Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltschutz: Firwat keng Solidaritéit mat de Jonken

Prisma

Ëmweltschutz: Firwat keng Solidaritéit mat de Jonken

No der Klimademonstratioun vu 15.000 Schüler um Knuedler gëtt sech d'Fro gestallt, wat Ëmweltschutz haut kann heeschen a wéi iwwer dës Thematik an der Ethik nogeduecht gëtt. Et stellt sech d'Fro, firwat mir net all op d'Strooss ginn aus Solidaritéit mat deene Jonken.

auto_stories

7 min

Sinn dat heiten nei Iddien, déi eis mussen appelléieren a wat bräicht et fir wierklech eppes ze bewierken. Net just beim Klima, mee och wa mir wëlle sécherstellen, datt an Zukunft nach Mënsche kennen op dëser Äerd liewen. Hei ginn et verschiddenen Iddie vu Philosophen, wéi z. B. eng Ekodiktatur, déi Nohaltegkeet als eenzegt Zil setzt fir all politesch Entscheedung. Eng Iddi, déi de Moment zwar nach wäit hiergeholl ze si schéngt, mee iwwer déi een awer eng Kéier nodenken däerf.

De 15. Mäerz, also viru ronn engem Mount, hu ronn 15.000 Schüler um Knuedler gestreikt. Si hunn un d'Politiker zu Lëtzebuerg appelléiert fir méi fir de Klimaschutz ze maachen. Datt dat méi einfach gesot ass, wéi gemaach, dierft deene meeschte Jonken och kloer sinn. Si schéngen hei awer nach manner resignéiert ze si wéi mir, déi eis vläicht ze vill mat der Situatioun wéi se ass, offonnt hunn. Dat esou laang, wéi mir d'Suitten dovun net ze extrem ze spiere kréien. Och den Zynismus vu menger Generatioun, den 80er, déi mengen, datt déi Jonk jo hypokritesch wiere fir engersäits ze demonstréieren, an anersäits deier an ëmweltschiedlech Handyen ze besëtzen, gëtt der Saach net wierklech gerecht. Mee et hëlt ee just bequem aus der Verantwortung.

Inspiréiert gouf de Streik jo vun deem jonke Meedchen Greta Thunberg, dat duerch beweegend Rieden an Aktioune Jonker weltwäit konnt inspiréiere fir op d'Strooss ze goen. A senge Rieden appelléiert hatt un d'Politiker endlech aktiv ze ginn a méi direkt géint de Klimawandel virzegoen. Mat Aussoe wéi: "Firwat an d'Schoul goen, wann déi Welt, op déi déi Jonk haut virbereet ginn, muer net méi existéiert", gouf hatt bekannt. Och gesäit hatt virun allem d'Politiker a räiche Länner an der Flicht, fir méi fir d'Klima ze maachen.

Wat ass nei?

Esou Aussoe sinn natierlech net nei. Sätz wéi "mir hunn dës Welt just geléint" oder "mir hunn eng Verantwortung fir déi nächst Generatioun", si scho zanter Joerzéngten Deel vum Pathos vu Politiker, egal vu wéi engem Bord. Nei sinn awer de Personnage an d'Mobiliséierung vu Jonken. Also de Personnage vun enger 15 järeger charismatescher Schülerin, déi duerch Rhetorik a perséinlech Aktiounen ze begeeschtere weess. D'Mobiliséierung vu Jonken iwwer sozial Netzwierker ass dann den zweeten neie Moment heirun.

D'Verantwortung géigeniwwer zukünftege Generatiounen ass dogéint net nei, mee am Géigendeel en uraalt Thema vun der Ethik, woubäi dat iwwer Joerhonnerten net ëmmer als spezifescht Thema behandelt gouf. Norme fir eng Zukunftsverantwortung war vill méi en Deel vun der Traditioun oder dem allgemenge schreckleche Verhalen. Dat zum Beispill vu verschiddene Stänn, Beruffsgruppen. Si waren Deel vun de reliéisen oder kulturellen Traditiounen a goufen och net weider hannerfrot.

Als Beispill fir dës Iddi vum Dieter Birnbacher nennt hien d'Planze vun Olivebeem, d'Uplanze vun engem Bësch oder d'Drécheleeë vun engem Moor. Heibäi vergeet ëmmer méi wéi eng Generatioun, bis d'Friichte vun der Aarbecht kennen ageholl ginn. Sou kann et honnert Joer dauere bis aus nei ugeplanzte Beem en ausgewuessene Bësch gëtt, oder en entwässerte Moor kann aktiv genotzt ginn.

Haut liewen déi Meescht vun eis esou, datt mir e puer Äerde bräichten, fir datt déi nächst Generatiounen och nach esou liewe kéinten. Ob der anerer Säit kann ee verstoen, datt d'Nokrichsgeneratioun, op d'mannst an Europa, no Millioune vun Doudeger, Honger an onendlechem Leed, och keen Interêt gesinn huet fir sech anzeschränken. Si wollte virun allem datt hir Kanner all Fräiheete kéinte genéissen, déi de Krich hinne geholl hat. Datt Ressourcen net onendlech sinn, war awer och schonn deemools kloer. Mee en ethesche Prinzip, deen no all deem Erlieften Nohaltegkeet priedegt, war laang Zäit ondenkbar.

