Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En français, s'il vous plaît!

Fräie Mikro

En français, s'il vous plaît!

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fernand Kartheiser referéiere sech gläich véier Ministeren op eng grouss Ëmfro, déi den Educatiounsministère 2018 duerchféiere gelooss huet a bei där interessant Informatiounen iwwer d'Roll vum Lëtzebuergeschen a méi allgemeng vun der Méisproochegkeet an der Gesellschaft gesammelt goufen. De Fräie Mikro vun der Laura Zuccoli.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

Deemno hunn 98 Prozent vun de Leit uginn, Franséisch kënnen ze schwätzen. 77 bis 80 Prozent hu Kompetenzen am Engleschen, Däitschen an/oder am Lëtzebuergeschen.

Franséisch ass déi dominant Sprooch am Beruff

Bestätegt gouf och, datt d'Salariéen an der Reegel déi dräi Landessprooche beherrschen, déi si am berufflechen Alldag asetzen. Am Beruff ass Franséisch awer déi meescht benotzte Sprooch, virum Lëtzebuergeschen, dem Däitschen, dem Engleschen an um Schluss dem Portugiseschen.

84 Prozent vun de Befrote benotzen an hirem Beruff d'Franséischt am Mëndleche wéi och am Schrëftlechen, wat déi dominant Roll vun dëser Sprooch op eisem Aarbechtsmaart ënnersträicht. D'Lëtzebuergescht gëtt am Beruff vu 70 Prozent vun de gefrote Leit geschwat. Interessant ass, datt ëmmerhin d'Hallschent berufflech och op Lëtzebuergesch schreift.

Méisproochegkeet wäit verbreet

Bemierkenswäert ass, datt net nëmme bei Persounen, déi duerch den traditionelle Lëtzebuerger Schoulsystem gaange sinn, eng méisproocheg Ausriichtung festzestellen ass, mee och bei net-Lëtzebuerger, déi hei am Land wunnen a schaffen. Si all hunn Interêt un enger Villfalt vu Sproochen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et also eng aussergewéinlech grouss Zuel vu Leit, déi méi wéi eng Sprooch beherrschen a benotze fir sech an hirem Alldag auszedrécken. 72 Prozent beherrschen déi dräi Landessprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Dräi Véierel vun de gefrote Leit, vun deene 40 Prozent net-Lëtzebuerger ware, schwätze véier Sproochen oder méi! Déi héich Zuele vun den Aschreiwungen an de ville Sproochecoursen am ganze Land bestätegen den allgemengen Interêt a Wëlle fir sech sproochlech weiderzëentwéckelen.

Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch

Iwwer 90 Prozent vun de befrote Jugendleche beherrschen déi dräi administrativ Sprooche vum Land, wat däitlech iwwer dem Duerchschnëtt vun 72 Prozent vum ganzen Echantillon läit.

Interessant ass och, datt iwwer d'Hallschent vun de Leit der Meenung ass, datt Lëtzebuergesch d'Roll vun der Integratiounssprooch misst iwwerhuelen. Dogéint schwätze sech een Drëttel vun de gefrote Leit fir d'Franséischt als Integratiounssprooch aus.

Franséisch ass déi meescht gefrote Sprooch an der Geschäftswelt, tiens, tiens! D'Patrioten, deenen de Kolli platzt, wa si hire Croissant mussen op Franséisch bestellen, kënnen also och nach weiderhin hir Gal an de Commentairen um Internet versprëtzen.

Am Gesondheetswiesen an am Sozialberäich sinn dogéint gutt bis ganz gutt Kenntnisser vun der lëtzebuergescher Sprooch verlaangt.

Lëtzebuergesch léieren gëtt ënnerstëtzt

Well d'Landespolitiker awer exklusiv vun de Lëtzebuerger gewielt ginn, ass d'Versteesdemech grouss fir déi, déi an de Geschäfter op Lëtzebuergesch wëllen zerwéiert ginn. Aus dësem Grond ginn d'Betriber duerch eng finanziell Ënnerstëtzung encouragéiert, hir Mataarbechter während der Aarbechtszäit a Lëtzebuergesch Sproochecoursen ze schécken, leider net an aner Sproochen!

Da kann ee sech jo nëmme wonneren, datt trotz der enormer Nofro no Lëtzebuergeschcoursen de Budget vum Congé linguistique fir Betriber vu 400.000€ op 250.000 € fir 2019 zréckgeschrauft gouf!

An elo soll nach ee soen, datt hei zu Lëtzebuerg Residente wéi och Frontaliere keng Ustrengunge maache fir Sproochen ze léieren!


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.