Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltverschmotzung duerch ArcelorMittal Florange?

Pollutioun

Ëmweltverschmotzung duerch ArcelorMittal Florange?

Salariéë vun ArcelorMittal Florange a Sous-Traitanten sollen dausende Liter Saier an d'Natur geschott hunn. De Stolproduzent distanzéiert sech vun de Reprochen. Et leeft eng intern Enquête an och déi zoustänneg Autoritéiten a Frankräich sinn ageschalt. Op Lëtzebuerger Säit waarde Regierung a Gewerkschaften op Detailer.

auto_stories

2 min

Dausende Liter Saier wieren illegal an engem Schlaken-Tipp bei Hayange galant. Dat schreift de Republicain Lorrain, dee sech op d'Ausso vun engem Salarié vu Suez Environnement berifft. Dës Firma entsuergt als Sous-Traitant Industrieoffäll fir ArcelorMittal Florange.

France Bleu Lorraine huet ee Video publizéiert, wou ee Camionschauffer filmt, wéi hien eng giel Flëssegkeet an ee Schlakentipp fléisse léisst.

"Sou ginn zu Florange bei Arcelor d'Offäll recycléiert. Mir schëdde Saier an déi schéin Natur, fir eis Kanner. A mir soen, et wier Eise-Bulli. Fir mech ass dat Saier."

Hien hätt als Interims-Chauffeur bei Arcelor Saier transportéiert, erkläert de Mann an engem Interview mat France Bleu. "Normalerweis hätt ech se an e Recycling-Zenter op Malancourt soll bréngen." Awer dunn hätt hie vun Arcelor gesot kritt, hie sollt d'Saier op de Schlaken-Tip schëdden.

Intern Enquête bei ArcelorMittal

Et ass Saier an d'Natur geroden, mä et ass nach net kloer, wéi vill, sot de President vun der Communautéit vun de Gemengen aus dem Val de Fensch, de Michel Liebgott en Dënschdeg géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.

ArcelorMittal huet via Communiqué matgedeelt, de Konzern wier op kee Fall um Ursprong vun de presuméierten Deversementer. Et hätt een eng intern Enquête lancéiert a géif envisagéieren, eng Plainte ze maachen.

Aner Sous-Traitanten zu Lëtzebuerg

Am Lëtzebuerger Ëmweltministère heescht et, et géif een d'Situatioun eescht huelen an observéieren, och wann een net kéint an franséisch Prozeduren agräifen. Et misst een elo d'Resultater vun den Enquêten ofwaarden. Fir den Ament géif een net dovun ausgoen, datt Lëtzebuerger Sitte vun ArcelorMittal vun engem ähnleche Problem concernéiert wieren. Och d'Gewerkschaften LCGB an OGBL soen, si géifen den Ament nach op zousätzlech Informatioune waarden.

ArcelorMittal zu Lëtzebuerg schafft eegenen Indikatiounen no net mat den nämmlechte Sous-Traitanten zesummen, wéi zu Florange, mä mat der Firma Lamesch. An all Offäll géifen uerdnungsgemäss entsuergt ginn, sou de Pressespriecher vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.