Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmwelt a Klima si Prioritéiten

Staatsbudget 2020

Ëmwelt a Klima si Prioritéiten

Bei hirem Projet fir de Staatsbudget 2020 setzt d'Regierung op d'Prioritéiten Ëmwelt- a Klimaschutz an aner ëffentlech Investissementer: dat huet de Finanzminister Pierre Gramegna bei der Presentatioun vum Projet de Moien an der Chamber ugekënnegt. D'Investissementer sollen d'nächst Joer op iwwer 2,8 Milliarden Euro klammen.

auto_stories

3 min

D'Recetten an d'Depensë beim Zentralstaat sollen d'nächst Joer all Kéier bei iwwer 20 Milliarden Euro leien: gerechent gëtt mat engem Defizit vu 640 Milliounen Euro fir 2020. Déi ëffentlech Schold soll sech an den nächste Joren no an no reduzéiere, fir 2023 17,5 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung ze erreechen.

Explikatioune vum Serge Kesselerplay_arrow

Am Budgetsprojet ass virgesinn, datt de Staat eng éischte Kéier een nohaltegen Emprunt vu maximal enger Milliard Euro wëllt erausginn. 2020 solle beim Staat iwwer 1.800 Platzen zousätzlech geschafe ginn.

En Defizit beim Zentralstaat

Héich ëffentlech Investissementer 2020, mat engem groussen Deel dovu fir Ëmwelt a Klima: dat bedeit een Defizit vun iwwer 600 Milliounen Euro beim Zentralstaat, huet de Finanzminister bei der Presentatioun vum Budgetsprojet annoncéiert.

Wann de Staat manner géif investéieren, da kéint de Budget am Equiliber sinn, huet de Finanzminister Pierre Gramegna a senger Ried präziséiert. Wéinst de groussen Erausfuerderunge wéilt een awer net bei den Investissementer spueren, seet de Pierre Gramegna:

"Duerch dës héich Investissementer wäerte mir 2020 erëm een Defizit hunn. Mee wéi ech virdru gewisen hunn, deen Defizit hu mir gutt am Grëff an an dëser Legislaturperiod wäerte mer erëm ganz séier op eng schwaarz Null kommen."

Ee Budget fir eng nohalteg Zukunft

Mam Budget 2020 géif d'Regierung och Verantwortung fir eng "nohalteg Zukunft" huelen, huet de Minister annoncéiert. Fir den ëffentlechen Transport ass bal eng Milliard virgesinn. An de Staat wëllt d'nächst Joer eng éischte Kéier een nohaltegen Emprunt erausbréngen:

"Dësen Emprunt, dee maximal bis eng Milliard wäert goen, wäert exklusiv dofir benotzt gi fir Projeten ze finanzéieren a Saache Klima, Ëmwelt a soziale Beräich."

Mam Budget 2020 géifen och eng Rei Mesurë geholl ginn, déi hëllefen, datt d'Leit méi liicht un e Logement kommen, esou de Pierre Gramegna. Seng eegen Immobilie wëllt de Staat méi energieeffiziente maachen. Donieft wëllt de Staat eng Partie zousätzlech Plaze schafen.

"An d'Zuel vun de Posten, déi geschaaft ginn, läit bei 1.830. Déi grouss Beneficiairen an Zuele vun dëser Augmentatioun ass den Enseignement, d'Police an d'Personal beim neie Prisong"

Mam Staatsbudget fir d'nächst Joer wäert präziséiert ginn, datt all Steierruling, dee virun 2015 gemaach gouf, Ufank 2020 automatesch hifälleg gëtt, huet de Finanzminister beim Thema Betribsbesteierung a Steier-Transparenz ugekënnegt.

STATEC schrauft Previsiounen zeréck

Virum Pierre Gramegna senger Budgetspresentatioun huet de Ferdy Adam vum Statec drop higewisen, d'Risiken fir d'Wirtschaft hätten an de leschte Méint zougeholl - ënner anerem wéinst dem geplangte Brexit, a wéinst dem Handelskrich tëschent China an den USA.

De Ferdy Adam seet, dës Situatioun wier net nei, mee duerch déi international Risike wieren am Moment och "Bremsspuren" zu Lëtzebuerg ze spieren. De Statec huet seng Wirtschaftsprevisiounen dofir zeréckgeschrauft: Am Mee huet de Statec nach ee Wuesstum vun 3,3 Prozent erwaart, déi Previsioune gouf elo op ënner 2,5 Prozent zeréckgeschrauft.

De ganzen Interview mam Ferdy Adam lauschterenplay_arrow