Radioen

On air

De Moien  |  Editioun vun 8h15

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neien Ulaf fir d'Landesplanung

Programme directeur a sektoriell Pläng

En neien Ulaf fir d'Landesplanung

Wéi soll Lëtzebuerg sech mëttel- a laangfristeg entwéckelen? Déi blo-rout-gréng Regierung hëlt en neien Ulaf fir de Logement, d'Gréngzonen, den Transport an d'ekonomesch Aktivitéitszone méi kohärent ze plangen. Nodeems den éischte Versuch wéinst ze ville juristeschen Onkloerheete gescheitert ass, setzt de Minister François Bausch des Kéier op "eng breet Debatt" an op eng aner Approche bei de legalen Instrumenter. De ganze Prozess wäert eréischt no de Chamberwahle vun 2018 kënnen ofgeschloss ginn.

auto_stories

3 min

François Bausch (Archiv)

De François Bausch wëllt d'Fro opwerfen, wéi ee Wuesstem et an de verschiddene Regioune vum Land soll ginn. Dofir wëll hien, datt den neie Programme directeur vun der Landesplanung, deen d'Richtlinne virgëtt, iwwert eng Period vun zwee Joer zesumme mat de Bierger duerchdiskutéieren. Dee Prozess soll vun enger jonker Start-Up-Firma begleet ginn, déi sech op den Encadrement vun enger méi breeder Participatioun vum Public spezialiséiert huet. Uganks Abrëll gëtt déi nei Method virgestallt, duerno kënnen d'Diskussiounen uechtert d'Land ufänken. Dem François Bausch senge Virstellungen no gëtt déi Diskussioun am Fréijoer 2019 ofgeschloss.

An den Diskussiounen iwwert de Programme directeur geet et iwwregens net ëm d'Fro, wat mat den eenzelen Terraine geschitt, mee ëm Richtlinnen, wéi déi verschidde Regioune solle wuessen. Et wier eng komplizéiert Diskussioun, awer et wier déi, déi jidderee gären hätt, sou den François Bausch. "Ech héiere riets a lénks verschidde Buergermeeschtere vu verschiddene politesche Parteien iwwert de Wuesstem diskutéieren. An der Diskussioun muss ee kucken, a wéi wäit déi Buergermeeschtere bei der Staang bleiwen." Perséinlech ass de François Bausch der Meenung, datt d'Leit a ville Regioune vum Land dee Wuesstem guer net wéilten.

Well d'Regierung mat hirem Versuch gescheitert war, déi véier sektoriell Pläng iwwert den Transport, de Logement, d'Gréngzonen an d'Aktivitéitszonen ëmzesetzen, huet si elo vill Detailer aus deene sektorielle Pläng erausgeholl an an de Programme directeur gesat.

Nei sektoriell Pläng si quasi prett

Am November 2014 gouf d'Prozedur vun de sektorielle Pläng wéinst juristeschen Onkloerheete gestoppt. An de leschte Méint si se iwwerschafft ginn. Am Abrëll dëst Joer soll d'Prozedur vun der strategescher Ëmweltpréiwung ofgeschloss ginn, duerno ginn déi nei Pläng vum Regierungsrot ënnert d'Lupp geholl.

Ier d'Consultatiounsphas ka lancéiert ginn, muss dat neit Landesplanungsgesetz a Kraaft trieden. De François Bausch rechent an den nächste Woche mam Avis vum Staatsrot. Hien hofft, datt d'Chamber am Hierscht driwwer kann ofstëmmen. Eréischt dono fänkt d'Consultatiounsphase vun de sektorielle Pläng nees un.

Am Landesplanungs-Gesetz vun 2013 goufen et juristesch Onkloerheeten, déi dozou gefouert haten, datt d'Prozedur vun de sektorielle Pläng huet misste gestoppt ginn. D'Gesetz gouf komplett iwwerschafft.

Dialog mat all eenzelem Bierger

D'Consultatiounsprozedur u sech dierft méi einfach ginn, mengt de François Bausch. Den Nohaltegkeetsministère huet nämlech beim Ausschaffe vun de Pläng d'Avise vun de Gemenge mat integréiert. Donieft goufe ganz vill Detailer aus de Pläng erausgeholl, déi elo am Programme directeur präziséiert ginn.

Vill Ännerunge ginn et dem François Bausch no am "Plan sectoriel Logement": D'Regierung setzt virun allem op Projeten op den Industriebroochen uechter d'Land. Ee Beispill ass déi vu Wolz, ee Projet dee viru Kuerzem presentéiert gouf. Do derbäi kommen d'"Projets d'envergure" um Kierchbierg, a Bauprojeten, déi schonn an de Gemenge virgesi sinn. Fir de François Bausch wier et dës Kéier wichteg, eng Bottom-up-Prozedur anzesetzen, dat heescht vun ënnen no uewen.

Déi éischt Versioun vun de sektorielle Pläng ware vun der viregter CSV-LSAP Regierung lancéiert ginn. Deemools wier alles vun uewen erof diskutéiert an decidéiert ginn, esou de François Bausch. Déi nei sektoriell Pläng wieren zesumme mam Syvicol ausgeschafft ginn. E Vertrieder vum Gemengesyndikat hëlt un den Aarbechten vum Comité "interplans" deel, deen d'Koordinatioun vun de Pläng assuréiert.

D'Problematik vum Proprietéitsrecht am Fall vun engem Ëmklasséiere vun Terraine géif sech am sektorielle Plang Logement net stellen, sou de François Bausch. Et wieren nëmmen Terrainen an d'Pläng opgeholl ginn, déi schonn am Bauperimeter leien.