Et wier schwéier, déi kulturell Ënnerscheeder op gemeinsam Prioritéiten zesummenzebréngen, seet de President vum CNE, Franco Avena.
De CNE wéilt sech weider fir eng méi héich politesch Participatioun vun den Net-Lëtzebuerger hei am Land asetzen. Op Gemengeniveau missten d'Auslännner besser informéiert ginn. D'Wahlrecht um nationale Niveau wier awer net onbedéngt eng Prioritéit fir vill Betraffener, sou d'Vize-Presidentin vum CNE, Claire Geier-Courquin.
Gemeinschaftsgefill opbauen
Auslännesch Matbierger wéilte sech virop emol installéieren an hire soziale Reseau opbauen. Dat wier och normal: Fir d'éischt misst ee mol an engem Land ukommen, ier een um soziale Liewen deelhëlt. Dat bräicht Zäit an all Mënsch wier doran ënnerschiddlech. D'Membere vum CNE hätte ganz ënnerschiddlech Originnen, dofir misst ee fir d'éischt eng Zort Gemeinschaftsgefill opbauen.
Et géif e Manktem u Kommunikatioun tëscht kommunalen Acteuren, wéi zum Beispill enger kommunaler Integratiounskommissioun an nationalen Instanzen. Dat wier net nëmme wichteg fir de CNE, mä och fir en Austausch mat der nationaler Politik, sou d'Claire Geier. D'Populatioun zu Lëtzebuerg wier heterogen an dofir kéint esou een Austausch fir eng besser sozial Kohesioun suergen.