Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmstridden Datebanke bei Police a Parquet

Fichier Central

Ëmstridden Datebanke bei Police a Parquet

Wéi funktionéiert de Fichier central vun der Police, wéi eng Reegele ginn et dofir a wéi eng Dokumenter kommen an d'Datebank beim Parquet? Vertrieder vu Police a Parquet an déi béid gréng Ministere François Bausch a Félix Braz stoungen den Deputéierten an der Chamber Ried an Äntwert. Et sinn nach net all Froe beäntwert.

auto_stories

3 min

Dräi an eng hallef Stonne Sitzung géifen net duer goen, nodeem een "d''Spëtzt vun engem Äisbierg entdeckt hätt", huet den Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen no der Sitzung vun de Chamberkommissioune vu gëschter festgestallt.

Eng Versammlung géif och net duergoen, "mee dat do wäert nach e puer Kommissioune ginn. A mir sinn och der Meenung, datt dat do muss eng ëffentlech Kommissioun ginn, well d'Land huet e Recht drop fir gewuer ze ginn, wat iwwerhaapt an deenen Datebanke steet."

"Dat ass e Verstouss géint d'Onscholdsvermuddung"

Et wier elo un der Chamber fir parteiiwwergräifend dofir ze suergen, datt d'Bierger hei am Land sech sécher fillen, verlaangt den CSV-Deputéierte Gilles Roth. Seng Fraktioun hätt gären, datt d'Bierger a Saache Police- a Justizdonnéeën an engem Rechtsstaat liewen:

"Et kann net sinn, datt Dir e Procès verbal gemaach krut, datt Dir fräi gesprach gi sidd, datt eng Affär ouni Suitte klasséiert ginn ass, datt dann nach jorelaang déi Daten a Policefichiere sinn, an datt, wann Dir dann eng Kéier mam Auto ugehale gitt - an dat ass eis de Moie confirméiert ginn - datt dann een op de RIFO vun der Police urifft, an da kënnen déi sämtlech Daten do ofgefrot ginn. Do ass all Verstouss géint eng Onscholdsvermuddung."

Datt Dokumenter archivéiert ginn, dat géif der LSAP-Fraktioun besonnesch Suerge maachen, esou de Fraktiounschef Alex Bodry. Bei der Police géif op dës Donnéeë méi dacks, a beim Parquet méi seelen zeréckgegraff ginn, an d'LSAP wier der Meenung, datt et misst en Delai ginn, wéini datt déi Donnéeë spéitstens misste geläscht ginn. Den Alex Bodry schwätzt hei vu maximal 20 oder 30 Joer.

Wien huet de Fichier consultéiert?

Déi aktuell Diskussioun iwwer d'Datebanke bei Police a Parquet war lassgaangen, nodeems eng Persoun beim Rekrutement bei der Magistratur virgeheit krut a gewëssen Affäre verwéckelt gewiescht ze sinn. Déi Persoun gouf awer ni veruerteelt an hire Casier war néant.

An der Chamberkommissioun hätt d'Police erkläert, datt de Fichier central vun dëser Persoun awer ni consultéiert gi wier, seet den ADR-Deputéierte Roy Reding. D'Police géif Donnéeën awer un de Parquet weiderginn an de Parquet hätt och en eegene Fichier. "Wien huet dee Fichier beim Parquet consultéiert?", freet sech de Roy Reding. Dat wier een awer net gewuer ginn, bedauert den ADR-Deputéierten.

Ënnerschiddlech Approche vu Ministeren

An der ganzer Affär géifen et an der Approche grouss Ënnerscheeder tëschent de béide grénge Ministere Bausch a Braz ginn, huet den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum festgestallt. Op där enger Säit géif de François Bausch ganz staark op Transparenz setzen. "Hien huet och een Dokument verdeelt, wou hien der IGP (Inspection générale de la police) den Optrag ginn huet wierklech quasi ze enquêtéieren iwwer d'Aart a Weis, wéi mat deenen Donnéeë bei der Police ëmgaange gëtt."

Op där anerer Säit hätten de Minister Félix Braz an d'Procureure générale Martine Solovieff "absolut kee Problembewosstsinn", wourëms et géif goen. "An dobäi huet de Parquet eng wesentlech méi grouss Datebank", beklot sech de Marc Baum.

Legal Basis vu Fichier net a Fro gestallt

De Justizminister Félix Braz huet präziséiert, datt d'Duerstellung aus de leschten Deeg net richteg wier, datt d'Justiz op d'Fichiere vun der Police zeréckgegraff hätt. Donieft huet de Minister erkläert, datt déi Datebanke bei der Magistratur legal sinn a wieren nach ëmmer legal gewiescht.

Et misst een elo kucken, wou Spillraum fir Verbesserung wier a falls et noutwendeg wier, "dat legal ze begleeden, dann ass natierlech d'Regierung mat der Chamber gefuerdert, an da géife mir dat och maachen".

Wéi vill Dokumenter an den Datebanke vu Police a Parquet ze fanne sinn, war net gewuer ze ginn. Onkloer ass och, aus wéi engem Joer déi eelsten Dokumenter an den Archiv sinn.