Brexit En haarde Brexit ouni Afloss op d'Cargolux-Flich?

Op EU-Niveau lafen de Moment d'Verhandlungen iwwer d'Noutpläng fir de Fall vun engem ongereegelte Brexit: dobäi geet et och ëm de Fluchverkéier. Zentral Froe fir Lëtzebuerg sinn dobäi d'Fluchaktivitéite vun der Cargolux an den Transfert bei d'EU-Kommissioun vun nationale Kompetenzen an dësem Beräich.

Serge Kesseler / cz

Cargolux
Foto: John Fleck / Cargolux

Wéi geséiche bei engem Brexit-"no deal"-Zeenario déi zukünfteg Aktivitéite vun der Cargolux aus? Dat ass also eng vun de Froen, ëm déi et fir de Grand-Duché geet. Bei der Lëtzebuerger Cargo-Airline mécht Groussbritannie ronn siwe Prozent vum weltwäite Volume vun hiren Operatiounen aus.

De Conseiller vum Mobilitéits-Ministère Sam Weissen schwätzt vu "relativ sophistiquéierte Rechter" vu Lëtzebuerg fir d'Volle vun der Cargolux, "déi net nëmme vun engem Punkt op deen anere ginn, wéi Findel-London an zeréck, wat eng Basis-Connectivitéit ass, mee e bësse weider, mat drëtte Punkten. Do geet et besonnesch drëms och d'Relatioune China-UK, Afrika-UK, USA-UK oprecht ze erhalen", sou de Sam Weissen.

D'EU-Kommissioun hat hir Virschléi fir dat geplangte Reglement mat den Noutmesurë fir een eventuellen haarde Brexit virun enger Rei Woche presentéiert. Wann den Text am EU-Conseil esou géif bestoe bleiwen, wéi e vum Mobilitéits-Ministère reviséiert gouf, da kéint d'Cargolux weider fléie wéi bis elo.

E bilateralen Accord mat Groussbritannien ofschléissen?

Wann dat geplangte Reglement net géif ugeholl ginn oder déi spezifesch Cargo-Rechter net ofgedeckt wieren, da misst Lëtzebuerg eventuell op de Wee vun engem bilateralen Accord mat Groussbritannie goen, explizéiert de Sam Weissen.

Wa Lëtzebuerg seng Interessen net duerchgesat kréich, da wiere juristesch Schrëtt net ausgeschloss, esou de Beamte vun der permanenter Lëtzebuerger Vertriedung bei der EU.

Wéinst der Fro vun de Lëtzebuerger Interessen am Aviatiounsberäich am Kontext Brexit, hat de Minister François Bausch am November d'lescht Joer e Bréif un d'EU-Kommissioun geschéckt.

Weidere Verlaf vu Verhandlungen ongewëss

Am Dezember 2018 hätt de Xavier Bettel nach emol Drock gemaach. Doropshin hätt ee vun der EU-Kommissioun Äntwerte kritt, déi net zefriddestellend gewiescht wieren, sou de Sam Weissen. "An elo hu mir een Accord op den Text op der Säit vum Conseil, wou d'Memberstaate sëtzen, dat ass elo d'Hallschent vum prozedurale Wee."

Dës Woch geet et viru mat de Verhandlunge mam Europaparlament. Dem Sam Weissen no wéisst een net genee, wat dobäi erauskéim. Den Afloss vu Lëtzebuerg op d'Verhandlunge mam Europaparlament wier nëmme limitéiert. Nieft der Fro, wéi d'Cargolux viru fléie kann, geet et ëm d'Fro, ob Lëtzebuerg seng Kompetenz fir Fluchrechter auszehandelen un d'EU-Kommissioun ofgëtt.

Lëtzebuerg huet Noutmesüren ausgehandelt

Wann d'Propositioun esou géif ugeholl ginn, wéi se ufanks formuléiert war, "dann hätte mir effectivement eis Kompetenz ganz un d'EU ofginn", sou de Sam Weissen. "Domat hätt Lëtzebuerg och keng Flexibilitéite méi gehat fir selbststänneg Accorden, Rechter auszehandelen. Wat problematesch ass, well mir trotzdem mat Cargolux éischter an engem Nischen-Domaine sinn, a spezifesch Rechter brauchen."

