Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg demissionéiert

Récktrëtt

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg demissionéiert

D'Carole Dieschbourg trëtt als Ëmweltministerin zeréck. Dat huet si de Freideg, kuerz viru Mëtteg virun der Press annoncéiert. Dat an der Suite vun der Affär Traversini/Dieschbourg, och nach Gaardenhaisschen-Affär genannt. De Claude Turmes géif den Interim iwwerhuelen, sou d'Carole Dieschbourg.

auto_stories

2 min

D'Deklaratioun vun der Carole Dieschbourgplay_arrow


Si kéint net vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn, ouni datt hir Immunitéit vun der Chamber géif opgehuewe ginn, sou d'Carole Dieschbourg. Fir an dëse Krisenzäite keng weider Zäit an dëser Affär ze verléieren an ze vermeiden, datt d'Affär an der Chamber vu vir misst opgerullt ginn, hätt si decidéiert hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen an zeréckzetrieden.

Si hätt an dësem Dossier vun Ufank un op Transparenz gesat a si hätt sech näischt virzewerfen, sou d'Carole Dieschbourg weider.

De Parquet hat de Moie matgedeelt, datt de Ball wéinst den Dispositiounen an der Lëtzebuerger Constitutioun elo bei der Chamber léich. Kuerz dono hat d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg per Communiqué matgedeelt, datt si sech "nach ëmmer" näischt virzegheien hätt.

D'Carole Dieschbourg krut virun dräi Joer ënnert anerem vum CSV-Deputéierte Michel Wolter reprochéiert, géint d'Naturschutzgesetz verstouss an de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini bevirdeelegt ze hunn. De Roberto Traversini huet wéinst der Affär demissionéiert a sech komplett aus der aktiver Politik zréckgezunn.


D'Reaktioun vum grénge Co-Parteipresident

D'Carole Dieschbourg hätt de Parteigremië vun déi Gréng hir Decisioun de Moie matgedeelt, sou de Co-Parteipresident Meris Sehovic.

"Dat ass eng Decisioun déi d'Carole eleng geholl huet. Op där enger Säit vir d'Enquête ze facilitéieren a fir kënne fir maximal Transparenz ze suergen an op där anerer Säit och a wichtegen Dossiere vun Ëmwelt- a Klimaschutz, déi nach ustinn, kënne weider ze fueren.

D'Reaktioun vum Meris Sehovicplay_arrow

Mir als Partei hu gréisste Respekt virun där integerer Decisioun. D'Amtszäit vum Carole Dieschbourg stellt e beispilllost Joerzéngt fir konsequente Klima- an Ëmweltschutz duer. Mir danken him vu ganzem Häerze fir säin éierlechen an onermiddlechen Asaz fir d'Biergerinnen a Bierger, fir d'Ëmwelt, fir de Planéit.
De Parteivirstand wäert sech elo zäitno mat der Fro beschäftegen an da wäert d'Partei op engem aussergewéinleche Kongress iwwer eng Propos ofstëmmen, sou de Meris Sehovic.

Den Historique vun der Affär vum Jacques Ganserplay_arrow