Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Yannis and The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Taifun zu Tokyo

Olympesch Spiller

En Taifun zu Tokyo

Den Taifun Nepartak ass hënt an der Nuecht zu Tokyo ukomm a bréngt vill Reen, mee glécklecherweis net ze vill Wand mat sech. En Impakt wäert en awer op d'Olympesch Spiller hunn: fir d'Surfer bedeit en zwar méi héich Wellen, mee soss sinn dat keng gutt Noriichten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Bouschéisse ka bei deem Wieder net stattfannen, genee wéi d'Rudderen. Och aner Sportaarte wäerte betraff sinn. No der extremer Hëtzt, déi villen Athleten ze schafe gemaach huet, weist Tokyo elo säin anert Gesiicht.

De Coronavirus ass present

Och de Coronavirus bleift eng Konstant bei den Olympesche Spiller. Et ginn zwar weider Neiinfektiounen, et gesäit awer net esou aus, wéi d'Arrivée vun Dausende vun Athleten, Offizieller a Journalisten dofir gesuergt hätt, datt d'Zuele vill an d'Luucht ginn.

D'Olympesch ouni Spectateur gi weider, wéi zum Beispill bei der neier Disziplin vun dräi géint dräi am Basket. Hei huet en DJ Musek opgeluecht, fir keen. De Fan Park steet ass just nieft der Arena, ass awer ganz eidel. Och de Fan shop bannendra steet eidel.

Neiegkeete gëtt et vun de Medailen-Zeremonien: do dierfen déi Sportler, déi et op de Podium gepackt hunn, vun elo u kuerz d'Mask fir d'Foto ausdoen. Ëmäermele soll ee sech net, dorunner huet den Internationalen Olympesche Kommitee nach eng Kéier erënnert.

De jéngste Podium an der Geschicht

D'Medaile leeën d'Sportler sech selwer ëm, esou och d'Nishiya Momiji. D'Japanerin huet am neiste Sport, dem Skateboarding, géint hier brasilianesch Konkurrentin an eng weider Japanerin gewonnen.

Gold goung un dat 13-järegt, Sëlwer un déi nach méi jonk Brasilianerin, a Bronze un eng Teenagerin vu 16 Joer. Et ass dee jéngste Podium an der Geschicht vun Olympia.

Dräi Lëtzebuerger hunn nach Kompetitioune viru sech

Zu Tokyo war e Méinden nees e Lëtzebuerger Athlet am Asaz. Am Triathlon ass de Stefan Zachäus op déi 44. Plaz vu 51, déi gestart sinn, komm, dëst no engem spannenden Ugrëff vun him um Vëlo.

Just d'Schwëmmer Raphael Stacchiotti a Julie Meynen, an am Bouschéissen de Jeff Henckels, hunn hir Competitiounen nach virun sech.