Eng nei Brisanz

Haut huet d'Nodenken iwwer d'Normen, déi eist Handelen, och par Rapport zu enger nächster Generatioun bestëmmen, eng nei Brisanz krut, an dat, dem Birnbacher no, virun allem aus dräi Grënn:

Éischtens: Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der Mënschheet steet d'Fro vum Iwwerliewe vun der Gattung Mënsch selwer um Spill. Dobäi brauch een net just un Atombommen asw. ze denken, mat deene mir eis kéinten ausläschen, mee och u Biowaffen, kënschtlech Viren oder chemesch Waffen. Heigéint hunn d'Schüler de 15. Mäerz zwar net demonstréiert, mee et gehéiert zur ethescher Fro nom Handelen an der Récksiichtnam op eng zukünfteg Generatioun. Experimenter ronderëm d'Klone vum Mënsch weisen, datt och de mënschleche Genom keen Tabu méi ass, wat wäitreechend Konsequenzen op zukünfteg Generatioune kann hunn.

Zweetens: Den technesche Potential vum Mënsch klëmmt an dat Onvirstellbart. D'Auswierkunge vun eisem CO2 Ausstouss si just nach mat dramatesche klimatesche Verännerunge wéi se zum Beispill déi lescht Äiszäite mat sech bruecht hunn, ze vergläichen. Dobäi kënnt den Ëmgang mat Gëfter, déi eise Liewensstil mat sech bréngt, sou z. B. de radioaktiven Dreck, deen d'Atomkraaftwierker produzéieren, an deen aller Viraussiicht no och nach no Joerdausenden net onschiedlech ass.

Drëttens: Mir wëssen ëmmer méi iwwer d'Konsequenze vun eisem Handelen, respektiv eisem Net-Handelen. Mir wëssen z. B. wat fir e katastrophale Bilan eise Fleeschkonsum op d'Ëmwelt huet. Desto méi mir awer wëssen, desto méi grouss ass och den Drock fir entspriechend ze Handelen. Eis Prognose ginn ëmmer méi genee an och d'Konsequenze vun eisem Handele fänke mir un ëmmer méi um eegene Leif ze spieren. Dat heescht, datt eise Spillraum fir ze soen: "mir woussten et net besser" oder d'Eegeverantwortung ofzeginn, gëtt ëmmer méi kleng.

De Mënsch mécht sech eppes vir

Donieft hale mir awer och nëmmen allze gär u léif gewonnene Mythe fest, wéi zum Beispill d'Virstellung, datt eng mirakuléis technesch Erfindung all eis Problemer ka léisen. Eng Virstellung, déi aus engem gewëssen Technikglawe gebuer ass, an déi op Technik hofft fir eis ze retten. E Beispill wier d'Kal Fusioun, als onendleche propperen Energieliwwerant oder de propperen Auto, deen 0-Emissioune verursaacht an nach CO2 aus der Loft zitt. Oder och d'genetesch verännert Bioplanz, déi onendlech Nahrung liwwert. An der Erwaardung vun dësem technesche Wonner kann ech dann am Fong mat rouegem Gewësse meng Gewunnechte bäibehalen an d'Vernonft ignoréieren.

En anere Mythos schéngt mir deen ze sinn, datt de Marché dat schonn alles reegelt, well duerch e méi ekologesch orientéierten an informéierte Konsument och e méi ekologesche Marché wäert entstoen, deen op kuerz oder laang zu enger méi nohalteger Industrie wäert féieren, an de Problem sech doduerch vum selwe léist.

Mee wat wier d'Alternativ, eng drastesch Situatioun mat drastesche Mesuren ze bekämpfen?

Brauch et eng Aart Ekodiktatur, wou Fräiheetsrechter massiv fir d'Allgemenggutt ageschränkt ginn an all politesch Entscheedung um Prinzip vun der Nohaltegkeet muss gemooss ginn? Rechtsstaatlech an demokratesch Fräiheeten, déi d'Ëmsetze vun den Ziler vun dëser Ekodiktatur blockéieren, missten an dësem Zeenario geopfert ginn. Dësen Usaz ass deene Meeschte wuel ze extrem an d'Situatioun fillt sech och nach net brisant genuch u fir heirop zeréckgräifen.

D'Konzept vun der ekologescher Wourecht

Eng Alternativ ass de Virschlag vum Ernst Lurich von Weizäcker dee seet, datt Präisser lues a lues mussen ugepasst ginn an zwar esou, datt se der ekologescher Wourecht vun engem Produit entspriechen. Sou géif Ëmweltschutz an de fräie Maart Hand an Hand goen, an de Konsument fir ekologescht Verhale belount ginn. Wat awer elo déi "ekologesch Wourecht" vun engem Produit genee duerstelle soll, a wéi déi ermëttelt an ëmgerechent soll ginn, ass nach manner kloer.

Zum Schluss awer nach en Trick, deen den US-Psycholog Wesley Schulz mat Erfolleg ausprobéiert huet: Hien huet déi üblech Sätz an Hotellen, déi soen, du solls hëllefen d'Ëmwelt ze schützen an däin Duch op de Buedem leeën, wann s de et gewäsch wëlls hunn, duerch nei Schëlter ersat, déi eben e psychologeschen Trick notzen, deen op engem normative Vergläich opbaut: Hei huet et dann op eemol geheescht: "Maacht et wéi d'Majoritéit vun deenen anere Gäscht am Hotel a passt op är Ëmwelt op". Doduerch datt mir eis nëmmen allze gär um Verhale vun aneren orientéieren, goufen dann hei och 35 Prozent manner Handdicher verbraucht.

Vläicht ass den direkte Verglach mam Noper, jo och grad hei zu Lëtzebuerg, wou all Mënsch all Mënsch kennt, e Wee fir zu méi Nohaltegkeet ze fannen. Fir d'Fuerderunge vun de jonken Demonstranten ëmzesetze geet dat awer sécher nach net duer. Dofir misst ee scho bereet sinn, sech näischt méi virzemaachen an eventuell op léif gewonne Fräiheeten ze verzichten.