Radioen

On air

Kultur um 5  |  Teaser Skateboard-Radio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En Defi fir déi Leit, déi spueren"

Geldpolitik

"En Defi fir déi Leit, déi spueren"

D'Geldpolitik vun der Europäescher Zentralbank stéisst esou lues un hir Limitten, seet de Chefekonomist vun der BGL BNP Paribas Yves Nosbusch. D'EZB kéint mat nidderegen Zënsen zwar dozou encouragéieren, datt méi investéiert gëtt, si kéint awer keng Investissementer forcéieren.

auto_stories

3 min

Den Yves Nosbusch ass Chefekonomist bei der BGL BNP Paribas

Déi europäesch Zentralbank hätt ënner dem President Mario Draghi, deem säi Mandat d'lescht Woch op en Enn gaangen ass, eng Rei innovativ Instrumenter entwéckelt, sou de Chefekonomist vun der BGL BNP Paribas Si hätt mat niddregen Zënse gemaach, wat se kéint. Elo wieren d'Regierunge mat deenen Instrumenter, déi hinnen zur Verfügung stinn, gefuerdert, fënnt den Yves Nosbusch:

"D'Europäesch Zentralbank kann d'Zënsëmfeld schafen, dat favorabel ass fir den Investissement. An dat huet se gemaach. Mee si kann net den Investissement forcéieren. Mir kommen haut no an no un d'Limitte vun deem, wat d'Geldpolitik ka bewierken. An dofir gëtt et, wann een d'Ekonomie wëllt stimuléieren, ëmmer méi wichteg, datt de budgetären Aspekt e bësse vun där Roll iwwerhëlt."

De Mario Draghi hätt a senge leschte Riede kloer betount, datt et senger Meenung no ganz wichteg wier, datt d'Budgetspolitik e bëssen de Relais géif huele vun der Geldpolitik.

Eng gutt Croissance fir jiddwereen

Den Yves Nosbusch bewäert d'Aarbecht vum Mario Draghi positiv, och d'Politik vun den niddregen Zënsen. D'Europäesch Zentralbank misst eng Geldpolitik maachen, déi global makroekonomesch déi Bescht ass fir déi gesamt Wirtschaft vun der Eurozon. Wann een d'Zënse ganz erof géif setzen, da wier dat am Prinzip éischter net esou gutt fir déi Leit déi spueren a besser fir déi Leit, déi en Emprunt maachen.

D'Iddi wier et awer, fir de globalen Invest ze fërderen. "Wann Der e gudden Investissement hutt, misst Der och d'Produktivitéit in fine domat fërderen, also d'Croissance.", esou den Yves Nosbusch. Dat géif da jiddwerengem zegutt kommen: all Wirtschaft mat enger gudder Croissance wier gutt fir jiddwereen.

"Mee a Court terme ass et effektiv en Defi fir verschidden Acteuren, notamment fir déi Leit, déi spueren. Och de Bankesecteur: de Bankesecteur muss sech do ganz kloer adaptéieren, well dat ass e groussen Defi à court terme. Mee d'Iddi ass global: fir d'Gesamt-Wirtschaft vun der Eurozon ass et déi richteg Decisioun."

Keng Negativzënsen

Datt d'Politik vun den niddregen Zënse vun der EZB dozou féiere kéint, datt d'Banken op de Spuerbicher a -konte vun hire Privat-Clienten Negativzënse verrechnen, gesäit den Yves Nosbusch net an noer Zukunft kommen.

Et wier nach e bëssen ze fréi fir Conclusiounen ze zéien, seet hien. Verschidde Banken an Europa géifen ënner ganz spezifesche Konditiounen ufänken, Negativzënsen ze rechnen, mee et kéint een haut awer keng generell Tendenz an déi Richtung erkennen, esou den Yves Nosbusch: "Dat ass net à l'ordre du jour."