Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Empfang "op héchstem Niveau"

Visite a China

Empfang "op héchstem Niveau"

De Xavier Bettel ass op offizieller Visite a China. Et goufen eng Rei Accorden ënnerschriwwen. Donieft stounge Gespréicher mat de Vertrieder vun chinesesche Banken um Programm, déi schonn am Grand-Duché präsent sinn.

auto_stories

3 min

Vertrauen a Respekt: dat sinn déi Wieder, déi de Premier ëmmer nees zu Peking gebraucht, wann hien iwwert d'Relatioune mat China schwätzt. Sief et um wirtschaftlechen oder um politesche Plang. Éischten Héichpunkt vun der offizieller Visite war e Méindeg e politesche Rendez-vous. De Xavier Bettel gouf mat militäreschen Éieren a fir eng Entrevue vum chinesesche Premier empfaangen.

"Mir liewen an enger Zäit vun Onsécherheet", sot de Xavier Bettel. Et wier wichteg, datt déi zwee Länner kéinte matenee schwätzen a géifen openee lauschteren. "Mir mussen zesummen Äntwerte fannen op d'Froe vun de Leit." De Fridde wier keen Acquis.

Kontakter mam Weltmeeschter

D'Tatsaach, datt Lëtzebuerg zu Peking op "héchstem Niveau" empfaange gëtt, wier net selbstverständlech, sou de Finanzminister Pierre Gramegna, dee bei der Visite a China dobäi ass. D'Kontakter, déi ee mam Export-Weltmeeschter hätt kéinte maachen oder verdéiwen, wiere "ganz wichteg".

Seng Gespréicher mam chinesesche Premier huet de Xavier Bettel "éierlech an direkt" genannt. "Ech hunn den Här Li Kequiang och op Lëtzebuerg invitéiert. Hien huet mir gesot, datt een en Datum misst fannen. An datt hien d'Invitatioun gäre géif unhuelen."

De Xavier Bettel gëtt zu Peking vum chinesesche Premier emfaangen

De Xavier Bettel hätt dem chinesesche Premier erkläert, datt d'Mënscherechter fir Lëtzebuerg wichteg wieren. Et misst ee sech op Aenhéicht kucken, fir zesummen ze schaffen. "Si hu wierklech Vertrauen a Lëtzebuerg als Partnerland. Si hunn eng Relatioun mat Lëtzebuerg (...), déi sech an deene leschte Joren intensivéiert huet."

Banken an der Pipeline

E Beispill dofir ass de Finanzsecteur: De Moment si scho sechs grouss chinesesch Banken zu Lëtzebuerg. A weiderer sollen dobäi kommen, hofft de Finanzminister Pierre Gramegna. Et wieren der nach puer "an der Pipeline". D'Europäesch Zentralbank misst awer nach hiren Avis dozou ofginn. Zwou nei Banken, déi op Lëtzebuerg kéinte komme, sinn dem Pierre Gramegna no déi privat Everbright Bank, grad wéi d'Shanghai Pudong Bank.

Déi chinesesch Banken, déi schonn am Grand-Duché sinn, wiere ganz zefridden. Si wieren deemno dorun interesséiert, hir Präsenz nach ze verstäerken. Eng Roll kéint och de geplangte briteschen EU-Austrëtt spillen, sou de Pierre Gramegna.

Ronn 8.000 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, gouf e Méindeg zu Peking ee Cooperations-Accord tëschent dem Grand-Duché a China am Beräich Fintech ënnerschriwwen. Also vun de modernen Technologie bei de Finanz-Servicer. "Et geet drëms, datt d'Institutioune kenne léieren. Mee et geet haaptsächlech och drëms, datt sech d'Gesellschafte kenne léieren", sou de Pierre Gramegna.

De Guy Daleiden (lénks) ënnerschreift de Coproduktiounsaccord mat China

Audiovisuell Co-Produktiounen

E weideren Accord, dee gëschter a Präsenz vun de béide Regierungscheffen ënnerschriwwe gouf, ass ee fir d'Co-Produktiounen am audiovisuelle Beräich - op Wonsch vu China. Op Lëtzebuerger Säit huet de Guy Daleiden, Direkter vum Film-Fong, dësen Accord signéiert.

"D'Chinese probéiere mat Europa zesummen ze produzéieren, fir Filmer ze hunn, déi laanscht d'Quote kommen. D'Chinesen hunn e Quote-System opgebaut wou manner wéi 100 Filmer aus der ganzer Welt a China däerfe pro Joer lafen." Fir dat ze ëmgoen, wéilt China Co-Produktioune maachen, sou de Guy Dahleiden.

D'Chinese wieren dann och am gaangen, e chinesesche Film-Festival zu Lëtzebuerg z'organiséieren: Den Numm dovu soll "Schengen-Film-Festival" sinn.