Radioen

On air

Notturno  |  Ninajirachi - Things I Never Nu

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ëmverdeelung vun ënnen no uewen"

Steierpolitik

"Ëmverdeelung vun ënnen no uewen"

Wien an Locatiounswunnengen investéiert, ka vu ville steierlechen Avantagë profitéieren. Allerdéngs geroden dës Steiervirdeeler wéinst der Hausse vun de Logementspräisser ëmmer méi an d'Kritik. Obwuel d'Regierung punktuell Upassungen annoncéiert huet, kritiséiert d'Salariatskammer, datt Investisseure kënnen d'Scholdzënsen an den Amortissement ofschreiwen.

auto_stories

4 min

Wien eng Immobilie keeft, fir se ze verlounen, kann dës Depense vun de Steieren ofschreiwen, déi een um Loyer muss bezuelen. Bei engem Invest vun enger Millioun Euro an een Neibau wieren dat ufanks all Joers 60.000 Euro. De sougenannten Taux d'amortissement, deen hei applizéiert gëtt, ass am Fong geduecht fir ee Wäertverloscht ze kompenséieren, erkläert de fréieren Direkter vun der Steierverwaltung Guy Heintz.

Am Kontext vun enger konstanter Hausse vun den Immobiliewäerter géif déi Iddi awer net méi stëmmen: "Dat wier gutt, wann d'Gebaier just hire Wäert géife behalen. Da seet een, iwwer d'Zäit huet dat Gebai am Fong ee Wäertverloscht, well et ofnotzt oder Materialien ofnotzen. Dat ass d'Iddi derhannert."

Iwwer 100 Prozent Amortissement

Mam Taux d'amortissement accéléré vu sechs Prozent kann ee bannent kuerzer Zäit bal d'Hallschent vum Acquisitiounspräis ofschreiwen. No sechs Joer gëllt een Amortissementstaux vun zwee Prozent. No 35 Joer huet een am Fong de gesamten Invest ofgeschriwwen, esou de Guy Heintz:

"Mee och wann een d'Gebai nach méi laang huet, wat gäre Mol geschitt, kann een den Amortissement nach ofschreiwen. Wat am Fong géint d'Iddi vum Amortissement ass."

Dem Finanzminister Pierre Gramegna no verzicht de Staat wéinst dësem Steieravantage op eng "considérabel" Zomm u Steierrecetten - ouni datt d'Mesure den erwënschten Effet hätt, nämlech datt méi Logementer gebaut ginn. D'Regierung huet dowéinst decidéiert, datt den acceleréierten Taux liicht erofgesat gëtt a manner laang kann applizéiert ginn.

"Progressivitéit a Fro gestallt"

Der Salariatskammer geet dat net wäit genuch. Si fuerdert, datt de Regimm komplett ofgeschafen - respektiv ausser Kraaft gesat gëtt, esou laang d'Immobiliepräisser weider klammen. Well dëse Steieravantage géif et grad de Proprietärë vu villen Immobilien erlabe fir hir Steierlaascht ze optiméieren, kritiséiert den CSL-Direkter Sylvain Hoffmann:

"Mir schwätzen hei praktesch vun enger Defiscalisatioun vum Loyer. Da kënnt nach dobäi, datt een integral kann d'Scholdzënsen ofsetzen. Da kann ee séier an d'Richtung kommen, datt dat een Null-Revenu gëtt, oder een negative Revenu, deen een da mat deenen anere Revenuen, déi een huet - Salaire, Kapitalerträg oder soss Revenuen - ka verrechent ginn. An da ginn déi am Fong erofgezunn, wou een dann u sech d'Progressivitéit vum Steiersystem a Fro stellt domadder."

Héich Montanten am Spill

Effektiv kënnen Immobilieninvestisseuren nieft dem Amortissement och nach hir Scholdzënse komplett vun de Steieren ofsetzen. Am Géijesaz ass d'Deductioun bei de Scholdzënse fir dat eegent Doheem gedeckelt - dat eleng "kascht" de Staat dem Finanzministère no dëst Joer 87 Milliounen Euro.

An déi ongedeckelt Ofsetzbarkeet vu Scholdzënse fir Investisseuren? Wat dat de Staat kascht, gëtt net oppegeluecht. D'Berechnung dovunner wier méi opwendeg, seet de Guy Heintz, deen den Enjeu esou aschätzt:

"Dat si menger Meenung no relativ héich Montanten, déi do steierlech favoriséiert ginn, mee fir elo eng Gréisstenuerdnung ze soen, dat ass ganz schwiereg."

Steierlech avantagéierten Däiwelskrees

Wat et méi steierlech Avantagë fir Immobilieninvestissementer ginn, wat et méi interessant gëtt an de Steen ze investéieren. Och d'Bereetschaft fir méi héich Präisser ze bezuele gëtt méi grouss, wou madder d'Präisshausse weider ugedriwwe gëtt. D'Konsequenz wier eng ëmmer méi staark Ëmverdeelung vun ënnen no uewen, seet de Syvlain Hoffmann vun der Salariatskammer. Well d'Proprietären oder Multiproprietairë wiere Leit aus de méi héijen Akommeskategorien:

"Déi investéieren dann a kënnen ee groussen Deel vun de Loyere vun de Steieren ofsetzen. Hire Revenu, de Loyer, dee klëmmt déi lescht Jore ganz staark. An dee Loyer gëtt an éischter Linn vun deene Menagë bezuelt, déi an den ënneschte Quintillë sinn, wat och elo net iwwerraschend ass."

An och den Accès zu enger eegener Immobilie gëtt fir Leit mat klengem Akommes wéinst der Präishausse méi schwiereg. Fir d'CSL ass dat ee vum Staat steierlech avantagéierten Däiwelskrees.