Fir de Moment wier virgesinn, datt Lëtzebuerg seng Kompetenz nëmmen esou laang misst ofginn, wéi eventuell Noutmesurë gëllen, esou de Sam Weissen. Wann d'Noutmesuren nees ausser Kraaft gesat ginn, kritt Lëtzebuerg seng Kompetenzen nees zeréck.

D'Noutmesuren, déi de Moment viru verhandelt ginn, trieden nëmmen a Kraaft, wann et zu engem Brexit ouni Accord kënnt. An deem Fall géif de Grand-Duché also national Kompetenzen oftrieden, an nom Enn vun den Noutmesuren zeréckkréien. Dat hätt ee kënnen aushandelen, seet de Sam Weissen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Zhengzhou
Aviatioun

D'Cargolux bedeelegt sech zu 25 Prozent un der chinesescher "Henan Cargo Airline". Dës nei Gesellschaft soll fréistens Enn 2018 ufänke mat fléien. D'Cargolux investéiert 55 Milliounen US-Dollar.

Photo-3---Bank-of-China.jpg
Visite a China

De Xavier Bettel ass op offizieller Visite a China. Et goufen eng Rei Accorden an Absichtserklärungen ënnerschriwwen. Donieft stounge Gespréicher mat de Vertrieder vun chinesesche Banken um Programm.

De Xavier Bettel op Visite a China
Bettel a China

De Xavier Bettel gëtt vum chinesesche Premier LI Kequiang empfaangen. Hien ass op offizieller Visite a China. Seng Visite kéim zu engem wichtege Moment. China géif international wichteg Roll spillen.

François Bausch
Fluchrechter vum Qatar

Seng onlimitéiert Fluchrechter krut de Qatar am Kader vum Verkaf vun engem Drëttel vun der Cargolux u Qatar Airways, seet de Minister Bausch. D'Fro, wat Lëtzebuerg dovun hat an huet, bleift ouni Äntwert.

Pressekonferenz-Cargolux Exklusiv
Suite vum Personalkarussel

D'Cargo-Airline brauch schonn nees en neie Generaldirekter. D'Cargolux huet d'100,7-Informatiounen iwwer dem Dirk Reich seng Demissioun en Donneschdeg de Mëtteg confirméiert.

RER Aviation.JPG
Table Ronde Aviatioun

Ryanair, Aviapartner a Qatar Airways: Eng gutt Noriicht fir d'Aviatioun oder eng Gefor vu Sozialdumping? Den Adrien Ney, de François Bausch, de Johan Vanneste an den Hubert Hollerich si sech net eens.

findel kontroll ana.JPG
Findel

De Kontrollerverband LACA gleeft dem Minister Bausch net, wann dee vu “Synergie” schwätzt. Engem auslännesche Bedreiwer d’Kontroll vum Loftraum iwwerloosse wier eng Auslagerung.

ryanair2.JPG
Findel

Ryanair operéiert vum 1. September un och um Findel. Fir Luxair Group stellt d'Bëllegfluchgesellschaft "eng grouss Konkurrenz an eng Gefor" duer.

20150502-dury-DSCF4659-1024x682.jpg Exklusiv
Kollektivvertragsverhandlungen

Méintelaang huet den LCGB d'Kollektivvetragsverhandlunge bei der Airline blockéiert. De 16. Dezember huet d'Gewerkschaft iwwerraschend gréng Lut ginn. An domat eng Klo a Milliounenhéicht evitéiert.

2015-02-23-jcf-Foto-Reich-Helminger-Forson-1024x768.jpg

D’Cargolux leet hir Pläng op Äis fir Personal a Richtung Italien auszelageren. Am Dossier vum Dag dësen Dënschdeg huet de Jean-Claude Franck déi Decisiounen analyséiert

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen