Radioen

On air

Kultur um 5  |  Blossoms - Your Girlfriend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En abstrakt Konzept, dat ënner senger eegener Ambitioun leid

Groussregioun

En abstrakt Konzept, dat ënner senger eegener Ambitioun leid

Lëtzebuerg huet d'Presidence vum Sommet de la Grande Région iwwerholl. Den Zesummeschloss vu fënnef Regiounen aus véier Länner huet sech grouss Zieler gesat. De Bierger gëtt méi an de Mëttelpunkt gestallt, d'Kooperatioun a Saachen Transport an Educatioun soll weider ausgebaut ginn. Mee d'Groussregioun ass en abstrakt Konzept an d'Ëmsetzung vu gemeinsame Projeten klappt net ëmmer sou wei geplangt.

auto_stories

4 min

Mat groussem Tamtam huet Lëtzebuerg d'Presidence vum Sommet vun der Groussregioun iwwerholl. De Premierminister Xavier Bettel an d'Corinne Cahen, Ministerin fir d'Grande Région, haten invitéiert, fir déi gemeinsam Ziler fir déi nächst zwee Joer ze presentéieren. D'Opmaachung vum Evenement an de Rotonden huet vill versprach. Musek, Filmer, grouss Verspriechen.

De Gipfel vun der Groussregioun geet dëst Joer an de 16. Tour. Zënter dem éischte Sommet virun 22 Joer huet sech ëmmer nees gewisen, datt grouss Projeten net konnte realiséiert ginn. De Wëssenschaftler Patrick Bousch vum LISER, dem Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, kritiséiert, datt sech d'Partnerregiounen net genuch op eenzel Projeten géife konzentréieren.

An den Deklaratioune vum Sommet géif ee vill Sujeten a vill Projete fannen. Awer et misst ee sech iwwer gemeinsam Abitiounen eens ginn, fir grouss Projete kënnen ze finanzéieren, déi ee wichtegen Impakt op d'Groussregioun hätten.

Datt dës Kooperatioun net ëmmer efficace ass, läit sécherlech net un ze wéineg Engagement. Nieft dem Sommet gëtt et en interregionale Parlamentarierrot, e Wirtschafts- a Sozialcomité an e gemeinsame Gewerkschaftsrot.

Ofhängegkeet vun den nationale Regierungen

Déi intensiv Zesummenaarbecht tëscht de Regiounen geet méi wei 40 Joer zréck. Mee trotz all dësen Institutiounen feelt et un institutioneller Déift. Well, an dat ass den Haaptproblem, d'Regioune kënnen eben net alleguer selwer Decisiounen treffen oder se ëmsetzen, preziséiert de Patrick Bousch. Déi meescht Regioune wieren ofhängeg vun der Haaptstad vum jeeweilege Land. Um Niveau vun der Groussregioun wiere si kaum ënnertenee verbonnen.

Während déi däitsch Bundeslänner Rheinland-Pfalz a Saarland a bestëmmte Beräicher, wei an der Educatioun an an der Kultur, selbststänneg kënnen Initiativ ergräifen, ass d'Lorraine zum Beispill vill vu Paräis ofhängeg. Wat méi Acteuren engem Projet am Wee stinn, wat méi ka schif goen.

Der Groussregioun feelt eng supranational Instanz, un déi di fënnef Regiounen kéinten Kompetenzen oftrieden. Esou eng Instanz wier an der Lag, effektiv, zentraliséiert an ouni grouss Hürden ze schaffen. Zënter 2014 gëtt et mam permanente Gipfelsekretariat zwar eng gemeinsam Adress. Mee och dës institutionell Avancë géifen net all strukturell Problemer aus dem Wee raumen, seet de Stephan Toscani, Minister fir Europa am Saarland. D'Haus vun der Groussregioun mam Sekretariat wier een éischte Schrack. Awer och hie gëtt ze bedenken, datt d'Regiounen all op hir national Regierungen ugewise sinn.

Dat läit awer net just um Feele vu festen Institutiounen, mee och um Finanzement. D'Groussregioun gräift an der Reegel op EU-Fongen zeréck. Mee och Sue vun der Europäescher Unioun géif et just ginn, wann ee sech gemeinsam voll fir eng Saach asetzt, sou de Patrick Bousch.

Finanziell Responsabilitéit vu Lëtzebuerg

De Wëssenschaftler gesäit an Punkto Finanzéierung awer och eng gréisser Responsabilitéit bei Lëtzebuerg. Well vun den 220.000 Frontalieren an der Groussregioun der bal 170.000 all Dag op Lëtzebuerg kommen, misst de Grand-Duché besonnesch am Mobilitéitssecteur e méi groussen Deel vum Finanzement iwwerhuelen. D'Steiere vun de Frontalieren finanzéiere just d'Infrastrukturen zu Lëtzebuerg, awer net an de Gemengen ëm d'Grenz. Fir dat méi gerecht opzedeelen, ka sech de Patrick Bousch e System virstellen, deen op der Redistributioun baséiert.

Datt steierlech Kompensatiounen u Frankräich géife bezuelt ginn, ass am November d'lescht Joer scho bei engem Treffen vun der Commission intergouvernementale franco-luxembourgeoise ugeschwat ginn. Ënnert anerem de franséische Staatssekretär fir Europa, den Harlem Désir, well Entschiedegung fir déi franséisch Gemengen, déi wéinst de Frontalieren an d'Infrastruktur mussen investéieren.

"Eng ganz solidaresch Regioun"

D'Corinne Cahen wëll sech op déi Diskussioun mam Nopeschland awer net aloossen, dat sot d'Ministerin an engem Interview mam Lëtzebuerger Journal. De Grand-Duché hätt an de leschte Joren héich Investissementer an der Grenzregioun gemaach. Lëtzebuerg huet ënnert anerem Zuch- a Buslinne matfinanzéiert.

Lëtzebuerg ass wéinst senger Lag, mee eben och wéinst der Situatioun um Aarbechtsmarché, de Mëttelpunkt vun der Groussregioun. Trotzdem wäert och d'Presidence vum Sommet näischt dorun änneren, datt finanziell Froen um Prinzip vun der Solidaritéit baséieren, verdäitlecht d'Corinne Cahen. Jidderee géif dat Selwecht contribuéieren. Als Beispill nennt d'Ministerin d'Sekretariat. An deem Fall hätt Lëtzebuerg d'Gebai zur Verfügung gestallt, awer fir de Rescht wier et eng ganz solidaresch Regioun.

Mat der institutioneller Situatioun hu sech d'Vertrieder vun de Regiounen offonnt. Ënnert den aktuelle Konditiounen dierft et fir d'Groussregioun schwéier ginn, déi grouss Problemer vun Transport a Mobilitéit unzegoen. A mat dem geplangte Mautgesetz an Däitschland steet de nächste grousse Chantier scho virun der Dier.