Radioen

On air

Al Schanken  |  Sue Foley - The Lucky Ones Feat. Jimmie Vaughan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Energiepräis-Brems": Wéi gëtt se konkret ëmgesat?

Tripartite-Accord

"Energiepräis-Brems": Wéi gëtt se konkret ëmgesat?

De Gaspräis gëtt also gedeckelt an de Stroumpräis agefruer. Dat sinn déi zwee zentral Punkten aus dem Tripartite-Accord vum Dënschdeg. Wéi gëtt déi Decisioun ëmgesat a wat bedeit se fir de Konsument?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Gas-Fournisseuren hate fir den 1. Oktober eng zolidd Augmentatioun vun hiren Tariffer ugekënnegt. Bei Südenergie zum Beispill war d'lescht Woch nach vun enger Verdueblung vun den Avancen rieds. Ma déi kënnt elo net: "Mir wäerten der Decisioun vun der Tripartite Rechnung droen", sot eis de Sudenergie-Direkter Alain Fürpass de Mëttwoch de Moien op Nofro hin. Ouni an den Detail ze goen, well och hien nach op Prezisiounen aus dem Energieministère waart.

D'Reegelung beim Gaspräis

Vun do war awer scho gewuer ze ginn, wéi d'Deckelung vum Gaspräis konkret ëmgesat gëtt: Enn September wäert op der Basis vun den ënnerschiddlechen Tariffer, déi déi verschiddene Fournisseure facturéieren, en Duerchschnëttspräis ausgerechent ginn. Déi éischt 15 Prozent, déi dee Präis nom éischten Oktober klëmmt, muss de Konsument selwer droen. Alles wat iwwer déi 15 Prozent erausgeet, iwwerhëlt de Staat. Also d'Allgemengheet. D'Fournisseure kréien d'Differenz dee Moment mat Steiersue bezuelt. Déi Reegel gëllt bis Enn 2023 - wann den Tripartite-Accord ëmgesat ass.

D'Reegelung beim Stroumpräis

Grad esou laangs soll de Stroumpräis net just gedeckelt, mee carrement agefruer ginn, an zwar um Stand vun haut. Do brauch de Client mëttelfristeg also guer keng Präishausse méi ze fäerten. D'Elektrëscht bleift déi nächst 15 Méint esou deier wéi et haut ass.