Komponéiert gouf deen neien Habillage sonore vum Museker a Produzent Chris Simon. Agespillt goufen d'Jingelen an d'Klangteppecher vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg ënner der Leedung vum Dirigent Gast Waltzing am Grousse Concertssall vun der Philharmonie. Ageschwat goufen d'Umoderatioune vun der Anne Georges, Station-Voice vum radio 100,7.
"Den neien Habillage ass am Prinzip en einfacht Motiv, dat opgrond vun dësem op eng flexibel Manéier duerch déi verschidde Stilrichtungen, déi um 100,7 vertruede sinn, duerchdeklinéiert ka ginn", erkläert de Komponist Chris Simon. "Dobäi war et eng vu mengen Haaptaufgaben dofir ze suergen, datt den Erëmerkennungswäert net verluer geet".
Och wann e bedeitenden Deel vum Kompositiouns-Prozess digital opbereet a verschafft gouf, louch e grousse Fokus dorop fir en authentesche Sound ze bidden. Ronn 50 Museker, déi vum Gast Waltzing dirigéiert goufen, hunn zu den opulent-cineastesche Kläng bäigedroen. "Wa richteg Instrumenter mat dobäi kommen a Mënschen mat am Spill sinn, da bréngt dat deem ganze Projet eppes Lieweges", seet de Gast Waltzing.
Mir hunn de Kreatiouns-Prozess - vun der Kompositioun iwwer d'Recording Sessions an der Philharmonie bis d'Programmatioun bei eis um Radio - an engem Documentaire festgehalen.
Fannt hei d'Interviewe mam Chris Simon (Komponist), Gast Waltzing (Dirigent), Stephan Gehmacher (Direkter Philharmonie), Yann Logelin (fréiere Programmchef), an Anne Georges (Station-Voice).