Radioen

On air

Kultur um 5  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Zivilist trainéiert zu Kiew fir de Krich

Portrait

En Zivilist trainéiert zu Kiew fir de Krich

Ëmmer méi russesch Truppen, Panzer, Kampffliger, an all anert Material, dat fir eng Invasioun néideg wier, kënnt op de Grenze vun der Ukrain un. Et gëtt weiderhi gefaart, datt et zu enger bluddeger Offensiv kéint kommen. Déi ukrainesch Arméi bereet sech vir, mat Waffen, déi zum Deel vun NATO-Memberlänner geschéckt goufen. Amerikanesch Zaldoten, ënner aneren, sinn amgaang d'Arméi op e Kampf virzebereeden. Mee och Zivilisten am Land bereede sech vir. Eise Korrespondent Philip Crowther huet ee vun de Membere vun der sougenannter territorialer Defense zu Kiew getraff.

auto_stories

3 min

Mir treffen eis an engem vun de ville Caféen zu Kiew déi waarme Schocki aus Lviv am Westen zerwéieren.

De Yehor Soboliev äntwert op d'Fro wéi hie sech villt, ob hien Angscht huet, mat engem Saz deen den Etat d'esprit hei warscheinlech am Beschte resuméiert.

"Vill Ukrainer sinn elo Buddhisten. Mir liewen Dag zu Dag, Owend zu Owend, ech free mech hei iwwert mäi Schocki, méi brauche mir den Ament net, kee weess wat dee nächsten Owend oder Moie bréngt. Psychologesch soen ech mir all Dag, datt ech bereet muss si fir all méiglechen Zeenerien. Mir musse prett si fir e Befeel fir vläicht am Bësch ze kämpfen, an enger Stad, mir musse prett sinn. Ech si ganz sécher besser virbereet wéi virdrun."

De Yehor Soboliev mat senger Taass Schocki

De Yehor Soboliev ass 44 Joer al, Software-Ingenieur, mee virdru Journalist, dunn Aktivist wärend der Revolutioun 2014, duerno Member vum ukrainesche Parlament, responsabel am Kampf géint d'Korruptioun.

Elo ass hien zënter dem Fréijoer al Samschden am Militär-Training fir d'Zivilisten. Ëmmer vu moies 9 bis 5 Auer owes, bis et däischter gëtt.

D'Zaldote vun der territorialer Defense wieren haaptsächlech Männer iwwer 40 Joer. Déi meescht hätten Aarbechtsplazen a Famillen. "Mäi Kommandant ass en Architekt, een aneren ass Journalist. E gudde Kolleeg vu mir an der Unitéit ass de Proprietär vun engem Café. Mir sinn a menger Unitéit e Grupp tëscht 50 a 60 Léit."

Et feelt u Waffen

Si trainéieren am Eescht: Taktike fir kleng Infanterie-Gruppen, Traininge fir de Kampf a Gebaier, am Fall wou si iwwerfall sollte ginn, Medezin an éischt Hëllef léiere si och.

Si kënne vun der Arméi rekrutéiert ginn, am Noutfall, well si besser virbereet si wéi anerer. Zenarien déi de Yehor Soboliev sech virstellt wiere kritesch Infrastruktur ze beschützen, oder am schlëmmste Fall an de Stroosse vun enger Groussstad géint russesch Zaldoten ze kämpfen. Dofir brauch een dee meeschten Training, seet hien.

Mee et feelt u Waffen. A sengem System an an der professioneller Arméi dierft ee keng Waffen hunn. Dat wier e Feeler aus sowjeteschen Zäiten, wou d'Regierung der eegener Arméi net getraut huet, seet de Yehor Soboliev. "Theoretesch däerfe mir Waffen hunn mee mir trainéiere mat Waffe-Kopien aus Kartong. Mee ech krut elo d'Autorisatioun fir als Zivilist eng Waff ze kafen an ech gi mir muer eng kafen."

Eng Fro vu Verantwortung iwwerhuelen

Et gëtt gesot datt zengdausenden Zivilisten hei an der Ukrain trainéiert ginn, mee et ass schwéier dat ze confirméieren. Et sinn eng Rei verschidden Organisatiounen déi dës Trainingen organiséieren, och politesch Parteien.

Schonn zënter dem Fréijoer ass de Yehor Soboliev am Militär-Training, wéinst dem Putin, seet hien. Och deemools hat hie bal 100.000 Truppen op d'Grenz geschéckt, wéi elo. De Yehor seet hie wëllt prett si fir "de grousse Krich". Seng Famill ënnerstëtzt hien a si verstinn, datt dat seng Responsabilitéit ass.

Wéi déi aner Dausenden Zivilisten, déi sech fir dat Schlëmmst virbereeden, seet hien datt d'Ukrainer e staarkt Land baue wëllen, mat enger gudder Demokratie mee och enger gudder Defense. Si hoffen datt si ni gebraucht ginn.