Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En haarde Coup fir d'Horesca

Fermeture vun Horesca-Betriber

En haarde Coup fir d'Horesca

Fir d'Ausbreedung vum neie Coronavirus ze bremsen, huet den Premier Xavier Bettel gëschter annoncéiert, datt Restauranten a Caféen fir d'Consommatioun op der Plaz mussen zoumaachen, och wa si Iesse fir ofzehuelen oder ze liwwere kënne preparéieren.

auto_stories

1 min

Datt d'Caféen an d'Restauranten hir Diere musse fir Clienten zouloossen, gëtt en haarde Coup fir de Secteur, seet de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp, mee et géif ee verstoen, datt d'Regierung alles misst maachen, fir d'Ausbreedung vum Virus ze bremsen. Bei verschiddenen Entreprise wier de Réckgang vun der Aktivitéit schonn do gewiescht, an dowéinst wier dës Annonce elo net méi esou schlëmm. Et wieren och Patronen, déi frou wieren, datt d'Regierung sech elo positionéiert an eng Decisioun geholl hätt, well si sech Suergen ëm d'Sécherheet vun hire Mataarbechter gemaach hätten. Méiglecherweis géif een Deel vun de Restauranten awer weider Plate preparéieren, fir ze liwweren. Déi Méiglechkeet besteet den Ament nach. D'Betriber kënne Kuerzaarbecht fir hir Mataarbechter ufroen an och vu méi generéisen De-minimis-Hëllefe profitéieren, fir hir lafend Käschten ze decken. De François Koepp rechent domat, datt dës Mesuren ee Mount en Place bleiwen.


D'Rahel Könen huet an engem Restaurant nogefrot, wéi sech an dëser Kris opgestallt gëtt

Lauschterenplay_arrow