Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neie Wunnmodell um Kierchbierg

Logement

En neie Wunnmodell um Kierchbierg

"Leit zesummebréngen, fir datt si hiren eegene Wunnraum gestalten". Op Initiativ vum Grupp ADHOC soll um Kierchbierg eng sougenannte Wunnengs-Baukooperativ entstoen. Mat dësem Bottom-Up-Prinzip soll bis Enn 2022 eng intergenerationell Communautéit an dat zukünftegt Gebai um Réimerwee plënneren.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / onkeybusinessimages

Déi zukünfteg Bewunner - déi sech an enger Kooperativ zesummendinn - solle selwer decidéieren, wéi si hire Wunnraum an hir Noperschaft gestalten. Den individuelle Wunnraum soll dobäi esou kleng wéi méiglech gehale ginn, fir datt de Gros vun der Fläch fir allgemeng Zwecker vun der Kooperativ genotzt ka ginn.

De Gedanke vum Profit huet hei keng Plaz, esou de Paul Matzet, Porte-parole vun ADHOC. De Wunnraum soll als wierkleche Wunnraum betruecht ginn an net méi, esou wéi dat hei am Land dacks de Fall wier, datt Wunnraum och als Investissement ugesi gëtt an e gewëssene Rendement mat sech géif bréngen. "Hei geet et dorëms Wunnraum ze schafen an dann dono de Wunnraum zu deem Präis, dee bezuelt ginn ass fir en ze schafen, erëm un d'Membere weiderzeginn."

Verschidde Generatioune sollen zesummeliewen

De Grupp u Bewunner soll sech generatiounsiwwergräifend zesummesetzen. Domat wéilt een duerch eng heterogen Altersstruktur déi eenzel altersgebonne Perspektiven an de Projet mat afléisse loossen. Eng Kandidatur fir déi verbleiwend Unitéite ka jiddweree stellen.

De Paul Matzet seet, datt een awer relativ éier géif mierken, wien an de Projet géif passen a wien net. "D'Leit mierken et och op eemol selwer, ob si an esou e Konzept erapassen oder net. Bis elo hu mir eigentlech keng Selektioun misste maachen. Dat huet sech alles vum selwe erginn." De Paul Matzet mengt awer, datt wann de Projet méi konkret gëtt, datt een dann och wahrscheinlech misst eng Auswiel maachen.

Eng Plaz fir de Commerce

Bei dëser Selektioun soll da virun allem drop geuecht ginn, datt keng Altersgrupp iwwerrepresentéiert ass. Nieft dem Wunnraum gëtt och Plaz fir de Commerce geschaaft. Domadder wéilt een de Projet no baussen hin opmaachen. An enger éischter Phas wéilt een dofir eng Aart Bistro-Restaurant dohinner maachen, fir datt d'Leit vu baussen dohinner kommen.

Weider wéilt een e Geméisgaart op den Daach vum Gebai maachen, wou "am Idealfall d'Geméis soll geplanzt ginn, wat am Restaurant benotzt gëtt." Dëse Geméisgaart sollt dann och op si fir d'Visiteure vum Restaurant. "Mir wëllen no baussen hin eng gewëssen Oppenheet schafen an esou och de Projet an de Quartier mat abannen."

D'nächst Joer soll mam Bau ugefaange ginn

D' Finanzéierung respektiv d'Käschte vum Projet goufe bis dato nach ausgeklamert. D'Iddi wier awer, d'Käschte fir déi eenzel Bewunner sou niddereg wéi méiglech ze halen an domat op aner Finanzéierungsweeër ze goen. Dat ganzt Konzept vum Grupp ADHOC gouf rezent komplett fäerdeg gestallt. Bis Enn des Joers soll d'Virplangung ofgeschloss sinn, esou de Paul Matzet.

D'nächst Joer wéilt een dann déi technesch Planung ugoen. "An déi soll am Idealfall mat der Viraarbecht, déi mir geleescht hunn, relativ séier ofgeschloss sinn, esou datt mir Mëtt 2020 kënnen ufänke mat bauen." Duerno géif ee mat ëmmerhin zwee Joer rechnen, bis datt et da fäerdeg wier, esou de Paul Matzet.

Juristesch: Neien Terrain

En Total vu 35 Wunnunitéite soll gebaut ginn. Well et dëse Modell zu Lëtzebuerg awer nach net gëtt, hätt ee sech bei der Planung juristesch an administrativ op neiem Terrain beweegt:

"Mir hunn iwwerall bei Null missten ufänken. Fir zum Beispill d'Statuten opzestellen hu mir mam David Hiez vun der Uni Lëtzebuerg zesummegeschafft, dee sech ganz vill mam Genossenschaftsrecht auserneegesat huet. Hien huet eis erkläert, wou mir do dru sinn, wat mir iwwerhaapt kënne maachen. Wat administrativ Hürden ubelaangt, musse mir soen: Och wann esou e Projet net existéiert, gouf et awer eng gewëssen Oppenheet bei ville Leit. Jiddwereen huet eis gelauschtert. Et fënnt och wierklech eng Zesummenaarbecht statt."

Den Terrain fir de Projet tëschent dem Boulevard Konrad Adenauer an der Allée des Poiriers gehéiert dem Fonds Kirchberg a soll als Bail emphytéotique iwwer 99 Joer vun der Genossenschaft gepacht ginn.