Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  JW Francis - Orbit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En exzeptionellt Fussball-Joer

Réckbléck 2018

En exzeptionellt Fussball-Joer

Déisäit der Musel schwäerme si nach haut vum "Sommermärchen" 2006, där onheemlecher Euphorie, déi dat ganzt Land während der Fussball-Weltmeeschterschaft an Däitschland gepaakt huet. Toutes proportions gardées huet de Lëtzebuerger Fussball dëst Joer esou eppes wéi en Hierschtmäerchen erlieft mat der europäescher Aventure vum F91 Diddeleng an der Nationalequipe an der Nations League.

auto_stories

3 min

D'Nations League: eng nei Competitioun, déi d'UEFA sech afale gelooss huet. Dësen Hierscht gouf se eng éischte Kéier ausgedroen. Emol eng Kéier eng Saach, déi fir kleng Natioune méi attraktiv ass, wéi fir déi grouss. Fir de Federatiounspresident Paul Philipp ass dat de kierzte Wee fir eng kleng Natioun, kënnen un enger Europameeschterschaft deelzehuelen.

Den Dram war bal wouer ginn

An ee Moment huet dat klengt Lëtzebuerg jo wierklech däerfe vun enger grousser Europameeschterschaft dreemen, bis de fënnefte vu sechs Spilldeeg fir präzis ze sinn: et goung lass mat engem 4:0 géint Moldawien, duerno en 3:0 a San Marino.

Déi knapp 1:0 Defaite a Wäissrussland am drëtte Match war net weider schlëmm, well no engem 3:0 heiheem géint San Marino war d'Equipe vum Trainer Luc Holtz nom véierte Spilldag nees vir an der Tabell. Hien hätt sech net erwaart, datt een an der där optimaler Situatioun wier, datt wann een de Match géint Wäissrussland kéint gewannen, datt Lëtzebuerg d'Grupp géif gewannen, mengt hien.

Ee Moment, deen awer net koum

Déi Partie géint Wäissrussland, de 15. November am Stade Josy Barthel, hat deemno de Charakter vun enger Finall. 4.500 Leit waren op de Stade Josy Barthel komm, fir Zeie vun engem grousse Moment ze ginn.

Ee Moment, zu deem et dunn awer net koum. "Mir hu géint eng gutt wäissrussesch Equipe verdéngt verluer". Mat deem Saz huet den Nationaltrainer Luc Holtz seng Pressekonferenz nom Match ugefaangen. An domat war am Fong och schonn alles gesot.

Mat engem 1:1 dräi Deeg duerno a Moldawien ass déi éischt Editioun vun der Nations League awer nach ganz éierbar aus Lëtzebuerger Siicht op en Enn gaangen. "D'Equipe huet einfach gewisen, datt se sech d'Lat héich geluecht huet. Si ass dës Kéier nach net driwwer komm. Dann ass et fir d'nächst Kéier", esou den FLF-President Paul Philipp.

Dem F91 ass et besser ergaangen

Wann der Nationalequipe dee ganz grousse Worf an der Nations League versot blouf, dem F91 ass en der Europa League gegléckt. Déi europäesch Aventure vun Diddeleng fänkt u mat enger Eliminatioun. Am éischten Tour vun der Champions League Qualifikatioun scheitert de Lëtzebuerger Champion un deem ungareschen a gëtt an d'Qualifikatioun fir d'Europa League relegéiert.

Glécklecherweis muss ee bal soen, mam Recul. Well do eliminéiert een noeneen Drita aus dem Kosovo a Legia Warschau aus Polen a steet op eemol an de Play-offs, dat heescht ee Schrëtt virun der Gruppephas. Nom 2:0 am Aller-Match heiheem gëtt doraus just nach en hallwe Schrëtt.

En historeschen Exploit

D'Euphorie ass um Maximum: knapp 300 Leit versammele sech den 30. August an der Diddelenger Sportshal fir de Retour-Match zesummen op groussem Ecran ze kucken, a si si komplett aus dem Haischen, wéi kuerz no der Paus bannen e puer Minutten zwee Goaler falen. Den Diddelenger President Romain Schumacher ass, wéi e méi spéit am Owend zu Cluj am Auto fir op de Fluchhafe sëtzt, nach ganz erschloe vun der Emotioun.

D'Suite ass bekannt: en attraktiven Tirage, den F91 kënnt an eng Grupp mat Panathinaikos Athen, Betis Sevilla an dem AC Mailand an zitt sech respektabel aus der Affär, schéisst dräi Goaler, zwee dovun am Mailänner San Siro Stadion a kritt am leschte Match hei géint Betis Sevilla souguer ee Punkt.

E Lëtzebuerger Veräin an der Gruppephas vun der Europa League: en historeschen Exploit. Eng Widderhuelung ass net ausgeschloss, mee et sollt ee sech dat vläicht awer net am Jorestakt erwaarden.