Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En historeschen Accord"

Consistoire israélite ënnerschreift Accord mam Staat

"En historeschen Accord"

Wéi solle Judden, déi hei am Land gelieft hunn, respektiv hir Nokommen),fir dee materielle Schued entschiedegt ginn, deen hinnen am Kader vum Holocaust entstanen ass? Déi Fro ass 20 Joer laang diskutéiert ginn. Mee mat der Ënnerschrëft vun engem Accord hunn de Lëtzebuerger Staat an déi jiddesch Communautéit gëscht e Schluss-Stréch ënner déi Diskussioun gezunn.

auto_stories

3 min

De Lëtzebuerger Staat an de Consistoire israélite hunn de Mëttwoch en Accord ënnerschriwwen, an deem et ëm d'Unerkennung vu jiddeschem Leed an ëm eng Entschiedegung fir d'Spoliatioun vu jiddeschem Besëtztum wärend der Nazi-Zäit hei am Land geet. Och net-Lëtzebuerger Judden, déi ugangs de 40er Joren hei gelieft hunn, falen ënner deen Accord. Si ware bis ewell vun all Reparatiouns-Mesür ausgeschloss. 20 Joer huet et gedauert, bis esou en Accord zustane koum. D'Resultat wier "historesch", seet de François Moyse, de President vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah. E Schlussstréch kéint dat awer net sinn, well der Recherche ni en Enn géif gesat ginn.

"Et war kloer: Iergend eng Kéier muss een en Accord fannen. Et muss een natierlech kucken: Wann iergend en Ierwen e Bankkonto fënnt, dat geet natierlech un déi jeeweileg Famill. Mee generell ware mer averstane mat engem Accord collectif, well mer denken, dat kann net éiweg weidergoen. Déi Reconnaissance, déi Mesure de justice ass elo do."

De François Moyse, de President vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah huet vun engem "historeschen" Accord geschwat, dee Virbild kéint si fir aner Länner. "Mee esou e vollen Accord mat deene verschiddenste Mesuren, déi an d'Zukunft hiblécken - jo, dat ass eppes Neies", sou de François Moyse.

D'Responsabilitéit vum Lëtzebuerger Staat

Mee wat ass eigentlech d'Responsabilitéit vum Staat? Och wann et net de Lëtzebuerger Staat war, deen d'Leit geschiedegt huet, gouf et 1940 "eng gewëss Kollaboratioun" mat der Nazi-Verwaltung, sou de François Moyse.

"Am grousse Ganzen ass et ganz kloer, datt et d'Nazie waren. Mee wat ëmmer gesot hunn: Wat geschitt ass, dat Leed, dat ass net um Mound geschitt. Dat ass um occupéierten Territoire vu Lëtzebuerg geschitt. An dat muss een eng Kéier unerkennen. An dat ass elo geschitt."

Zesumme mam Staat an de Banken comtes dormants fannen

Am Accord, deen de Staat mam Conistoire israélite geschloss huet, géif och vu sougenannte "comptes dormanten" riets goen. Also Bankkonte vu Judden, op deenen zanter dem Krich keng Mouvementer méi waren, wou een also dovun ausgoe muss, dass d'Titulairen d'Shoah net iwwerlieft hunn. Ass iwwerhaapt sécher, datt déi Konten nach all existéieren? An datt och nach all d'Suen drop stinn, déi senger Zäit drop stoungen?

International Fuerschung hätt scho gewisen, datt et esou Konte géif ginn an dofir géif een elo zesumme mam Staat an de Banken probéieren, fir déi Konten ze fannen an d'Verméigen entweder un Ierwe virunzeginn oder d'Fongen notze fir Erënnerungs-Aarbecht ze leeschten.

D'Bankgeheimnis géif dat awer natierlech erschwéieren. Hien ass sech awer sécher, datt bannent de Banken "eng ganz Rei Saachen" gemaach gi sinn, fir d'Titulaire vun de Konten erëmzefannen.

D'Klouschter zu Cinqfontaines gëtt zu engem "centre éducatif et commémoratif"

Am Accord tëscht Regierung a Consistoire israélite, dee gëscht ënnerschriwwe gouf, ass ënner anerem virgesinn, datt de Staat d'Klouschter op der Pafemillen - also zu Fünfbrunnen oder Cinqfontaines - iwwerhëlt, fir doraus e "centre éducatif et commémoratif" ze maachen.

Vun där Plaz aus sinn tëscht Oktober 41 an Abrëll 1943 am ganze 674 Judden déportéiert ginn ë.a. op Auschwitz-Birkenau. D'Pafemillen ass dofir fir déi jüdesch Communautéit e wichtege lieu de mémoire, wéi de François Moyse, President vun der vun der Fondation pour la Mémoire de la Shoah erkläert.

Am Vertrag si wuel eng Rei finanziell Kompensatiounen an och aner Engagementer virgesinn. An der Haaptsaach géif et awer ëm eppes anescht goen, soten souwuel de Premier Xavier Bettel wéi och de François Moyse vum Consistoire israélite no der Signature:

"Cet accord n'effacera aucune souffrance, mais il rendra de la dignité. (...) Il n'est jamais trop tard. Mais je dois vous avouer que dans ce dossier il n'aura jamais été trop tôt. Et qu'il était temps."