz Stäck missen zougemaach ginn." A senger Ekipp hätt den Emile Bock eleng gëschter een Dokter an dräi Infirmièren, déi ausgefall sinn, déi remplacéiert musse ginn. An anescht wéi bei der éischter Well, wou e komplette Lockdown decidéiert gi war, "wësse mer, datt dat hei e Marathon gëtt".

De Fait, datt programméiert Operatiounen a programméiert Medezin misst erofgefuer ginn, fir d'Corona-Kris ze bewältegen, gesäit den Dokter als e weideren Indice dofir, "datt mer net gutt genuch opgestallt sinn".

"Et ass gesot ginn am Summer, datt mer net méi wéilten déi normal Medezin eroffueren an awer d'Corona-Patiente an engems betreien, dat ass eppes, an där Situatioun si mer elo net méi."

An e puer Woche méiglecherweis 400 hospitaliséiert Covid-Patienten

Den Urgentiste Emile Bock geet vun der Méiglechkeet aus, datt een an e puer Wochen ëm 400 hospitaliséiert Covid-Patienten ze versuergen hätt. Déi rezent nees méi héich Infektiounszuelen wäerte sech eréischt an e puer Deeg an der Statistik vun den Hospitalisatiounen nidderschloen. Déi Berechnunge kéint ee maachen, wann ee sech déi aktuell Infektiounszuelen ukuckt, esou den Dokter aus den Hôpitaux Robert Schuman. E wichtegen Ënnerscheed vun haut géigeniwwer Mäerz ass och, datt haut just nach déi "richteg krank Patienten", dat heescht, déi Sauerstoff brauchen, hospitaliséiert géife ginn, an d'Zuele vun den Admissioune klamme weider.

"Et brauch ee just d'Fallzuele vun all Dag ze kucken, an dann huelt der grosso modo zéng Prozent, da wësst der, wéi vill Leit an d'Spidol kommen.